Joseph Schaack (1945)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Gewerkschaftler Joseph Schaack. Fir Persoune mat deemselwechten Numm, kuckt w.e.g. Joseph Schaack. |
De Joseph Schaack, gebuer de 26. Mäerz 1945 an der Stad Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Politiker a Gewerkschaftler.
De Joseph Schaack gëtt mat 21 Joer Redakter - an der Steierverwaltung.
1975 fänkt hien un, sech an der Beamte-Gewerkschaft CGFP z'engagéieren, wou en 1995 Member vum Executivcomité gëtt. Och op europäeschem Plang ass hien an der Gewerkschaftsbewegung aktiv. Hie gëtt 1981 Comitésmember vun der Union du Personnel des Finances en Europe, 1993 Generalsekretär an 1996 President dovunner.
1999 kandidéiert de Joseph Schaack op der Lëscht vun der DP fir d'Chamberwalen. No de Wale gëtt hie Staatssekretär fir d'Fonction publique a fir d'Verwaltungsreform an der Regierung Juncker-Polfer (bis 2004).
Vum 1. November 2004 a bis de 4. Februar 2008[1] war de Joseph Schaack Direkter vun der Douanes- an Akziseverwaltung.
De Joseph Schaack ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.
Gielercher[änneren]
- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2000)[2]