Hypothéik

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Icon Hinweis Rechtsthemen.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mee ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Eng Hypothéik ass e eng Form vu Pand oder Sécherheet déi en Immeubel (ausnamsweis och e mobilen Objet, wéi e Schëff oder Fliger) belaaschten. D'Hypothéik gëtt dem Créancier d'Recht, dat belaaschten Haus oder Grondstéck versteeën ze loossen, wann den Debiteur seng Schold net fristgerecht rëmbezuelt. Hypothéike gi meeschtens beim Kaf vun engem Haus oder Grondstéck opgeholl, a Verbindung mat engem Kredit (Hypothéikekredit). Eng Hypothéik ass en Droit réel (Usproch op eng Saach), am Géigesaz zum Droit personnel, deen den Usproch op d'Rëmbezuele vun enger Schold duerstellt.

An engem wäiten, iwwerdroene Sënn ass eng Hypothéik eng Belaaschtung vun der Zukunft. Sou kann ee soen, datt déi nazistesch Vergaangenheet vun Däitschland sech nom Zweete Weltkrich als eng schwéier Hypothéik fir déi jonk Bundesrepublik erausgestallt huet.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Forme vun Hypothéiken

Et ginn dräi verschidde Forme vun Hypothéiken:

  • Déi konventionell Hypothéik, déi mat engem Kontrakt opgeholl gëtt,
  • Déi legal Hypothéik, déi opgrond vun engem Gesetz zougestan gëtt, wéi:
    • legal Hypothéik fir d'Scholde géigeniwwer dem Staat an den ëffentleche Kierperschaften
    • legal Hypothéik op d'Gidder vum Momper vun engem mannerjärege Kand oder op de Momper vun engem, deen net zourechnungsfäeg ass,
    • legal Hypothéik vum Staat op de Gidder vun de Contabele vum Staat.
  • Déi geriichtlech festgeluechten Hypothéik (op der Basis vun der Decisioun vun engem Geriicht)

[änneren] Differenzéirung nom Bekanntheetsgrad vun enger Hypothéik

  • Agedroen Hypothéik (Am Hypothéikebuch agedroen)
  • Okkult Hypothéik (Legal Hypothéik, déi net oder nach net agedroen ass)

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Mortgages – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen