26. Mäerz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 26. Mäerz ass de 85. Dag vum Joer (86. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Feb – Mäerz – Abr | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1616: De William Baffin fängt seng fënneft Entdeckungsrees um Schëff Discovery un.
- 1791: De Meter - deemools definéiert als den 10.000.000sten Deel vun engem Véirel vum Äerdmeridian - gëtt zu Paräis als universellt Längtemooss agefouert.
- 1939: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Déifferdeng 2:1 géint Däitschland. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[1]
- 1948: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu London 1:2 géint England. [2] De Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss. [3]
- 1969: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 0:4 géint Holland.[4]
- 1971: Bangladesch gëtt vu Pakistan onofhängeg.
- 1976: Militärputsch an Argentinien.
- 1980: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 0:1 géint Uruguay.[5]
- 1995: D'Schengener Ofkommes trëtt a siwen EU-Memberstaaten, dorënner Lëtzebuerg, a Kraaft.
- 2000: D'Schengener Ofkommes trëtt och a Griicheland a Kraaft.
- 2008: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Wales.[6]
[änneren] Gebuer
- 1516: Conrad Gesner, Schwäizer Polyhistor, Dokter an Naturfuerscher.
- 1799: Jean-Pierre Brimmeyr, lëtzebuergeschen Apdikter, Politiker, Historiker an Naturwëssenschaftler.
- 1891: Jean Jacoby, lëtzebuergesche Moler.
- 1908: Franz Stangl, éisträicheschen Nationalsozialist.
- 1911: Tennessee Williams, US-amerikaneschen Theaterschrëftsteller.
- 1913: Victor Majerus, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1916: Sterling Hayden, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1931: Leonard Nimoy, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Filmproduzent.
- 1935: Mahmud Abbas, palästinensesche President.
- 1939: James Caan, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1941: Richard Dawkins, briteschen Naturwëssenschaftler.
- 1942: Fred Junck, Grënner an Direkter vun der Cinemathèque vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1945: Joseph Schaack, Lëtzebuerger Gewerkschaftler a Politiker.
- 1947: Jean Huss, lëtzebuergesche Politiker.
- 1949: Patrick Süskind, däitsche Schrëftsteller.
- 1970: Alberto David, lëtzebuergesche Schachspiller.
- 1985: Keira Knightley, englesch Schauspillerin.
[änneren] Gestuerwen
- 1797: James Hutton, schottesche Geolog.
- 1814: Joseph-Ignace Guillotin, franséischen Dokter a Politiker.
- 1827: Ludwig van Beethoven, däitsche Komponist.
- 1838: Marie Frédéric Henri Christiani, franséischen Historiker, Jurist, Deputéierten a Staatsbeamten.
- 1877: Carl Bremiker, däitschen Astronom a Geodet.
- 1892: Walt Whitman, US-amerikaneschen Dichter a Journalist.
- 1910: Auguste Charlois, franséischen Astronom.
- 1923: Sarah Bernhardt, franséisch Theater- a Filmschauspillerin.
- 1945: David Lloyd George, britesche Regierungschef.
- 1959: Raymond Chandler, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1963: Jean Bruce, franséischen Auteur.
- 1993: Willi Schäferdiek, däitsche Schrëftsteller
- 2000: Enzo Giacchero, italieneschen Diplomat a Politiker.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 26. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland de 26. Mäerz 1939 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch England-Lëtzebuerg de 26. Mäerz 1948 um Site European Football
- ↑ Artikel am Wort iwwer de Foussballmatch England-Lëtzebuerg vum 26. Mäerz 1948
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 26. Mäerz 1969 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Uruguay de 26. Mäerz 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wales de 26. Mäerz 2008 um Site European Football.info