Aschlagkrater

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

En Aschlagkrater, och Impaktkrater genannt, ass e meeschtens bal kreesfërmege Becken op der Uewerfläch vun engem äerdähnleche Planéit oder engem ähnlech festen Himmelskierper, deen duerch den Aschlag – den Impakt – vun engem anere Kierper wéi z. B. engem Asteroid oder engem grousse Meteoroid entsteet. No de fonnte Reschter, de Meteoriten, schwätzt een och vun engem Meteorittekrater.[1][2][3]

Fir Aschlagkrateren op der Äerd hat den US-amerikanesche Geophysiker Robert S. Dietz 1960 d'Bezeechnung Astroblem („Stärewonn“) virgeschloen, déi sech am Däitschen, deelweis awer och am franséischen Astroblème (zum Beispill Astroblème de Rochechouart-Chassenon) agebiergert hat.

De Gosses-Bluff-Krater an Australien

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

All Himmelskierper vum Sonnesystem mat fester Uewerfläch huet Krateren. Den Äerdmound ass iwwerséit vun Aschlagkrateren. Op der Äerd, wou d'Uewerfläch stännege Verännerungen duerch Erosioun, Sedimentatioun a geologesch Aktivitéiten ausgesat ass, loosse sech d'Aschlagkrateren net sou liicht erkenne wéi op verschidden aneren Himmelskierperen. En extremt Beispill dofir ass den Io, en äerdmoundgrousse Satellit vum Jupiter, deem seng Uewerfläch duerch grouss Gezäitekräfte vun aktivem Vulkanismus geformt ass an doduerch sou gutt wéi keng Aschlagkrateren huet.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Entwécklung vun engem Krater mat zentraler Rankstruktur
Ries Impact 1 de.png
Ries Impact 2.png
Ries Impact 3.png
Ries Impact 4.png
Ries Impact 5 de.png
Simulatioun vun engem Aschlag am Laboratoire

Ganz kleng Meteoroitten, déi op d'Äerd treffen, vergléien oder zerplatzen an der Atmosphär. Gréisser Objete mat der Mass vun e puer Tonne gi vum Loftwidderstand ofgebremst. Dës Objeten erreeche mat Vitesse vu 10 bis 70 Kilometer pro Sekonn d'Äerduewerfläch. Dobäi ginn dës Aschléi als Héichgeschwindegkeetsaschléi bezeechent. Beim Opprall kënne se bis zu enger Déift vun 100 m an de Buedem andréngen. Well d'kinetesch Energie dobäi a Sekonnebrochdeeler an thermesch Energie ëmgewandelt gëtt, kënnt et zu enger Explosioun. Dat ëmleiend Material gëtt dann ewechgesprengt an et entsteet, onofhängeg vum Aschlagwénkel, gläich engem Explosiounskrater eng kreesronn Dällt, wou un de Ränner dat erausgeworfend Material e Rampli formt. Ronderëm de Krater flitt dat erausgeheite Material, déi sougenannt Ejekta. Dës Ejekta kënne Sekundärkrateren ëm de primäre Krater formen.

Kleng Krateren hunn am Allgemengen eng schosselaarteg Form a ginn als einfache Krater bezeechent. Vun enger bestëmmter Gréisst un, déi mat der Gravitatioun um jeeweilegen Himmelskierper ofhëllt an ausserdeem vum Zilgesteng ofhänkt, entstinn komplex Krateren. Op dem Mound läit dëse Grenzduerchmiesser bei 15 bis 20 km, op der Äerd bei 2 bis 4 km. Mat zouhuelendem Duerchmiesser vum Krater forme sech fir d'éischt en Zentralbierg, deen dann zu der zentraler Rankstruktur gëtt, dann entsteet eng Multirankstruktur. Dës kann als Bannerank am Grenzfall och ëmmer en Zentralbierg enthalen. D'Ursaach ass dat Zréckfiedere vum Kraterbuedem, dat ufanks en Zentralbierg an der Kratermëtt formt an dat uschléissend Kollabéiere vun dësem instabilen déiwe Primärkrater. Dëst geschitt a wéinege Minutten nom Aschlag am Beräich vun der schonn zerstéierter Kraterëmgéigend. De Kraterduerchmiesser vergréissert sech dann nach méi.

Verschidde Moundkratere weisen och terrassenaaarteg Ofsenkungen, déi wéi bei engem Abrochbecken duerch allmählecht Noginn vun der Gestengskuuscht entstinn.

Grouss a bekannt Aschlagkrateren[änneren | Quelltext änneren]

Krateren op der Äerd[änneren | Quelltext änneren]

De Manicouagan-Krater a Kanada
De Barringer-Krater am Arizona, USA

Op der Äerd sinn nieft ville klengen Aschlagkrateren iwwer 100 Objete mat engem Duerchmiesser vu 5 bis 200 km entdeckt ginn. Allerdéngs trëfft d'Bezeechnung Krater fir vill vun den opgezielte Strukturen net méi zou, well den eigentleche Krater duerch Erosioun längst ofgedroe gouf (Beispill Vredefort-Krater) oder komplett vu méi jonke Sedimenter iwwerdeckt gouf (Beispill Chicxulub-Krater). Et schwätzt een dann allgemeng vun enger Impaktstruktur.

  • De gréisste verifizéierten Aschlagkrater op der Äerd ass de Vredefort-Krater no bei de Witwatersrand-Bierger bei Vredefort a Südafrika. Den Aschlag vun engem Himmelskierper formt do no verschiddenen Daten (virun 2 bis 3,4 Milliarde Joer) ee bis 320 km laangen an 180 km breede Krater, vun deem allerdéngs nëmmen nach ee bis zu 50 km grousse Rescht bliwwen ass.
  • E weidere groussen Aschlagkrater ass d'Sudbury-Becken am Ontario (Kanada), dat ongeféier 200 bis 250 km Duerchmiesser huet a geschaten 1,85 Milliarde Joer al ass.
  • De Chicxulub-Krater am Yucatán (Mexiko) huet ronn 200 km Duerchmiesser. Dësen Aschlag war viru 65 Millioune Joer a soll duerch global Tsunamien, Bëschbränn an déi doraus resultéierend Verstëbsung vun der Atmosphär, d'Dinosaurier a vill aner Spezieën ausgeläscht hunn.
  • De Manicouagan-Krater am Québec (Kanada) war duerch den Aschlag vun engem Himmelskierper viru ronn 214 Millioune Joer entstanen. Vum ufanks ronn 100 km Duerchmiesser sinn duerch Sedimentoflagerungen an Erosioun nëmmen nach 72 km bliwwen.
  • Ähnlech grouss wéi de Manicougan-Krater ass de Popigai-Krater an Nordsibirien, dee bei engem Alter vu ronn 35 Millioune Joer och en Duerchmiesser vu ronn 100 Kilometer opweist.
  • De Siljan-Krater a Schweden, dee viru ronn 360 Millioune Joer entstane war, ass mat ronn 50 km Duerchmiesser dee gréissten Aschlagskrater an Europa.
  • Zwéi Aschlagkrateren an Däitschland sinn d'Nördlinger Ries a Bayern, dat ongeféier 24 km Duerchmiesser huet a virun zirka 14,6 Millioune Joer entstanen ass, an d'Steinheimer Becken a Baden-Württemberg.[4] Béid Krateren hunn en Zentralbierg. Et geet een dovun aus, datt déi béid Krateren zur selwechter Zäit entstane sinn, vielläicht souguer duerch dat gläicht Evenement.
  • De bekannte Barringer-Krater, dee viru nëmme ronn 50.000 Joren entstanen ass, nëmmen 1,5 km Duerchmiesser huet an awer bis 170 m déif ass, läit an der Wüst am Arizona (USA). Wéinst der gerspäerlecheringen Erosioun ass den Zoustand gutt erhalen. Et ass en typeschen einfache Krater ouni Zentralbierg.
  • De Silverpit-Krater gouf 2001 an der Nordséi entdeckt a weist – obschonn nëmmen 2,4 Kilometer grouss – eng Kraterstruktur aus konzentresche Réng op. Den Aschlag gëtt op 65 Millioune Joer geschat.
  • 2006 gouf de Wilkeslandkrater ënner der Antarkteschen Äisdecken entdeckt. De Krater huet en Duerchmiesser vu ronn 480 km an ass wahrscheinlech virun 250 Millioune Joer entstanen. Nach ass awer nach net verifizéiert, datt et sech ëm en Aschlagkrater handelt.
  • Viru manner wéi 5000 Joer ass am südwestlechen Egypten beim Aschlag vun engem néckelräichen Eisemeteorit "Gebel Kamil" vum Typ Ataxit dee ganz gutt erhalene Krater Kamil mat 45 Meter Duerchmiesser a schéiner Stralestruktur entstanen.

Weider Impaktstrukturen op der Äerd[änneren | Quelltext änneren]

Krateren op aneren Himmelskierperen[änneren | Quelltext änneren]

  • Um Äerdmound fënnt een ongeféier 60.000 Kratere mat iwwer engem km Duerchmiesser. Déi gréisst, ongeféier 100 bis 300 km Duerchmiesser, gi Rankbierge resp. Ramplifläche genannt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den Äerdmoundkrateren Nuvola apps xmag.png

  • Den Äerdmound huet och dee gréisste bekannten Aschlagkrater an eisem Sonnesystem, d'Südpol-Aitken-Becken mat 2.240 km Duerchmiesser.
  • Hellas Planitia ass mat 2.100 × 1.600 km Duerchmiesser dee gréissten Aschlagkrater um Mars.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vu Marskrateren Nuvola apps xmag.png

  • Caloris Planitia ass mat ongeféier 1.340 km Duerchmiesser dee gréissten Aschlagkrater op der eréischt zur Hallschent bekannter Uewerfläch vum Merkur.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Merkurkrateren Nuvola apps xmag.png

  • D'Valhalla-Impaktstruktur um Jupitermound Kallisto huet 600 km Duerchmiiesser an ass vu konzentresch verlafende Réng bis op eng Distanz vu bal 3.000 km ëmginn.
  • De Mead ass mat ronn 280 km Duerchmiesser dee gréissten Aschlagkrater op der Venus.
  • Den Herschel ass mat ronn 130 km Duerchmiesser a bis 10 km Déift de gréisste Krater um Saturnmound Mimas. Den Aschlag hätt den nëmme 400 km grousse Mound bal zerstéiert.
  • Den nëmmen 13 × 30 km miessende Klengplanéit (433) Eros huet u senger Schmuelsäit e 6 km grousse Krater. Wéisou den Eros beim Opschlag net futti gefuer ass, ass nach net kloer.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erwin Rutte: Land der neuen Steine - auf den Spuren einstiger Meteoriteneinschläge in Mittel- und Ostbayern. Univ.Verl., Regensburg 2003, ISBN 3-930480-77-8
  • Julius Kavasch: Meteoritenkrater Ries - ein geologischer Führer. Auer, Donauwörth 2005, ISBN 3-403-00663-8
  • Christian Köberl, Francisca C. Martínez-Ruis: Impact markers in the stratigraphic record. Springer, Berlin 2003, ISBN 3-540-00630-3
  • Christian Köberl, Wolf U. Reimold: Meteorite Impact Structures - An Introduction to Impact Crater Studies. Springer Berlin 2006, ISBN 3-540-23209-5
  • C. Wylie Poag, (et al): The Chesapeake Bay crater - geology and geophysics of a Late Eocene submarine impact structure. Springer Berlin 2004, ISBN 3-540-40441-4
  • Paul Hodge: Meteorite craters and impact structures of the earth. Cambridge Univ. Press, Cambridge 1994, ISBN 0-521-36092-7
  • Kevin Evans: The sedimentary record of meteorite impacts. Geol. Soc. of America, Boulder 2008, ISBN 978-0-8137-2437-9
  • O. Richard Norton, Lawrence A. Chitwood: Field guide to meteors and meteorites. Springer, London 2008, ISBN 978-1-84800-156-5
  • Isidore Adler: The analysis of extraterrestrial materials. Wiley New York 1986, ISBN 0-471-87880-4
  • Roald A. Tagle-Berdan: Platingruppenelemente in Meteoriten und Gesteinen irdischer Impaktkrater - Identifizierung der Einschlagskörper.Diss. Humboldt-Univ., Berlin 2004
  • André J.Dunford: Discovery and investigation of possible meteorite impact structures in North Africa - applications of remote sensing and numerical modeling. Dipl. Arb., Univ. Wien, Wien 2008

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aschlagkrater – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Meteoritenkrater – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Bevan M. French: Traces of Catastrophe - A Handbook of shock-metamorphic effects in terrestrial meteorite impact structures Lunar and Planetary Inst., Houston 1998 pdf online, 19.7 MB lpi.usra.edu, abgerufen am 17. Februar 2011
  2. Christian Koeberl: Mineralogical and geochemical aspects of impact craters. Mineralogical Magazine; Oktober 2002; v. 66; no. 5; p. 745-768; DOI: 10.1180/0026461026650059 Abstract
  3. Christian Koeberl: Remote sensing studies of impact craters - how to be sure? C. R. Geoscience 336 (2004) 959–961, pdf online abgerufen am 17. Februar 2011
  4. Johannes Baier: Zur Herkunft und Bedeutung der Ries-Auswurfprodukte für den Impakt-Mechanismus. ogv-online.de, ofgeruff de 14. April 2011