Aphrodite

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Aner Nimm: Venus

Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat der griichescher Gëttin Aphrodite. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Aphrodite (Homonymie).
Sandro Botticelli, La nascita di Venere (1484).

D'Aphrodite (gr.: Αφρoδιτη) ass an der griichescher Mythologie d'Gëttin vun der Léift, der Schéinheet an dem sënnleche Begier. Ausserdeem ass si eng vun den zwielef kanoneschen olympesche Gottheeten. Bei de Réimer gëtt d'Aphrodite Venus genannt.

Nom Hesiod ass d'Aphrodite d'Duechter vum Uranos. Dem Uranos säi Jong Kronos huet him, op de Rot vu senger Mamm Gaia, d'Geschlechtsdeeler mat enger Séchel erofgeschnidden, a s'an d'Mier gehäit. D'Blutt an de Som hu sech mam Mier vermëscht, wat ronderëm opgeschäimt ass, a sou koum d'Aphrodite op d'Welt. Vum Wandgott Zephyr gouf si fir d'éischt op Kytheira bruecht, duerno ass d'Aphrodite un der Küst vun Zypern u Land gaangen, an huet hir Bléiss duerch e Bouquet Myrthe verstoppt. Hei hunn d'Hore si weider agekleet, an du gouf d'Aphrodite den Onstierfleche virgestallt.1

Nom Nonnos a Pausanias war et d'Gëttin Thalassa, «d' Séi», déi de Som empfaangen huet. Nodeem d'Aphrodite an den Olymp opgeholl gi war, huet den Zeus si adoptéiert.

„Sie ist das erste Schöne, was sich aus Streit und Empörung der ursprünglichen Wesen gegeneinander entwickelt und gebilt hat. In ihr bildet sich die himmlische Zeugungskraft zu dem vollkommenen Schönen, das alle Wesen beherrscht und welchem von Göttern wie Menschen gehuldigt wird.“ (Gustav Schwab)

Dëse Mythos, no deem si och de Bäinumm "déi, déi aus dem Schaum gebuer ass" dobäi krut, gouf aus dem griichesche Wuertstamm ὁ ἀφρός; aphros – „Schaum“ zesummegesat. Dës Verbindung léisst sech haut awer etymologisch net méi novollzéien, an et ka sinn, datt den Numm Aphrodite méiglecherweis guer kee griicheschen Ursprong, mä en orientaleschen huet. Dëst géif och mat der Versioun vum Mythos iwwerenee stëmmen, an deem si zu enger vun den eelste Gottheeten, bal pre-olympesch gemaach gëtt, well et scho virum Hesiod an Homer e Kult ëm d'Aphrodite gouf, éier déi grouss olympesch Gëtter veréiert goufen.

Et gëtt och nach aner Mythen, iwwer d'Ofstamung vun der Aphrodite. Beim Homer ass si eng Duechter vum Zeus a vun der Dione. Aner Mythe besoen, si wier aus enger Muschel gebuer, wéi et och de Botticelli duergestallt huet. Weider Mythen nenne si zesumme mat den Erinyen an de Moiren als eng Duechter vum Kronos.

Μοῦσά μοι ἔννεπε ἔργα πολυχρύσου Ἀφροδίτης,
Κύπριδος, ἥ τε θεοῖσιν ἐπὶ γλυκὺν ἵμερον ὦρσε
καί τ' ἐδαμάσσατο φῦλα καταθνητῶν ἀνθρώπων
οἰωνούς τε διιπετέας καὶ θηρία πάντα,
ἠμὲν ὅσ' ἤπειρος πολλὰ τρέφει ἠδ' ὅσα πόντος·
πᾶσιν δ' ἔργα μέμηλεν ἐυστεφάνου Κυθερείης.

(Homer, Hymnus, 5,1-6)

Et bleift domat onkloer, wou d'Aphrodite wierklech hierkomm ass, et ass och gutt méiglech, datt si ugangs mat der semitescher Gottheet Astarte identesch war. Op hire Bäinumm Kypros drop hindeit datt d'Griiche si op Zypern kennegeléiert hunn, ass ëmstridden. Sécher ass awer datt do d'Veréierung besonnesch grouss war, sou wéi och op anere griicheschen Inselen, wéi z. B. Paphos. Et kann een awer dovun ausgoen, datt si iwwer d'Mier a Griicheland komm ass.

D'Aphrodite an den Adonis, Attesch Vasemolerei (zirka 410 v. Chr.).

D'Aphrodite an d'Léift[änneren | Quelltext änneren]

D'Aphrodite war mam Hephaistos bestuet, dem Gott vum Feier an de Schmatten, dee si awer dacks mat anere Gëtter oder Stierfleche bedrunn huet. Notoresch war hir laang Bezéiung zum Krichsgott Ares, aus där den Eros, d'Harmonia, de Phobos, den Deimos an den Anteros entstane sinn – sou wéi et och den Demodokos bei de Phaiaken a sengem burleske Lidd gesongen huet.

Laut dem Homer goufen déi zwee in flagranti vum Hephaistos erwëscht, an an engem Netz gefaangen. Wéi hien si sou den anere Gëtter presentéiert huet, hunn déi dat spréchwiertlecht "Homerescht Laachen" ugefaange.

Aus der Léifschaft mam Trojaner Anchises ass den Aeneas (gr.: Aineias) ervirgaangen, en Held am Trojanesche Krich deen duerno zum mythesche Stammpapp vun de Réimer sollt ginn. Aner Kanner sinn de Priapos (mam Dionysos) an den Hermaphroditos (mam Hermes). Si war och an de schéinen Adonis verléift, deen awer vun engem jalousen Ares bei der Juegd ëmbruecht gouf.

Gavin Hamilton, Venus giving Paris Helen as his wife (1782-1784).

Mythen[änneren | Quelltext änneren]

Folleg[änneren | Quelltext änneren]

D'Chariten, souwéi den Eros an d'Peitho waren déi permanent Begleeder vun der Aphrodite.

Paris[änneren | Quelltext änneren]

Der Legend no, soll d'Aphrodite den Trojanesche Krich ausgeléist hunn, wéi si zesumme mat der Hera an der Athena den trojanesche Krichsjong Paris opgesicht huet, fir datt hien hinne seet, wien déi Schéinste vun hinnen ass. All Gëttin huet versicht, de Paris ze bestiechen, an den Trojaner huet sech fir d'Aphrodite entscheet, well si him déi schéinst Fra vun der Welt versprach hat. Dëst Evenement ass als "Uertel vum Paris" bekannt, an duerch d'Entféierung vun der Helena gëtt d'Uertel als mythologeschen Ausléiser fir de Feldzuch vun de Griiche géint Troja ugesinn. Während der Belagerung, déi zéng Joer gedauert huet, huet d'Aphrodite zesumme mam Ares d'Trojaner ënnerstëtzt, d'Hera an d'Athena stoungen op der Säit vun de Griichen2.

Adonis[änneren | Quelltext änneren]

Als "Gëttin vun der Äerd" hat si den Adonis, deen aus engem Bam eraus op d'Welt komm war, an e Symbol fir d'Natur déi blitt a stierft, war, als Geléiften. Si huet hien als Som an enger Këscht verstoppt, an hien der Persephone an der Ënnerwelt - dem Schouss vun der Äerd - ginn. D'Persephone wollt den Adonis fir ëmmer behalen. Den Zeus huet awer entscheet, datt den Adonis fir zwéin Drëttel vum Joer bei der Aphrodite misst sinn.

Symboler an Attributer[änneren | Quelltext änneren]

Aphrodite vu Knidos

D'Gëttin gëtt dacks mat Déiere wéi der Dauw, der Schmuebel an dem Schwan a Verbindung bruecht, awer och mam Bock a mat der Deckelsmouk, dem Delphin an dem Hues. Si ass och besonnesch d'Gëttin vun de Blummen, de Beem an de Friichten, ënner deenen hir d'Anemone, d'Rous, d'Zypresse, d'Lann, d'Myrte an den Apel helleg sinn.

Och duerch Dost, Granatapel a Mohnbléie gëtt si representéiert. Zu hire Kranzblummen huet och de Spargel (asparagus acutifolius) mat de spatze Blieder gezielt. Vill Planzen, déi psychoaktiv wierken, intensiv richen oder déi fir e bestëmmt Symbol stinn, goufe mat der Aphrodite an Zesummenhang bruecht (Aphrodisiaka) a bei hire Fester benotzt. Op Zypern, Samos a Kreta souwéi zu Athen an um Kephisos hat si helleg Blummegäert.

An der Pneumaléier vum Platon gëtt d'Aphrodite enger vun de véier Forme vum gëttlechen Unhauchen Epipnoia zougeuerdent3.

Hire Steen ass de Lapislazuli.

Kee kann der Aphrodite widderstoen, an dat läit un hirem Rimm charis („Rimm vun der Aphrodite“), dee si souguer verléint huet, z. B. un d'Hera. Hire Mann hat hir de Rimm aus Gold an Edelsteng zesummegebaut.

Bäinimm an Titel[änneren | Quelltext änneren]

D'Aphrodite huet vill Manifestatiounen, déi sech no Aspekten (Veréierung), Hellegtümer (Kult) a Reliounen andeele loossen.

Ursprénglech war d'Aphrodite wuel eng Mammen- a Fruuchtbarkeetsgëttin - vum Wuessen an Entstoen. Andeems och der Natur e sehnsüchtegt Verlaangen zougeschriwwe gouf, gouf aus hir d'Gëttin vun der Léift a spéider och der Schéinheet.

Fréi Fuerscher behaapten, datt den Ursprong vun hirer Veréierung schonn an déi Epoch zréckfale géif, wéi d'Griichen nach mat den aneren indoeuropäesche Vëlker eng Eenheet waren; bei ville vun dëse Vëlker fënnt ee Gëttinen, déi der Aphrodite ganz ähnlech sinn. Anerer, wéi och antik Schrëftsteller wéi den Herodot an de Pausanias, gesinn hiren Ursprong a Phönikien an am noen Orient.

Aphrodite vu Melos (Louvre, Paräis).

Vill Eegeschafte vun der semitescher Gottheet Astarte (Aschera, gr. Aschtaroth) loosse sech och bei der Aphrodite nees erëmfannen. Wéi d'Astarte gouf och d'Aphrodite mat Waffen duergestallt. Als sollech gouf si Areía genannt, a war d'Geléifte vum Ares, zu deem si och a mythologescher Bezéiung stoung, well hien och de Gott vum Donnerwierder an domat der Befruuchtung vun der Äerd war.

Spéider hu sech haaptsächlech dräi Forme vun der Aphrodite erausgebilt - et kann een och soen, datt si eng dräifach panhellenesch "Grouss Mamm" war.
Am Homer sengem Hymnos erschéngt d'Gëttin als Häerin iwwer déi wëll Déieren (pothia theron) déi sech op hire Wonsch hi fortplanzen. Besonnesch gouf awer d'Gëttin vun der Léift an zwee Aspekter ënnerscheet, der "helleger, himmlescher" Aphrodite Urania an der Aphrodite Pandemos, déi dem ganze Vollek gehéiert huet. An dësem Zesummenhang gëtt och vun engem Dualismus vun der Aphrodite geschwat. Platon huet dësen Dualismus als homosexuell an heterosexuell interpretéiert4.

  1. „Déi helleg Léift“ („sakral“):
    Urania (Venus caelestis), „Déi Himmlesch“, „D'Himmelsgëttin“ steet fir „déi reng, himmlesch an edel Léift“. Als Urania gouf si zu der Adoptivduechter vum Zeus an der Dione (Äerdgëttin „Mamm vum Universum“) gemaach, a gäeren op Hiwwelen (akroi) an de Bierger veréiert, an dohier och Akraia genannt. Heifir hat si de Polos (oder Modius), e ronnen Opsaz wou den Himmel ofgebilt war, an d'Deckelsmouk als Symbol.
  2. „D'Léift op der Äerd“ („profan“):
    Pandemos »déi bei all Vollek«, si representéiert déi sënnlech (a spéider och keeflech) Léift. Verschidde Quellen erzielen och, datt si d'Schutzpatrounin vun der Tempelprostitutioun war. Si gouf och zur Gëttin (Porné „déi, déi këddelt“) vun den Hetären an de Loschtbouwen.
    Als Peitho „déi, déi iwwerried“ stoung si fir d'Iwwerrierungskonscht vun enger erotescher Aventure. Si huet domat déi séiss Wierder verkierpert, déi de Mann huet misse fannen, fir seng Geléiften zum Sex z'iwwerrieden.
  3. „Beschützerin vun der Séifaart“:
    Póntia, Thalassía (Venus marina), Anadyoméne »déi, déi aus dem Mier opgedaucht ass«, Liménia  »Gëttin vum Mier a vum Hafen« (póntos bzw. thálassa). Als Pontia stoung si ursprénglech fir d'Fruuchtbarkeet vun der Déierewelt aus dem Mier, gouf awer no an no zu enger Mieresgëttin iwwerhaapt, besonnesch zu der Gëttin vun der glécklecher Séifaart an dem rouege Mier Euploia (bei de Knidier) souwéi den Häfen5. Sou gouf d'Thalassa („d'Séi“) als hir Mamm ernimmt, a si selwer dacks mam Poseidon zesumme veréiert. E groussen Tempel vun der Aphrodite Pontia stoung an der Stad Hermione am Peloponnes6.
    • Zu dësem Aspekt gehéieren och d'Nimm: Aligéna („déi, déi an der Séi gebuer ass“), Epipóntia („op der Séi“), Pelágia („vun der Küst“).

Eng eeler, prähellenesch Manifestatioun vun der Aphrodite, déi net onbedéngt am Aklang mat hirer spéiderer Roll als griichesch Gëttin vun der Léift steet, gehéiert zu enger "Grousser Gëttin", déi schaaft awer och zerstéiert. Si gëtt och als eng Form vun der Upassung vun der dräifacher Gëttin Moira(e) Threefold-Symbol.png (Trinitéit) gedeit.

  • „Déi, déi Waffen dréit/ déi, déi zerstéiert“:
Andróphonos »Déi, déi Männer ermuert«, representéiert en Titel deen hirer eelster Manifestatioun als „Zerstéierin“ oder „Doudegëttin“ gi gouf.
Skotía „Déi Däischter“
Epitymbídia d' »Gëttin vun de Griewer« a Meiboía d'„Beiekinnigin“, déi hir Freier kastréiert an duerch Aussaugen ëmbruecht huet.
  • Zu dësem Aspekt gehéieren och d'Nimm: Hoplisméne („déi, déi Waffen dréit“), Areía (vun Ares, „déi, déi de Krich gäeren huet“), Enhóplios („déi, déi gerüst ass“), Anosía („déi, déi heelt“), Basilís („déi Kinneklech“), Eleémon („déi Gnädeg“), Xenía („déi Gaaschtfrëndlech“), Symmachía („déi, déi am Kampf alliéiert ass“).

No Regiounen an Hellegtümer[änneren | Quelltext änneren]

Marmerstatu vun der Aphrodite.
  • Akidalía – Dësen Epitheton vun der Aphrodite gouf no enger Quell a Böotien, wou si gäere gebued huet, bei hiren Numm bäigesat7.
  • Aphrodísion – Tempel vun der Aphrodite –, en anert Hellegtum vun der Aphrodite gouf et a Klengasien an der Stad Aphrodisias.
  • Aphrodisia – Fest vun der Aphrodite
  • Despina/Despoina – „Herrscherin“
  • Erykíne (lat.: Erycina) – nom Bierg Eryx op Sizilien.
  • Kýpris (lat.: Cypria), „Zu Kypros gebuer“, dee vun der Insel Kypros ofgeleed ass, wou si op d'Welt komm ass, a wou den éischten Tempel fir si gebaut gouf.
  • Kythereía, vun der Insel Kythera.
  • Paphía: D'Stad Paphos op Zypern war ee vun den Haaptzentre vun der Veréierung vun der Aphrodite. Koffer an Zypresse sinn hir helleg. Spéider gouf den Aphroditetempel vu Paphos an en Hellegtum fir d'Jongfra Maria ëmgewandelt, wou d'Muttergottes bis haut als Panhagia Aphroditessa veréiert gëtt.
  • Melaínis, Melaína »déi Schwaarz«, huet d'Aphrodite um „Bur vun de Meliasten” an Arkadien geheescht, wou d'Gëttin zesumme mam Dionysos veréiert gouf8.
  • Syria – aus Syrien, Astarte.
  • Aphróditos, eng méi männlech Form vun der Aphrodite mat maskuliner Gestalt, wéi si zu Amathus op Zypern veréiert gouf.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: Hesiod, Theogonie, 182,91.
2: Homer, Ilias, III, 442 ff.
3: Resch, 239.
4: Platon, Symposium.
5: Horaz, carm. I, 3, 1.
6: Pausanias, 34.11.
7: Vergil I, 720.
8: Pausanias, Arkadien, 6,5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aphrodite – Biller, Videoen oder Audiodateien
Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.