Eros (Mythologie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Eros war de griichesche Gott vun der Léift.

Den Eros

Mythos [änneren]

Beim Homer war den Eros nach net ernimmt. Mee beim Hesiod ass en direkt mam Gaia an Tartaros nom Chaos komm an ass domat ee vun deenen eelste griichesche Gëtter. Spéider ass en als Jong vun der Aphrodite a vum Ares duergestallt ginn, dacks begleet vum Himeros (Gloscht) a Pothos (Verlaangeren).


Kult [änneren]

Am Denke vun de Griichen huet den Eros eng bedeitend Roll gespillt, mee en ass awer am Kult wéineg veréiert ginn. Eng vun de wéinege Kultplaze war dat boiotescht Thespiai, wou en a Form vun engem réie Steen veréiert ginn ass, wat op seng Urtëmlechkeet a säin Zesummenhank mam Enstoe vun der Welt ze dinn huet. Spéider ass dëse Steen duerch eng Statu vum Praxiteles ersat ginn.

Konscht [änneren]

An der Konscht ass den Eros scho fréi als schéine klenge Jong duergestalt ginn. Meeschtens war e plakeg, hat Flilleken, an och Feil a Bou. En huet seng Feiler op Gëtter a Mënschen ofgeschoss, huet seng gëttlech Dignitéit awer ëmmer méi verluer. Gläichzäiteg ass d'Virléift gewuess, en net als eenzel Figur, mee zesumme mat ville klenge sougenannten Eroten duerzestellen. An der Renaissance sinn dës Eroten als Putten erëm operstan.

Literatur [änneren]

  • Otto Holzapfel: Lexikon der abendländischen Mythologie, 2002, Herder Verlag, Freibuerg. Am Ament vergraff!
Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Eros – Biller, Videoen oder Audiodateien