10. Mäerz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 10. Mäerz ass den 69. Dag (70. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Feb – Mäerz – Abr | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- -241: D'Réimer versenken d'karthagesch Flott; Enn vum 1. Punesche Krich.
- 1629: De Kinnek Charles I. léist d'englescht Parlament op.
- 1791: Frankräich: De Poopst Pius VI. veruerteelt d'Zivilverfaassung vum Klerus.
- 1814: Den Napoleon gëtt an der Schluecht vu Laon geschloen.
- 1831 : D'franséisch Friemelegioun gëtt vum Louis Philippe gegrëndt.
- 1893: D'Côte d'Ivoire gëtt eng franséisch Kolonie.
- 1911: Frankräich féiert déi a ganz Westeuropa gëlteg Greenwich Mean Time (GMT) Zäit an.
- 1902: D'Bure gewannen déi lescht Schluecht vum südafrikanesche Burekrich.
- 1936: D'Stater Maternité gëtt ageweit.
- 1951: Den Henri Queuille gëtt Premierminister vu Frankräich.
- 1952: De Fulgencio Batista putscht sech a Kuba un d'Muecht.
- 1966: D'Hollännesch Krounpinzessin Beatrix bestuedt de Claus von Amsberg.
- 1987: Den Charles Haughey gëtt Premierminister vun Irland.
- 1995: De Konstantinos Stefanopoulos gëtt griichesche Staatspresident.
- 2004: De Kostas Karamanlis gëtt griichesche Ministerpresident.
Sport [änneren]
- 1940: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 3:4 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp (2) a Paul Feller geschoss.[1]
- 1946: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:6 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Edy Lahure a Paul Feller geschoss.[2]
- 1957: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Berlin 0:3 géint DDR.[3]
- 1970: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Eindhoven 0:3 géint Holland.[4]
- 1999: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Marcel Christophe geschoss.[5]
Gebuer [änneren]
- 1452: Ferdinand II. vun Aragón, "de Kathouleschen", Kinnek vun Aragon, Sizilien an Neapel.
- 1772: Friedrich Schlegel, däitsche Philosoph a Schrëftsteller.
- 1810: Auguste-Boniface Ghiesbreght, belsche Botaniker.
- 1852: Richard Anschütz, däitsche Chemiker.
- 1870: Eugène Michel Antoniadi, griicheschen Astronom.
- 1892: Arthur Honegger, franséisch-Schwäizer Komponist.
- 1910: Albert Gricius, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1919: Jean Lefebvre, franséische Schauspiller.
- 1920: Boris Vian, franséische Schrëftsteller, Ingenieur, Jazztrompetist, Chansonnier, Schauspiller.
- 1925: Manolis Anagnostakis, griicheschen Dichter.
- 1927: Paul Wunderlich, däitsche Moler a Graphiker.
- 1928: Sara Montiel, spuenesch Schauspillerin.
- 1930: Michel Braun, lëtzebuergesche Schéisser.
- 1936: Johanna Lüttge, (ost)däitsch Athletin.
- 1938: Marina Vlady, franséisch Schauspillerin.
- 1939: Charles-Marie Ternes, docteur en philosophie et lettres, Professer am Lycée Robert-Schuman.
- 1945: Pierre Seck, lëtzebuergesche Chemiker a Chimiesprofesser.
- 1956: Gérard Claude, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 1957: Osama Bin Laden, Chef vum Terroriste-Reseau Al-Kaida.
- 1958: Sharon Stone, US-amerikanesch Filmschauspillerin
- 1961: Gérard Jeitz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen [änneren]
- 1832: Muzio Clementi, italienesche Komponist.
- 1892: Nicolas Breisdorff, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Politiker a Journalist.
- 1937: Corneille Lentz, lëtzebuergesche Moler an Olympionik.
- 1965: Jean Boyer, franséische Regisseur.
- 1973: Robert Siodmak, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1985: Konstantin Ustinowitsch Tschernenko, sowjetesche Politiker.
- 1998: Lloyd Bridges, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2004: Paul Oster, lëtzebuergeschen Auteur an Dëschtennisspiller.
- 2006: Jim Hoffstetter, lëtzebuergesche Foussballspiller a Sportsjournalist.
- 2012: Jean Giraud ( Mœbius), franséische BD-Auteur.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 10. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 10. Mäerz 1940 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland den 10. Mäerz 1946 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch DDR-Lëtzebuerg den 10. Mäerz 1957 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 10. Mäerz 1970 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Island den 10. Mäerz 1999 um Site European Football.info