Eugène Michel Antoniadi

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Eugène Michel Antoniadi

Den Eugène Michel Antoniadi, op Griichesch Ευγένιος Μιχαήλ Αντωνιάδης, gebuer den 10. Mäerz 1870 zu Konstantinopel, a gestuerwen den 10. Februar 1944 zu Paräis, och Eugène Michael Antoniadi oder Eugenios Antoniadi genannt, war een an der Tierkei gebuerene griicheschen Astronom, deen déi meescht Zäit vu sengem Liewen a Frankräich verbruecht hat.

Den Antoniadi huet d'Planéiten observéiert, besonnesch de Mars. Am Ufank huet hien och u Marskanäl gegleeft. Wéi en awer während der Marsoppositioun vun 1909 Observatioune mat dem 83-cm-Refrakter vum Paräisser Meudon-Observatoire duerchgefouert hat, koum hien allerdéngs zum Schluss, datt et sech bei de Kanäl ëm eng optesch Täuschung handele muss. Unhand vu sengen Observatioune huet hien detailléiert Marskaarten zesummegestallt.

Ausserdeem huet den Antoniadi eng Kaart vum Planéit Merkur opgestallt, déi opgrond vun de schwieregen Observatiounsméiglechkeete vum Planéit, mat Teleskopen, nach ganz ongenee war an 1934 publizéiert gouf. Allerdéngs hat hien ugeholl, datt de Merkur eng gebonne Rotatioun vun 1:1 beim Ëmlaf ëm d'Sonn opweist. Fir d'Nomenklatur vun den Albedokennzeeche orientéiert hie sech un der Mythologie ëm de Gott Hermes. D'Bezeechnungen huet den Audouin Dollfus a senger Kaart vun 1972 iwwerholl.

Bei der Observatioun vum Saturn huet hie radial, speechenaarteg Strukturen an de Saturnréng festgestallt. Déi goufe vun de meeschten Astronomen als optesch Täuschung gesinn. Eréischt 1981 gouf d'Existenz vu Speechen duerch Fotoe vun der Raumsond Voyager 1 bestätegt.

Fir d'Bewäertung vum Seeing huet hien eng fënnefdeeleg Skala („Antoniadi-Skala“) agefouert.

Zu sengen Éiere goufen en Impaktkrater um Äerdmound an um Mars no him genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie