Troja

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Stadmauere vun Troja.

Troia oder Troja (gr.: Τροία, Τροίη; lat.: Troia, Ilium; tierk.: Truva, an den Altertumswëssenschafte gëtt de lat. Numm benotzt1) war eng antik Stad an der Landschaft Troas am Nordweste vun der haiteger Tierkei um Hellespont an der Provënz Çanakkale.

Hisarlık ass den tierkeschen Numm vun engem 15 Meter héijen Hiwwel. D'Stad, déi un den Dardanellen louch, huet den Zougank zum Schwaarze Mier kontrolléiert. D'Schëffer konnten deemools nach net géint de Wand kräizen, also hu si am Hafe vun der Festung op de gënschtege Wand gewaart. Hire Weezoll, d'Lotsen- a Schutzsteieren hunn der Stad Räichtum bruecht. Grouss Berühmtheet krut Troja an der Antikitéit duerch d'Dichtung Ilias vum Homer, deen hei de legendären Trojanesche Krich beschriwwen huet. Nach an der Spéitantikitéit gouf d'Plaz mat hire legendären Helden am Réimesche Räich héich veréiert. Mam Ufank vum Mëttelalter gouf Troja a seng Lag vergiess.

Opgrond vun de Resultater vun den Ausgruewunge vun de leschte Joren, ass bei de Fachleit haut onbestridden, datt Troja d'Bühn fir den Trojanesche Krich war, dee vum Homer beschriwwe gouf. Beim Homer heescht d'Plaz virun allem Ilion oder Ilios (gr.: Ἴλιον, Ἴλιος).

Troja an de Legenden[änneren | Quelltext änneren]

D'Trojanescht Päerd virum Schliemann-Musée zu Ankershagen.

Der Legend no war den Dardanos de Grënner vun der Dynastie vun de Kinneke vun Troja. Hien ass virun der Sintflut geflücht, an huet a Phrygien beim Kinnek Teukros Asyl kritt. Nom Doud vum Teukros war hien den eenzegen Ierwen, andeems hie sech mat der Bateia, der Duechter vum Teukros, bestuet huet. Verschidden alen Traditiounen no koum den Dardanos aus dem ale Stamm vun den Dardanier um Balkan (am aktuelle Kosovo). Den Numm Dardanier gouf op allefall genotzt, fir d'Trojaner selwer ze beschreiwen.

Den Tros, en Enkel oder Urenkel vum Dardanos, war den eponymen Heros vun Troas a vun Troja. D'Stad selwer gouf vu sengem Jong, dem Ilos (och "Ilion") gegrënnt.

De Laomedon, de Jong vum Ilos, ass no him op den Troun komm. De Poseidon an den Apollo, déi vum Zeus gestrooft goufen, hu fir dëse grausame Kinnek d'Mauere vun Troja gebaut, mä goufe vum Kinnek net bezuelt, wéi hien et versprach hat. De Laomedon huet souguer gesot, hie géif hinnen d'Oueren erofschneiden. D'Gëtter hu sech gerächt. Den Apollo huet eng Peschtepidemie op Troja lassgelooss, an de Poseidon huet engem Monster aus dem Mier den Uerder ginn, d'Awunner ze friessen, an d'Felder duerch Mierwaasser ze zerstéieren.

D'Orakel vum Zeus-Amun huet dem Laomedon geroden, seng Duechter Hesione z'afferen, a si um Ufer ze loossen, fir datt d'Monster aus dem Mier si friesse kéint.

Den Herakles géint Troja[änneren | Quelltext änneren]

Sou huet den Herakles, deen zesumme mam Iason op der Sich nom Gëllene Vlies a Kolchis gereest war, d'Hesione um Ufer vun Troja fonnt, komplett plakeg an nëmme mat hire Bijoue bekleet. Den Herakles huet d'Kette gesprengt, an ugebueden, d'Monster ëmzebréngen, wann hien déi zwee onstierflech Päerd géif kréien, déi den Zeus dem Laomedon fir d'Entféierung vum Ganymed geschenkt hat.

D'Trojaner hunn doropshin eng héich Mauer e bëssen ewech vun der Küst gebaut. Wéi d'Monster un der Mauer ukomm ass, huet et seng grouss Schnëss opgerappt, an den Herakles ass an den Hals vum Monster gesprongen. No dräi Deeg koum hien als Gewënner aus dem Bauch vum Monster eraus, mä hat all seng Hoer verluer. De Laomedon soll den Herakles doropshin ugeschass hunn, an him amplaz vun den onstierfleche Päerd zwee ganz normal Päerd ginn hunn. Den Herakles huet sech voller Roserei op sengem Schëff dovugemaach, an huet Troja de Krich versprach.

Den Herakles huet zu Tiryns Zaldote rekrutéiert, a Schëffer prett gemaach ; zu sengem Alliéierten hunn de Iolaos, den Telamon, de Peleus, den Oekles vun Argos an den Deimachos vu Böotien gezielt.

Johann Georg Trautmann, Blick auf das brennende Troja.

Den Herakles ass virun Troja gelant, an huet d'Schëffer dem Oekles iwwerloss. De Laomedon huet d'Vollek op d'Schëffer geschéckt, fir dëi ze verbrennen, mä den Oekles huet bis zu sengem leschten Otemzuch duerchgehalen, an de Schëffer erlaabt, nees op d'Mier erauszefueren. Dem Telamon ass et gelongen, e Lach an d'Mauer ze schloen, an an d'Stad eranzekommen. Den Herakles huet de Laomedon, an all seng Jongen, bis op de jonke Podarkes ëmbruecht. D'Hesione gouf dem Telamon geschenkt, an duerft e Prisonéier vun hirer Wal fräikafen. Si huet sech fir hire jonke Brudder Podarkes entscheet. Dee gouf vun elo u Priamos genannt, wat sou vill heescht wéi "zréckkaaft".

Nodeem hien d'Stad néiergebrannt hat, ass den Herakles nees fortgezunn, an huet de Priamos um Troun gelooss.

Den trojanesche Krich[änneren | Quelltext änneren]

D'legendär Geschicht vum Krich tëscht de Griichen an Troja ass d'Thema vun der Ilias vum Homer, vun den Epen aus dem Trojaneschen Zyklus a vun der Aeneis vum Virgil.

Den Ursprong vum Trojanesche Krich war d'Entféierung vun der schéiner Helena, der Fra vum Menelaos, Kinnek vu Sparta, duerch de Paris. Fir d'Trojaner ze bestrofen, hu sech d'griichesch Kinneken zesummegedo, an hunn d'Stad zéng Joer laang belagert. Duerch en Trick vum Odysseus mam Trojanesche Päerd konnte si an d'Stad erakommen, a se plëmmen.

Entdeckungs- an Ausgruewungsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Troja-Fuerscher[änneren | Quelltext änneren]

Bléck vun Hisarlık aus dem „Schliemanngruef“ iwwer de Plateau vun der Troas op d'Dardanellen.

1820 huet de schotteschen Zeitungsverleeër an Amateurgeolog Charles Maclaren en Essai iwwer Troja erausbruecht, deen hien 1824 zu enger voluminéiser Dissertatioun erweidert huet, wou hien den Hiwwel Hisarlık als Troja lokaliséiert huet. En Deel vun dësem Hiwwel war deemools am Besëtz vun der englescher Groussgrondbesëtzer- an Diplomatefamill Calvert. Wéi de Maclaren 1863 eng nach méi fundéiert Beschreiwung vum Plateau vun Troja erausbruecht huet, huet de jéngste Bouf vun der Famill, de Frank Calvert, versicht, de Rescht vum Hiwwel ze kafen. Dëst war kee Erfolleg, mä dofir konnt hien awer selwer e puer Ausgruewungen an de Joren 1863-1865 maachen. Dës Ausgruewungen hunn hien sou beandrockt, datt och hie vun der Existenz vun Troja op dëser Plaz iwwerzeegt war. Hien huet seng Hypothes awer nach net zu enger Behaaptung ausgebaut, dëst huet eréischt de Schliemann gemaach2. Dem Calvert seng Ufro un de British Museum, dës Plaz z'erfuerschen, gouf net ugeholl.

Heinrich Schliemann[änneren | Quelltext änneren]

Den Heinrich Schliemann.

Den 9. August 1868 koum den däitschen Händler an Hobby-Archeolog Heinrich Schliemann op de Plateau vun der Troas. Och hie war op der Sich nom legendären Troja, an huet fir d'éischt ënner dem Hiwwel Balli Dağ, opgrond vun enger Thes vum Jean-Baptiste LeChevalier (1791), gesicht. De Schliemann a seng fënnef Aarbechter konnten hei awer näischt fannen, a sou wollt hien nees zréckreesen. Hien huet allerdéngs säi Schëff verpasst, an huet dobäi zoufälleg de Frank Calvert kennegeléiert, deen him erlaabt huet, a sengem Haus d'Nuecht ze verbréngen. De Calvert konnt de Schliemann mat senger Iwwerzeegung begeeschteren, datt ënner dem Hiwwel vun Hisarlık d'Ruine vum legendären Troja misste sinn. De Schliemann huet, och wann et dacks aneschters erzielt gëtt, ni bestridden, datt hien de wichtegsten Hiwäis vum Calvert kritt hat3.

1873 huet de Schliemann der Ëffentlechkeet matgedeelt, datt hien Troja zu Hisarlik fonnt hat; den Duerchbroch ass him awer duerch eng spektakulär Entdeckung am selwechte Joer gelongen4 : dee vun him selwer sougenannte Schaz vum Priamos. Hien huet a villen Hisiichten nei Saache mat sech bruecht : dem Schliemann säi Ruhm als Wëssenschaftler, d'Begeeschterung vun der wilhelminescher Keeserzäit fir Troja a fir d'Archeologie am Allgemengen, déi elo an der Ëffentlechkeet vun enger Disziplin fir Amateuren a Reesender zu enger eeschter Wëssenschaftsdisziplin erhuewe gouf. De Schaz gouf laang Zäit am Musée fir d'Antikitéit zu Berlin ënnerbruecht, an nom Zweete Weltkrich an d'UdSSR verschleeft. Allerdéngs gouf et schonn zu Liefzäite vum Schliemann - ënner anerem duerch säi Mataarbechter Wilhelm Dörpfeld – éischt Hiweiser dorop, datt de Schaz iwwer 1000 Joer méi al war, wéi de Schliemann ugeholl hat.

Schonn de Schliemann huet geschriwwen, datt den Auteur vun der Ilias eng grouss dichteresch Fräiheet ("Iwwerdreiwung") hat, an hie war sech och bewosst, datt hien net déi ganz Stad, mä nëmmen „die Pergamos [Burg] der Stadt“ [Troja] ausgegruewen huet.

Dörpfeld a Blegen[änneren | Quelltext änneren]

Wéi weider Ausgruewungen erginn hunn, war Troja vun der fréier Bronzezäit (zirka 3000 v. Chr.) bis an d'Spéitantikitéit bewunnt. Et goufen souguer Spure fonnt, déi weisen, datt d'Gebitt nach méi fréi bewunnt war, an déi bis an d'5. Joerdausend v. Chr. zréckginn. Mam Chrëschtentum huet d'Bedeitung vun der Stad, déi hir trojanesch Helden aus de Legende veréiert huet, ofgeholl. Den Afall vun de Goten am Joer 276 huet d'Stad nach zimlech gutt iwwerstanen, d'Gebitt gouf awer no Äerdbiewen um Enn vum 5. Joerhonnert verlooss.

Bis haut goufe méi wéi 10 Stratigraphien (Wunnschichten/Bauschichten) entdeckt (Troja I - Troja X), déi nees an iwwer 40 Feinschichten ënnerdeelt ginn. Dobäi zielen - vereinfacht ausgedréckt - Troja I (29502250 v. Chr.) an II (25502200) zu der fréier, Troja III-V (22001700) zu der mëttlerer, an Troja VI-VIIa (17001200) zu der spéider Bronzezäit. Troja VIIb (12001000) gehéiert zu der fréier Eisenzäit. Troja VIII an IX datéieren an d'Zäit vum 8. Joerhonnert v. Chr. bis an d'réimesch Zäit, Troja X, e byzantinesche Bëschofssëtz geet bis an d'fréit Mëttelalter.

Troja I louch nach direkt op der Plage. D'Zitadell Troja II hat eng Fläch vun zirka 9000 m² (véier Brandkatastrophen), vun Troja IV un huet sech d'Fläch verduebelt, Troja VI hat sech no Süden an Osten op zirka 50.000 m² vergréissert (d'"Ënnerstad" net matgerechent). Déi vum Auteur vun der Ilias beschriwwe Festung kéint mat Troja VI identesch sinn (no anerer Usiicht mat Troja VIIa), wat um Enn vum 13. an Ufank vum 12. Joerhonnert v. Chr. ënnergaangen ass. Dobäi ass net sécher, op en Äerdbiewen oder eng Eruewerung Schold um Ënnergang war.

Querschnëtt vun Hisarlık

Ob och den Trojanesche Krich en historesche Kär huet, ass nach ëmmer net wierklech kloer. D'Lag vun der Stad Troja gëtt an der Dichtung Ilias vum Homer kloer beschriwwen : d'Dardanellen ginn ernimmt, den héchste Bierg ass den Ida (Kazdagi), an et ginn zwéi Flëss ernimmt, de Skamandros (haut Karamanderes), an de Simois, déi bei Troja annenaner lafen, an duerno weider op den Hellespont fléissen. Et gëtt och vun den Inselen Tenedos (haut Bozcaada) an Imroz (Gökçeada) erzielt. Déi haiteg archeologesch Flächen ëmfaassen nëmmen d'Festung vun Troja. Mat zimlecher Sécherheet gouf et och e groussen Deel vun der Stad baussent de Befestegungen.

De Schliemann huet dat imposant Troja II aus der fréier Bronzezäit fir dat homerescht Troja gehalen. Hie war deemools der - falscher - Meenung, datt dës Stad zäitgläich mat Mykene an Tiryns war. Den Dörpfeld huet déi 6. Wunnschicht (Troja VI) fir dat homerescht Troja gehalen. D'Schicht VIh ass ëm 1300 v. Chr. awer wahrscheinlech duerch e staarkt Äerdbiewen zerstéiert ginn. Dofir ass de Carl Blegen dovun ausgaangen, datt Troja VIIa dat homerescht Troja aus der Ilias war. Dës Thes fënnt de meeschten Zousproch. No neie Keramikënnersichungen gëtt dat wahrscheinlech gewaltsamt Enn vun Troia op zirka 1200 v. Chr. datéiert. Dat passt gutt zu de meeschten Datéierunge vum Trojanesche Krich duerch antik Auteuren. Als "Kandidat" fir d'Ilion vum Homer muss een awer och Troja VIIb1 a Betruecht zéien. Nieft dem Festhale vun den Traditioune vun Troja VI an VIIa kommen hei och nei Elementer op de Plang, zum Beispill déi sougenanntn Handmade Ware5, déi op eng deelweis verännert Bevëlkerung schléisse léisst. Dat passt besser zu den Informatioune vum Homer. Och d'muechtpolitesch Verhältnesser a Klengasien, wéi den Homer se beschreift, passe gutt an dës Zäit. D'mykenesch Kultur hat am 12. an 11. Joerhonnert v. Chr. weiderbestanen. Och Handel a Séifaart goufe weider bedriwwen. E Krich vun den Achäer géint Troja géif gutt an d'12. Joerhonnert v. Chr. passen. Dogéint hätt en Zuch géint Troja am 14. oder 13. Joerhonnert v. Chr. wuel d'Hethiter op de Plang geruff, wat an hethitesche Schrëften ze fanne wier.

Hethiter-Thes vum Latacz[änneren | Quelltext änneren]

Mä och an dësem Punkt bleift villes ongeklärt. D'Fro, wéi wäit een den Homer tatsächlech als Quell fir historesch Evenementer vun der spéider Bronzezäit benotze kann, an ob et dann elo zu engem trojanesche Krich komm ass, kënnen hei net wierklech behandelt ginn. Op jiddwer Fall hunn d'Theorië vun der Gräzistik zum Hexameter, an zum Entstoe vum Epos, wéi se am Moment vum Joachim Latacz iwwerzeegend virgedroe ginn, an den neisten Ausgruewungsresultater eng Stäip fonnt.

Plang vun den Ausgruewungen zu Troja.

Troja ass mat grousser Wahrscheinlechkeet identesch mat der Stad Wilusa (= (W)Ilios), déi an hethitesche Quellen ernimmt gëtt, wat duerch d'Gruewunge vum tübinger Archeolog Manfred Korfmann bestäerkt ginn ass. Sou gouf am Ausgruewungsberäich vun Troja eng ënnerierdesch Quellen-Anlag fonnt, déi an allen Eenzelheete mat der Beschreiwung vun enger Quell an der Stad Wilusa am sougenannten Alaksandu-Vertrag iwwereneestëmmt.

Fir d'klassesch Philologie ass zur Zäit de Latacz de wichtegsten Numm fir d'Historizitéit vun den homereschen Epen an och d'Verbindung mat dem Korfmannschen Troja. Weder an der hethitescher, nach an der griichesch-réimescher schrëftlecher Iwwerliwwerung loosse sech eendeiteg Beweiser fir eng Identitéit vun Hisarlık mam homereschen Troja fannen, datselwecht gëllt fir Wilusa.

De Korfmann an d'Entdeckung vun der Ënnerstad 1994[änneren | Quelltext änneren]

D'Ënnersichungen hu sech haaptsächlech op d'Akropolis vun Troja beschränkt, d'Uewerstad. Dëst huet sech 1988 mat engem internationalen Team ronderëm den Tübinger Prähistoriker Manfred Korfmann geännert. Mat der Hëllef vum Geophysiker Helmut Becker gouf 1992 duerch Geomagnetik-Miessungen eng grouss Ënnerstad ënner der Akropolis entdeckt. Zanterhier gouf bei den aktuellen Ausgruewunge vum Korfmann a sengem Team (zanter sengem Doud 2005 elo ënner der Leedung vum Ernst Pernicka) och verstärkt d'Ënnerstad erfuerscht. D'real Gréisst vun Troja ass domat an den Zentrum vun den Diskussioune geréckelt. Dem Korfmann seng Thesen iwwer d'Bedeitung vun Troja sinn an der Fuerschung zanter 2001 op Widderstand gestouss, an hunn zu enger grousser Diskussioun bei den däitschen Altertumswëssenschaftler gefouert.

Am Kär kreest dës Troja-Debatt, den „neue Streit um Troja“ ëm déi tatsächlech Gréisst a Bedeitung vum Troja an der spéider Bronzezäit. Während de Korfmann an Troja en iwwerregionalt Handelszentrum gesinn huet, hunn aner Alhistoriker an Archeologen d'Stad nëmmen als mëttelméisseg wichteg gesinn. De Protagonist vun dëser Grupp ass dem Korfmann säin fréieren Tübinger Kolleg, den Alhistoriker Frank Kolb, deen och selwer an der Tierkei gegruewen huet. Den Haaptvirworf un de Korfmann a seng akademesch Matstreider besteet an enger Vernoléissegung vu wëssenschaftlecher Virsiicht. Zanter dem Ufank vum Troja-Sträit huet de Korfmann verschiddener vu senge Gruewungsinterpretatiounen zréckgezunn, an ass den Argumenter vun der Géigesäit e Stéck entgéint komm. Un der Gesamtinterpretatioun hält d'Team ronderëm de Korfmann a seng Nofolger allerdéngs fest. Eng eendeiteg Entscheedung konnt d'Ausernanersetzung och op engem wëssenschaftleche Symposium zu Tübingen am Fréijoer 2002 net bréngen.

D'Korfmann-Positioun prägt haut d'Troia-Bild vun der interesséierter Ëffentlechkeet. Den ëffentleche Sträit huet sech zanter 2004 ë bësse berouegt. Nom Doud vum Manfred Korfmann am August 2005 gouf den Tübinger Archeometallurg Ernst Pernicka mat der wëssenschaftlecher Leedung vum Troja-Projet betraut. Fir d'Fortféierung vun der Aarbecht zu Troja am Summer 2006 krut hie vun der tierkescher Antikendirektioun d'Lizenz. erdeelt. D'Ausgruewungsserie vun 18 Joer soll elo zu engem wëssenschaftlechen Ofschloss bruecht ginn. An engem beschränkten Ëmfang sollen och duerno d'Froen zu der bronzezäitlecher Stadbefestegung weider ënnersicht ginn. Ausserdeem erfuerderen d'Pfleg, d'Konservéierung an d'Presentatioun vun der UNESCO-Weltkulturierfschaft Troja (1998) e groussen Opwand. Schliisslech soll nach e Musée virun den Diere vun Troja gebaut ginn.

Troja an Atlantis[änneren | Quelltext änneren]

De Geoarcheolog Eberhard Zangger huet a sengem Buch Atlantis - Eine Legende wird entziffert, wat 1992 erauskomm ass, d'Hypothes vertrueden, dem Platon säin Atlantis hätt archeologesch noweisbar Charakteristike mam historeschen Troja, a wier domat dat vun de Griichen zerstéiert Troja gewiescht.

Nowierkung[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst dem Numm vun der fréierer Colonia Ulpia Traiana, hu sech bis an d'Mëttelalter och d'Nimm Troia Minor (Kleng-Troia) an Troia Francorum (fränkescht Troia) fir Xanten entwéckelt. Ëm 1100 huet d'Annolidd vun der Grënnung vu Xanten duerch d'Trojaner, déi am Trojanesche Krich verluer haten, erzielt :

 
Mëttelhéichdäitsch
Däitsch Iwwersetzung (Eberhard Nellmann, Reclam)
389
390
391
392
393
394
395
396
Franko gesaz mit den sînin
vili verre nidir bî Rîni.
dâ worhtin si duo mit vroudin
eini luzzele Troii.
den bach hîzin si Sante
nâ demi wazzere in iri lante;
den Rîn havitin si vure diz meri.
dannin wuohsin sint Vreinkischiu heri.
Franko ließ sich mit den Seinigen
ganz in der Ferne am Rhein nieder.
Dort erbauten sie damals mit Freuden
ein kleines Troja.
Den Bach nannten sie Sante
nach dem Fluss ihrer Heimat.
Den Rhein nahmen sie statt des Meeres.
Dort wuchs seitdem das fränkische Volk.

Nach wéi Xanten 1444 un d'Herzogtum Kleve gefall ass, goufe schonn am selwechte Joer Mënze mat der Opschrëft „Joannes Troianorum Rex“ (Johannes, Kinnek vun den Troianer) geprägt.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Heinrich Schliemann, Troja. Ergebnisse meiner neuesten Ausgrabungen, Harenberg Kommunikation, Dortmund, 1984. (ISBN 3-88379-439-2)
  • Archeologesche Landesmusée Baden-Württemberg, Troia. Traum und Wirklichkeit, Theiss, Stuttgart, 2001. (ISBN 3-8062-1543-X)
  • Birgit Brandau, Hartmut Schickert, a Peter Jablonka, Troia. Wie es wirklich aussah, Piper, München, 2004. (ISBN 3-492-04610-X)
  • Birgit Brandau, Troia. Eine Stadt und ihr Mythos, Lübbe, Bergisch Gladbach (ISBN 3-404-64165-5)
  • Peter Frisch, Die Inschriften von Ilion, Bonn, 1975.
  • Manfred Flügge, Heinrich Schliemanns Weg nach Troja - Die Geschichte eines Mythomanen, 2001.
  • Dieter Hertel, Troia. Archäologie, Geschichte, Mythos. Beck, München, 2001. (ISBN 3-406-44766-X)
  • Homer, Ilias, Reclam, Ditzingen, 2004. (ISBN 3-15-018299-9)
  • Manfred Korfmann an Dietrich Mannsperger, Troia. Ein historischer Überblick und Rundgang, Theiss, Stuttgart, 1998. (ISBN 3-8062-1369-0)
  • Manfred O. Korfmann (Ersg.), Troia. Archäologie eines Siedlungshügels und seiner Landschaft, Verlag Philipp von Zabern, Mainz, 2006 (ISBN 3-8053-3509-1)
  • Joachim Latacz, Troia und Homer. Der Weg zur Lösung eines alten Rätsels, Koehler & Amelang, München, 2004. (ISBN 3-7338-0332-9)
  • Christoph Ulf (Ersg.), Der neue Streit um Troia. Eine Bilanz, Beck, München, 2004. (ISBN 3-406-50998-3)
  • Iman Jacob Wilkens, Where Troy Once Stood, Gopher Publishers, Groningen, 2005. (ISBN 0-7126-2463-5)
  • Eberhard Zangger, Ein neuer Kampf um Troia. Archäologie in der Krise, Knaur, München, 1994.
  • Martin Zimmermann (Ersg.), Der Traum von Troia. Geschichte und Mythos einer ewigen Stadt, Beck, München, 2006.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Troja – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: „14. Fro: Wéi schreift een Troia ?“, Universitéit Tübingen.
2: Flügge, 2001, S. 155 ff.
3: Flügge, 2001, S. 176.
4: Flügge, 2001, S. 220.
5: Graff einfach a gro Keramik.


Discobolus icon.png Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antikitéit.