(433) Eros

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
(433) Eros
NEAR-Foto vum Asteroid Eros:
Orbittyp Amor-Typ
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 1,458 A.E.
PerihelAphel 1,133 – 1,783 AE
Exzentrizitéit 0,223
Inklinatioun 10,83 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 1 Joer 277 Deeg 14 Stonnen
Mëttel Bunnvitesse 24,36 km/s
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser 33 x 13 x 13 km
Mass 7,2×1015
Albedo 0,16
Mëttel Dicht 2,4 g/cm³
Rotatiounsperiod 5 h 16 min 12 s
Absolut Hellegkeet 11,16
Spektralklass S-Typ
Entdecker Gustav Witt
Entdeckungsdatum 13. August 1898
Al Bezeechnung 1898 DQ

Den (433) Eros ass een Asteroid, deen den 13. August 1898 vum Carl Gustav Witt entdeckt gouf. Et war deen éischten bekannten äerdnoen Asteroid. Genannt gouf den Himmelskierper nom Eros, dem Gott vun der Léift aus der griichescher Mythologie.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Entdeckung

Der Asteroid gouf op enger Fotoplack entdeckt, déi den Astronom G. Witt an säin Assistent F. Linke an der Nuecht vom 13. August 1898 am Berliner Urania-Observatoire beliicht haten. Och den Auguste Charlois zu Nice hat den Asteroid an der selwechter Nuecht opgeholl. Hien hat awer net erkannt, wat hien opgeholl hat ! .

[änneren] Seng Bunn

Den Eros war den éischte bekanntenen Asteroid, deem seng Bunn deelweis bannescht vun der Marsbunn verleeft. Hien gehéiert soumat zu der Klass vun den äerdnoen Amor-Typ-Asteroiden. Hien beweegt sech op enger Distanz vun 1,133 (Perihel) bis 1,783 (Aphel) astronomesch Enheeten, an 1,76 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass ëm 10,83° schréi zu der Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,223.

[änneren] Opbau

Dës NEAR-Foto weist däitlech déi onregelméisseg Form vum Eros

Den Eros ass een onregelméissig geformten Himmelskierper mat enger Ausdeenung vun 33 x 13 x 13 Kilometer. Hie weist eng relativ hell silikathalteg Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,16 op. Seng Dicht entsprécht mat 2,4 g/cm3 ongeféier der Dicht vu silikateschem Steen.

A ronn 5 Stonnen a 16 Minute rotéiert hien ëm seng eegen Achs. Miessungen hunn erginn, datt d'Temperaturen op der sonnenzougewandter Säit (Dagessäit) vum Asteroid op 100 °C klëmmt, während si op der Nuechtsäit op -150 °C eroffalen. Während der Oppositioun klëmmt d'Hellegkeet op 8,3 mag.

Den Eros gouf vum 14. Februar 2000 bis zum 12. Februar 2001 intensiv vun der Raumsond NEAR-Shoemaker ënnersicht. D'Sond war op eng Ëmlafbunn ëm den Asteroid bruecht ginn an ass schliisslech op senger Uewerfläch erofgaangen an huet dobäi detailléiert Fotoe gemaach. Et huet sech gewisen, datt den Eros mat Krater iwwerséit ass. Och Rillen an déif Aschnëtt duerchzéie seng Uewerfläch, an iwwerall leie Fielsstécker. Dësen Asteroid hat wahrscheinlech staark Kollisioune mat aneren Himmelskierper.

[änneren] Zukunft

Animatioun vum rotéierendem Eros.

De Wiener Astronom R. Dvorak huet berechent, datt den Eros no 20 Joermilliounen op d'Sonn fält.

[änneren] Observatioun

Op der Tabell sinn d‘Observatiounsméiglechkeeten vum Eros fir d'Joren 2005 bis 2011. Niewent dem Datum vun der Oppositioun ass och déi visuell Magnitude an d’Distanz vum Eros zu eiser Äerd bei der Oppositioun notéiert.

Stationär, dann réckleefeg Oppositioun Oppositiounsdistanz Maximal Hellegkeet Stationär, da rietsleefeg Konjunktioun zu der Sonn
26. Februar, 2005 16. Abrëll, 2005 0,36596 AE 10,5 mag 2. Mee, 2005 3. Mäerz, 2006
23. Mee, 2007 9. Juli, 2007 0,74792 AE 12 mag 22. August, 2007 11. Oktober, 2008
14. Juli, 2009 1. September, 2009 0,68942 AE 11,9 mag 15. Oktober, 2009 2. Januar, 2011

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Commons: (433) Eros – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen