Schwaarzt Mier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D' Schwaarzt Mier

D'Schwaarzt Mier (Algriichesch: Πόντος Εὔξεινος, Pontos Euxeinos; Rumänesch: Marea Neagră; Bulgaresch: Черно море, Tscherno more; Tierkesch: Karadeniz; Lasesch: უჩა ზუღა/Utscha sugha; Georgesch: შავი ზღვა, Schawi sghwa; Russesch: Чёрное море, Tschornoje morje; Ukrainesch: Чорне море, Tschorne more) ass e Mier tëscht Europa a Klengasien. D'Länner ronderëm sinn d'Tierkei, Bulgarien, Rumänien, d'Ukrain, Russland a Georgien. D'Schwaarzt Mier ass bei Istanbul via d'Mierenkt vum Bosporus, d'Marmara-Mier an d'Dardanellen mat der Ägeis, resp. dem Mëttelmier verbonnen. Den déifste Punkt läit 2210 Meter ënner Waasser. D'Surface ass 422 000 km².

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Fënnef grouss europäesch Stréim lafen an d'Schwaarzt Mier: d'Donau, den Dnjepr, den Dnjestr, den Don an de Kuban. An der Tierkei mënden 3 méi kleng Stréim do dran. Vu Westen no Oste sinn dat: Sakarya, Kızılırmak anYeşilırmak. De Çoruh kënnt aus der Tierkei mä leeft bei Batumi a Georgien an d'Mier. D'Küstegéigend ass am Westen an am Norden éischter flaach, mä am Osten an am Süden, esou wéi och op der Krim-Hallefinsel, biergesch.

Den Numm [änneren]

Déi Al Griichen hunn d'Schwaarzt Mier Pontos Euxeinos, "Gaaschtfrëndlecht Mier" genannt. Dat ass en Euphemismus, well virdru gouf et, wéinst de Stierm am Hierscht an am Wanter, Pontos Axeinos ("Gaaschtonfrëndlecht Mier") genannt, mä well d'griichesch Schëffsleit Angscht haten, mat esou engem Numm d'Gëtter ze provozéieren, gouf déi méi "frëndlech" Variant bäibehalen.

Den Numm Schwaarzt Mier ass eng Iwwersetzung vum tierkeschen Numm Kara Deniz, mä wahrscheinlech geet en op eng méi eeler persesch Bezeechnung zréck, wou den an der Antikitéit gewinnte System gebraucht gouf, fir Himmelsrichtunge symbolesch duerch Faarfwierder ze beezechnen, a "schwaarz" fir dat nërdlecht Mier stoung. Eng aner Deitung vun der Etymologie ass déi, datt den Numm op der Beobachtung vun enger schwaarzer Faarf vum Waasser berout, déi dohier kënnt datt sulfidogen Bakterie Schwiefelwaasserstoff aus Sulfat bilden, deen zesumme mat Eisen-Ionen Eisesulfid ergëtt.

D'Iwwerschwemmung no der Äiszäit [änneren]

Während der Äiszäit war do, wou haut d'Schwaarzt Mier ass, e grousse Séisswaasserséi, deen net mam Mëttelmier verbonne war. No der Äiszäit ass dës Verbindung entstanen, an de Séi mat Mierwaasser vollgelaf.

Wichteg Hafestied [änneren]

Schwaarzt Mier
Commons: Black Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien