Sparta

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der algriichescher Stad Sparta. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sparta (Homonymie).

Sparta (algr.: Σπάρτη / Spártê oder Spárti, op doresch Σπάρτα / Spárta) oder Lakedaimon (Λακεδαίμων / Lakedaímôn) ass eng algriichesch Stad vum Peloponnes, op enger Plaz wou haut eng modern Stad mat 18.184 Awunner (2001) steet. Sparta läit um Eurotas, am Dall vu Lakonien, tëscht de Bierger Taygetos a Parnon. Sparta war d'Haaptstad vu Lakonien an nieft Athen an Theben eng vun de mächtegste Poleis am antike Griicheland.

Territoire vu Sparta

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am archaieschen Zäitalter war Sparta eng vun den éischte griichesche Poleis. Um Ufank vum 5. Joerhonnert v. Chr. huet Sparta als Championne vu Griicheland géint d'Perser an de Perserkricher gezielt. Progressiv si Sparta an Athen zu Rivale ginn, et koum dann och zu enger militärescher Ausernanersetzung, dem Peloponnesesche Krich (431-404). D'Victoire iwwer Athen an dësem Krich huet Sparta 404 d'Hegemonie ginn, a mat persescher Ënnerstëtzung huet de "Kinneksfridden" (378) Sparta zum Arbitter vun der griichescher Welt gemaach. 376 war d'Enn vun der athenescher Flott komm, an hir Hegemonie iwwer d'Mier war eriwwer. 371 hunn d'Athener an d'Spartaner géigesäiteg hir Konfederatiounen unerkannt, nëmmen déi vu Böotien hunn allebéid refuséiert. D'Spartaner, déi vu sech selwer iwwerzeegt ware, si géint Theben gezunn, mä si goufen 371 an der Schluecht vu Leuktra geschloen, a Sparta huet seng Hegemonie souwéi 400 vun den 2000 Homoioi verluer. Sparta huet sech ni komplett vun dëser Néierlag erholl.

Sparta huet sech op de Peloponnes zeréckgezunn, mä d'Thebaner hunn hir Dominatioun iwwer d'Helote verluer. Messene gouf befreit, fir e Géigegewiicht zu Sparta duerzestellen. D'Schluecht vu Mantineia 362 huet hinnen zwar erlaabt, d'Rudder nees erëmzerappen, andeems Sparta d'thebanesch Hegemonie zerstéiert huet, mä dëst war net vu laanger Dauer. Kinnekräich Makedonien huet sech an d'politescht Spill vun de griichesche Poleis ageméscht, déi schlussendlech vum Philippe II. dominéiert goufen.

Am 3. Joerhonnert v. Chr. koum et zu Schwieregkeeten duerch de sozio-politesche System vu Sparta an d'Bevëlkerung huet ofgeholl. D'Polis ass dunn eng Allianz mat Roum géint d'Aitolesch Liga agaangen, an huet an engems géint d'Achaiiesch Liga gekämpft. Schlussendlech gouf Sparta wéi déi aner griichesch Poleis vum Réimesche Räich absorbéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vu Sparta.

Sozial Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Am 5. Joerhonnert v. Chr. waren déi wierklech Spartaner (Ὃμοιοι / Hòmoioi, "Déi selwecht") nëmmen e klengen Deel vun der globaler Bevëlkerung vun der Stad. 490 huet de Kinnek Demaratos d'Zuel vun Hopliten, déi hie mobiliséiere konnt, op 8.000 geschat[1].

Idealvisioun vu Sparta an der Schedelsche Weltchronik aus dem Joer 1493.

Dës Zuel ass am 5. Joerhonnert gefall, virun allem duerch d'Äerdbiewe vu 464, wat dem Plutarch no[2] de Gymnasion zerstéiert huet, an dobäi all d'Epheben ëmbruecht huet. Ausserdeem koum et zu enger Revolt vun den Heloten. Sou konnte fir d'Schluecht vu Leuktra 371 nëmmen nach 1.200 Hoplite mobiliséiert ginn, vun deenen der 400 um Schluechtfeld gefall sinn.

D'Zuel vun de Perioiken war méi héich wéi déi vun den Homoioi. Sou gëtt ugeholl, datt et iwwer honnert Agglomeratioune vu Perioike gouf. Dem Strabon no war Sparta d'"Polis vun den 100 Stied". D'Heloten (Εἵλωτες / Heílôtes, Sklaven), kënnen op 150 000 - 200 000 Leit geschat ginn. Dem Thukydides no war dëst déi gréisst Sklavegrupp a ganz Griicheland.

D'Bierger[änneren | Quelltext änneren]

Déi eenzeg Leit, déi zu Sparta politesch Rechter haten, waren d'Spartaner am enkste Sënn, déi op gr. och ἄστοι / astoi (« Bierger ») — méi aristokratesche Begrëff wéi de gewinnte πολίτης / polítês — oder och Ὃμοιοι / Hòmoioi genannt goufen. Et ass net sécher, datt all Spartaner och Homoioi waren: verschidde Bierger, déi als Feiglingen am Kampf ugesi goufen, κακοί / kakoí, waren och allerlee Spott ausgesat, hu missen d'Jonggesellesteier bezuelen, a goufen net an de Choueren opgeholl. D'Historiographie nennt si traditionell Tresantes, déi déi zidderen. Si si weiderhi Bierger vu Sparta bliwwen, mä haten e méi nidderege Rang wéi d'Homoioi.

Fir Bierger vu Sparta ze sinn, gouf et follgend Konditiounen:

  • et huet ee missen d'Kand vun zwee Spartiate sinn, d'Baaschterten, νόθοι / nóthoi, goufe vun den normale Bierger ënnerscheet ;
  • et huet ee misse méi wéi 18 Joer al sinn ;
  • et huet ee missen e Mann sinn ;
  • et huet ee missen zu Sparta gebuer sinn ;
  • et huet ee missen d'Spartanesch Educatioun hanner sech hunn ;
  • et huet ee missen un de kollektiven Iessen deelhuelen (Syssition) ;
  • et huet ee missen en eegenen Terrain hunn (Kléros).
En Hoplit mat sengem Helm (Archeologesche Musée vu Sparta).

Dem Thukydides no huet sech zu Sparta eng Gläichheet an de Liewensaarten entwéckelt, jiddwereen hat e gemeinschaftlecht a strengt Liewen[3].

Déi niddereg Klasse vun der Gesellschaft[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht dem Bierger an dem Sklav gouf et zu Sparta eng Partie niddereg Klasse vun der Gesellschaft, d'Hypomeiones.

D'Helote waren d'Bauere vu Sparta. Hire Statut gouf mat der Reform vum Lykurgos geschaf. Si ware keng Sklaven, déi verkaaft konnte sinn, mä Leifeegen: si waren un de Kléros gebonnen, dee si kultivéiert hunn mä si duerfte sech bestueden a Kanner hunn. D'Differenz tëscht dem "Loyer" fir de Kléros, dee si dem Bierger hu misse bezuelen, an der Rekolt, huet hinnen zougestanen.

An Ausnamefäll konnte si och fir de Militärdéngscht rekrutéiert ginn, a konnten doduerch hir Fräiheet kréien. Et gouf méi Helote wéi Homoioi, a si hunn d'Reform vum Lykurgos gespuert, well si op d'Säit gedréckt goufen. D'Spartaner, déi Angscht virun enger Revolt haten, hunn hinnen all Joer de Krich erkläert, a si terroriséiert.

Genee op déi selwecht Manéier hunn d'Perioiken ("Awunner ronderëm") duerch d'Reform keng politesch Rechter zu Sparta gehat. Si waren allerdéngs fräi a Bierger vun hiren eegene Stied. Si haten de Monopol vum Handel, an hu sech dee vum Handwierk mat den Heolte gedeelt. Ënner de Perioike gouf et och Baueren, déi op mëttelméissege Lännereie gewunnt hunn.

Parallel zu dësen zwou grousse Gruppen huet Sparta och eng ganz Partie Tëschekategoerie kannt: gefale Bierger, déi duerch hiren Aarmut hir Kotisatioun beim Syssition net méi bezuele konnten, oder well si feig am Kampf waren (Tresantes), Heloten déi d'Fräiheet kritt haten (Neodamodeis), oder d'Skiritai.

Educatioun zu Sparta[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Lykurgos war d'Educatioun zu Sparta obligatoresch, kollektiv a gouf vun der Polis organiséiert. De spartanesche Puppelche gouf vun enger Kommissioun vun Eeleren ënner d'Lupp geholl, fir ze kucken op hie schéin a gutt gebaut war. Wann dëst net de Fall war, sou gouf d'Kand als onnëtz Laascht fir d'Polis ugesinn, a gouf ëmbruecht.

Tëscht 7 an 20 Joer hunn déi jonk Spartaner a Gruppen ënner paramilitäre Konditioune gelieft, a ware baussent der Tutelle vun hiren Elteren. Dës Educatioun, ἀγωγή / agôgế, war virun allem fir hir Häert bekannt, an hat als Zil, effikass Zaldoten auszebilden, deenen un der Stad méi louch, wéi un hirem eegene Liewen. Dës Educatioun gouf och op d'Meedercher applizéiert, fir staark a gesond Fraleit ze kréien, déi hirersäits nees staark Kanner géifen op d'Welt bréngen. Als Symbol vun der "spartanescher Ausnam" ass iwwer dës Educatioun awer och wéineg bekannt, d'Auteuren hu meeschtens op bestëmmte Punkten insistéiert, vun deenen der vill wuel och eréischt spéit derbäikomm sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Spartanesch Educatioun.

Politesche System[änneren | Quelltext änneren]

De politesche System vu Sparta, genee wéi den Educatiounssystem, soll d'Wierk vum mythesche Lykurgos am 7. Joerhonnert v. Chr. gewiescht sinn, de Plutarch schwätzt souguer vum 9. oder 8. Joerhonnert v. Chr.. Als Jong vun engem spartanesche Kinnek soll de Lykurgos op Delphi gereest sinn, fir d'Pythia ze konsultéieren.

De mythesche Lykurgos.

D'Resultat vun dëser Rees soll déi zukënfteg Constitutioun vu Sparta gewiescht sinn, d'Grouss Rhêtra (μεγάλη ρήτρα / megálê rhếtra). Dës Constitutioun, déi wuel net néiergeschriwwe war, gouf no de laange Messenesche Kricher, déi den Adel an d'Polis geschwächt haten, elaboréiert. Fir d'Iwwerliewe vun der Polis ze sécheren, gouf d'Eunomia agefouert, jiddweree war gläich virum Gesetz. Am Géigesaz zu Athen war d'Eunomia zu Sparta allerdéngs e Synonym fir grouss Disziplin, a jiddgereen huet misse Kompromisser agoen: de Kinnek, den Adel an d'Vollek.

De System vum Lykurgos huet Elementer vu véier verschiddene Regimer koexistéiere gelooss:

Déi total Eunomia[änneren | Quelltext änneren]

Et ass evident, datt d'Kris vum 7. Joerhonnert v. Chr. nëmmen duerch d'Aféierung vun den Hoplite konnt geléistt ginn. Dës nei Klass vu Bierger huet zu der εὐνομία / eunomía (εὖ / , « Besëtz » an νόμος / nómos, « Traditioun, Gesetz ») gefouert.

Dës Absorptioun gouf ganz wäit gedriwwen, fir eng total Gläichheet z'erreechen:

  • d'Aristokraten hunn hir Privilegië ganz opginn: am 6. Joerhonnert v. Chr. goufen zu Sparta 7000 - 8000 Homoioi gezielt ;
  • de Landadel huet seng Lännereien opginn, fir si der Allgemengheet ze ginn ; jiddweree krut de selwechten Deel, de κλῆρος / klễros dee weeder verkaaft nach hypothekéiert konnt ginn. Dëse Kleros konnt och net verierft ginn, a gouf vun de Sklaven (Heloten) kultivéiert. De Produit gouf an Natur un de Proprietär geschéckt, deen domat seng Famill erniere konnt, awer net räich ginn ass. Et war och verbueden, Handel ze dreiwen ; jiddweree war fir déi eenzeg wichteg Aufgab vun der Polis disponibel, de Krich ;
  • d'Educatioun war déi selwecht fir jiddwereen, a komplett op de Krich orientéiert ;
  • Gläichheet bei de politesche Rechter: all Bierger hu bei der Apella, der Volleksversammlung vu Sparta, matgemaach.

D'Apella[änneren | Quelltext änneren]

D'Apella, d'Volleksversammlung vu Sparta, war d'Zesummekomme vun den Homoioi. Dës Versammlunge waren ëmmer u fixen Daten.

D'Apella huet d'Projete vun der Gerousia gekuckt, an hinnen entweeder zougestëmmt, oder net, ouni driwwer ze diskutéieren. Kee Bierger huet dobäi d'Wuert ergraff. D'Decisioune goufen duerch Acclamatioune getraff, oder, och wann dëst méi rar war, duerch en Deplacement vun de Wieler. Hir Stëmm war awer net un d'Gerousia gebonnen, déi domat rechne konnt, datt d'Vollek sech iere géif.

D'Apella huet och d'Ephoren an d'Geronte gewielt, duerch eng Prozedur déi eis den Aristoteles iwwerliwwert huet: Indiviuë goufen an en Zëmmer gespaart, an hunn d'Intensitéit vun den Acclamatioune gemooss. E geneeë Fonctionnement ass awer onbekannt. Et ass net gewosst op d'Spartaner d'Wuert ergräife konnten, fir e Gesetz virzeschloen, oder op nëmmen d'Ephoren an d'Geronte gewielt goufen.

Fir den Aristoteles hat d'Apella sou wéineg Muecht, datt hie si emol net als demokratescht Element vum spartanesche Regime ernimmt huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Apella.

Kinneke vu Sparta[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der Reform vum Lykurgos am 7. Joerhonnert v. Chr. hat Sparta zwee Kinneken (ἀρχαγέται / arkhagétai). Een dovu koum aus der Famill vun den Agiaden (Ἀγιάδαι / Agiádai), deen aneren aus der Famill vun den Eurypontiden (Εὐρυποντίδαι / Eurupontídai). Dës zwou Famille waren der Legend no Nokomme vun Zwillinge vum Herakles. D'Famillen duerfte sech ënnerdenaner net bestueden, a si waren op verschiddene Plaze begruewen. Déi zwee Kinneken haten déi selwecht Rechter a ware gläichgestallt.

D'kinneklech Muecht gouf vum « plus proche descendant du plus proche détenteur du pouvoir le plus royal[4] » weiderginn, d. h. de Jong koum virum Brudder, et gouf och d'Recht vum Eelsten, mä dee Jong deen zu deem Moment op d'Welt komm ass, wéi de Papp Kinnek war, huet méi gezielt wéi déi aner. Et schéngt allerdéngs wéi wann d'Spartaner dës Trounfolleg éischter liberal gesinn hunn.

De Pouvoir vun de Kinneke war militäresch a reliéis. Um Ufank vun der Monarchie konnten d'Kinneke Krich géint e Land vun hirer Wiel féieren, a si haten eng kollegial Muecht. 506 koum et zu der berüümter "Scheedung vun Eleusis" an doropshin hunn d'Kinneken hir Campagnen eleng gefouert. Am 5. Joerhonnert v. Chr. huet d'Apella iwwer de Krich ofgestëmmt, an d'Ephoren hu sech ëm d'Mobilisatioun gekëmmert. Bei enger militärescher Campagne war de Kinnek awer nach ëmmer den ieweschte Befeelshaber (ἡγεμών / hêgemốn). Säi Wuert huet méi gezielt wéi dat vun den anere Genereel, hien huet Waffestëllstänn ausgehandelt, an an der éischter Rei op der rietser Flank gekämpft, wou hie vu senger Éieregarde, den Ἱππείς / Hippeís, beschützt ginn ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kinneke vu Sparta.

D'Gerousia[änneren | Quelltext änneren]

D'Gerousia (γερουσία / gerousía) war eng Versammlung vun 28 Männer déi méi al wéi 60 Joer waren, a vun der Apella an den zwéi Kinneken op Liewenszäit gewielt goufen. Si goufen duerch hir militäresch Déngschter ausgesicht, an déi meescht Geronten hunn zu de wichtegste Famille vu Sparta gezielt. Allerdéngs konnt all Bierger, egal wéi räich oder wéi ee militäresche Rang hien hat, sech als Kandidat opsetzen. Duerch déi verschiddene Krittär gouf d'Gerousia en Instrument vum Konservatismus.

D'Geronten haten eng wichteg politesch Roll: si waren déi eenzeg, déi Gesetzer virbereede konnten, an d'Gesetzesinitiativ haten. Si haten e Vetorecht bei de Wale vun der Apella a si hu sech ëm déi ganz Innepolitik gekëmmert. Si waren och d'Riichter fir d'Kinneken, a hu sech net misse rechtfertegen. Bis am 3. Joerhonnert v. Chr. ass awer kee Veto vun der Gerousia bekannt.

D'Gerousia war ausserdeem dat héchst Geriicht, dat och d'Doudesstrof an de Verloscht vun de Biergerrechter ausgeschwat huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gerousia.

Déi fënnef Ephoren[änneren | Quelltext änneren]

D'Ephoren (ἔφοροι / éphoroi) gouf et scho virun der Reform vum Lykurgos, si goufe vun der Apella fir ee Joer gewielt, mä konnte keng zweemol gewielt ginn.

Jacques-Louis David, Léonidas aux Thermopyles, 1814.

Wéi hiren Numm et seet (algr.: ὁράω / oráô, iwwerwaachen), war hir Aufgab déi, d'Kinneken z'iwwerwaachen, an op de Respekt vun den Traditiounen opzepassen. Si konnte Geldstrofen awer och Prisongsstrofen ausdeelen, souguer de Kinneken, a och Exekutiounen ausschwetzen (wéi zum Beispill d'Heloten wärend der Krypteia ouni Prozess hiriichten ze loossen). Si hu sech och ëm d'Aussepolitik gekëmmert, d'Decisioune vun der Apella, iwwer déi si presidéiert hunn, exekutéiert, sech ëm d'Mobilisatioun vun den Truppe gekëmmert a konnten och wichteg Decisiounen am Noutfall treffen. Ee vun hinnen (et ass net gewosst wéi dësen erausgesicht ginn ass) huet dem Joer säin Numm ginn, souwéi och den offiziellen Dokumenter. D'Ephore koumen aus der Mëttelklass, si waren och en Element vum Gläichheetsdenke vun de Spartaner.

D'Muecht vun den Ephore war sou grouss, datt den Aristoteles si mat Tyranne (ἰσοτύραννος / isotúrannos) verglach huet. Hir Aufgab war et, d'Vollek ze vertrieden. Den Cicero huet si mat de tribunus plebis verglach[5]. All Mount hin d'Kinneke geschwuer, d'Gesetzer ze befollegen, an d'Ephoren hirersäit, d'Monarchie bäizebehalen. Hir Muecht hat awer och Limitten: si konnten net zweemol gewielt ginn, a si hu missen no hirem Joer e Compte-rendu ofleeën, a konnten, wann dëse schlecht war, och dofir higeriicht ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ephoren.

Relioun zu Sparta[änneren | Quelltext änneren]

D'Relioun huet zu Sparta eng méi grouss Roll wéi an anere griichesche Poleis gespillt. Zeien heivu sinn déi vill Tempelen an Hellegtümer: 43 Tempele fir Gottheeten (ἱερόν / hiéron), 22 Tempele fir d'Heroen (ἡρῷον / hêrỗion), eng fofzéng Gëtterstatuen a véier Altor. Dobäi koumen d'Monumenter op de Griewer, vun deene verschiddener zu Kultstätte goufen: dëst war de Fall bei deene vum Lykurgos, Leonidas an och Pausanias.

Kult a Gëtter[änneren | Quelltext änneren]

Artemis Orthia, Ex-voto aus Elfebeen an hirem Hellegtum.

D'weiblech Gottheeten hunn zu Sparta eng méi grouss Roll wéi an anere griichesche Stied gespillt. Vun de 50 Tempelen, vun deenen de Pausanias erzielt[6], waren der 34 fir weiblech Gottheeten. D'Athene gouf am meeschte veréiert. Den Apollo hat nëmme wéineg Tempelen, mä war trotzdeem ganz wichteg: hien huet eng Roll bei alle grousse spartanesche Fester gespillt, an dat wichtegst reliéist Monument a Lakonien war den "Troun vum Apollo" zu Amykles.

En anere besonnesche Punkt war de Kult fir d'Heroe vum Trojanesche Krich. Den Achilles gouf dem Anaxagoras no wéi e Gott veréiert, an hat zwee Hellegtümer[7]. Veréiert goufen och den Agamemnon, d'Kassandra (ënner dem Numm Alexandra), d'Klytaimnestra, de Menelaos an d'Helena.

Zu Sparta gouf et och e Kult vun den Dioskuren, den Zwillinge vum Zeus. De Pindaros huet aus hinnen "Intendante vu Sparta" gemaach, an der Traditioun no si si op der Plaz op d'Welt komm, wou spéider Sparta stoung. Hir Dualitéit huet un déi vun de Kinneken erënnert. Hinne goufen och eng Partie Wonner nogesot, virun allem an der Verdeedegung vun de spartaneschen Arméien. Si waren ëmmer bei de Campagnen un de Säite vun de Kinneken derbäi, a goufen duerch zwou Zwillingsamphore symboliséiert.

Den Herakles war zu Sparta en Nationalheld. Et gouf erzielt, hien hätt dem Tyndareos op den Troun gehollef, an an der Stad den Tempel vum Asklepios gebaut. Seng Zwielef Aufgabe sinn an der spartanescher Ikonographie ze fannen, an hir war virun allem eng Gottheet fir déi jonk Leit.

Affer a gëttlech Zeechen[änneren | Quelltext änneren]

Duerch déi wichteg Plaz vun der Relioun haten d'Paschtéier natierlech och eng wichteg Plaz an der Gesellschaft. Déi zwee Kinneke selwer haten de Status vun engem Paschtouer: si hu sech ëm d'ëffentlech Affer gekëmmert, déi immens wichteg waren, virun allem a Krichszäiten. Dem Zeus Agetor gouf ëmmer en Affer bruecht, wann et lassgaangen ass, dem Zeus an der Athena op der Grenz, an dem Ares Enyalios virun der Schluecht. Dëse Respekt vun de Riten an de reliéise Fester, awer och vun de gëttlechen Zeechen ass a villen Anekdoten ze fannen, wou d'Spartaner net an d'Schluecht gezu sinn, wann d'Zeeche schlecht stoungen.

Archaiesch Charakteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Relioun zu Sparta hat och ganz archaesch Aspekter. Iwwerreschter vun net anthroporphesche Kulte goufe fonnt (Boiai, a Lakonien, huet eng Myrteplanz ënner dem Numm Artemis sôteira veréiert). De Pausanias schwätzt och vu 15 ξόανα / xoana a Lakonien, dovu 6 zu Sparta - dëst ware Statuen aus Holz, déi nach vu virun der olympescher Relioun komm sinn. Archaiesch Charaktere hu sech och bei de reliéise Fester gewisen (Gymnopaedie, Hyakinthia a Karneia), souwéi bei verschiddenen Affer (Affer vu Päerd um Bierg Taygetos zu Éiere vum Helios).

E « Mirage spartiate » ?[änneren | Quelltext änneren]

D'Spartanesch Educatioun souwéi hire Militarismus hu vill Leit verwonnert, dës Zivilisatioun war ganz anescht wéi de Rescht vum antike Griicheland. Sparta gouf zanter der Antiquitéit och vill bewonnert, sief et duerch hir militäresch Erfolleger oder duerch hire politesche System.

Ruine vu Sparta.

Allerdéngs koum et zu enger totaler intellektueller Skleros: d'spartanesch Keramik, déi am 6. Joerhonnert v. Chr. nach ganz elegant war, gouf rustikal a praktesch ; de Poet Tyrtaios (7. Joerhonnert v. Chr.) hat keng Nofollger ; d'Skulptur war schematesch.

Athenesch Aristokraten aus dem 4. Joerhonnert v. Chr. wéi de Xenophon hu Sparta bewonnert. Fir de Platon war Sparta de Modell vun enger idealer Stad a senge Wierker Peri Politeias an Nomoi.

De Philosoph Rousseau huet de Spartaner hiren Devouement fir hiert Land bewonnert, an nëmmen de Voltaire war éischter op der Säit vun der Attescher Demokratie. En Deel vun den däitschen Intellektuelle wéi de Karl Ottfried Müller pder de Werner Jäger a verschidde Fransouse wéi de Maurice Barrès hunn a Sparta de Genie vun der dorescher "Rass" gesinn, d'« Incarnation d'une politique consciemment raciste, guerrière et totalitaire[8] ».

Den Historiker Henri-Irénée Marrou huet sech allerdéngs géint dëse « Mirage spartiate[9] » ausgeschwat: « Loin de voir dans l'ἀγωγή une méthode sûre pour engendrer la grandeur, j'y dénonce l'impuissance radicale d'un peuple vaincu qui s'illusionne ». Fir hien huet sech Sparta « crispée dans une attitude de refus et de défense, elle n'a plus connu que le culte stérile de la différence incommunicable »[10].

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Cabanes, Le Monde hellénistique. De la mort d'Alexandre à la paix d'Apamée, Éd. du Seuil, Paräis, 1995.
  • Pierre Carlier, Le IVe siècle grec jusqu'à la mort d'Alexandre, Éd. du Seuil, Paräis, 1996. (ISBN 2-02-013129-3)
  • Paul Cartledg, Spartan Reflections, Duckworth, 2001.
  • Paul Cartledg, Sparta and Lakonia: A Regional History 1300-362 BC, Routledge, 2001.
  • Paul Cartledg, Hellenistic and Roman Sparta: A Tale of Two Cities, Routledge, 2003.
  • Edmond Lévy, Sparte: histoire politique et sociale jusqu'à la conquête romaine, Éd. du Seuil, Paräis, 2003.
  • Edmond Lévy, La Grèce au Ve siècle (de Clisthène à Socrate), Éd. du Seuil, Paräis, 1995.
  • Irad Malkin, La Méditerranée spartiate, Les Belles Lettres, Paräis, 1999.
  • Henri-Irénée Marrou, Histoire de l'éducation dans l'Antiquité, 1948.
  • François Ollier, Le Mirage spartiate. Étude sur l'idéalisation de Sparte dans l'antiquité grecque de l'origine jusqu'aux cyniques, De Boccard, 1938.
  • François Ollier, Le mirage spartiate. Étude sur l'idéalisation de Sparte dans l'antiquité grecque du début de l'école cynique jusqu'à la fin de la cité, Belles Lettres, 1943.

Antik Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sparta – Biller, Videoen oder Audiodateien
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Herodot, VII, 234.
  2. Plutarch, Kimon, 16, 4-5.
  3. Thukydides, I, 6, 4.
  4. Pierre Carlier, La Royauté en Grèce avant Alexandre, AECR, 1984.
  5. Cicero, De re publica.
  6. Pausanias, Periégesis tes Hellados.
  7. Anaxagoras, Peri Physeos.
  8. H.I. Marrou, Histoire de l'éducation dans l'Antiquité.
  9. Expressioun vum François Ollier, Le Mirage spartiate. Étude sur l'idéalisation de Sparte dans l'antiquité grecque de l'origine jusqu'aux cyniques, De Boccard, 1938.
  10. H.I. Marrou, op.cit.