Archaik

Vu Wikipedia
Den Tempel vum Herakles zu Agrigento (Sizilien).
De griicheschen Historiker Thukydides.

D'Archaik ass eng vun de fënnef Epoche vun der Geschicht vum ale Griicheland, déi op der Basis vun der Keramik definéiert ginn ass.

Den archaieschen Zäitalter geet vu 620 bis 480 v. Chr., mä de Begrëff gëtt och deelweis am méi breede Sënn fir d'Period vu 750 bis 480 v. Chr. benotzt. Virgänger sinn d'Däischter Zäitalteren an d'Geometresch Period, Nofollger ass dat Klassescht Griicheland.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

De Klasseschen Zäitalter huet sech aus de politeschen a soziale Kadere vun der Archaik entwéckelt. Dës Period ass bis haut awer nëmmen zum Deel bekannt. Un éischter Linn stinn d'Poeten, dorënner virun allem den Homer mat senger Ilias an der Odyssee, wat déi eenzeg Quell fir d'2. Joerdausend ass. Méi rezent wéi den Homer huet och den Hesiod geschriwwen, deen Uerdnung an d'Mythen an d'Gëtter bruecht huet, an dee virun allem duerch säi Wierk D'Aarbechten an d'Deeg bekannt ass. Duerno gëtt et virun allem Auteuren aus der klassescher Zäit, Historiker wéi den Herodot an den Thukydides. Den Herodot erzielt virun allem ganz gär Anekdoten a wëll ëmmer säi ganzt Wësse matdeelen. A sengem Haaptwierk geet et ëm d'Geschicht vun de Perserkricher tëscht de griichesche Poleis an dem Perserräich. Fir dëse Konflikt z'erklären, geet hien an d'Archaik zeréck. Den Thukydides huet als Reaktioun op den Herodot geschriwwen, a wëll eng Geschicht schreiwen, déi op Fakte baséiert. Säin Haaptwierk ass de Peloponnesesche Krich.

Den Herodot an den Thukydides koumen awer net aus dem selwechte Milieu. Den Herodot ass um Ufank vum 5. Joerhonnert a Karien gebuer, an ass vill gereest. E groussen Deel vu sengem Liewen huet hien zu Athen verbruecht. Den Thukydides war en atteschen Aristokrat. Dem Thukydides ass virun allem a sengem éischte Buch zeréck an d'Archaik gaangen, fir verschidde Saache besser z'erklären. Den Athenaion politeia, deem dem Aristoteles zougeschriwwe gëtt, an deen an den 330er Jore geschriwwe ginn ass, fänkt mat enger politescher Geschicht vun Athen un.

Ausserdeem kann d'Archeologie en Deel zum Wësse bäidroen. Si leet awer éischter Wäert op Ëmbréch wéi op Kontinuitéiten, a virun allem déi grouss Site goufen ënnersicht.

D'Entwécklung vun der griichescher Welt[änneren | Quelltext änneren]

D'Poleis[änneren | Quelltext änneren]

Net all d'Griichen hunn an enger Polis gewunnt, virun allem am Norde vu Griicheland huet sech dëse Modell net direkt verbreet. Wéini d'Poleis opkomm sinn, ass ëmstridden, an et gëtt zwou grouss Tendenzen. Fir déi eng sinn d'Poleis eng Erfindung vun der Archaik, fir déi aner si si schonn am 2. Joerdausend ënner de Mykener opgetrueden, an d'Konzept huet sech an der Archaik ëmmer méi verbreet.

Ruine vun der griichescher Polis Sparta.

Nëmme wéineg Quelle schwätzen iwwer d'Gebuert vun der Polis. Den eelsten Zeien ass e Gesetz aus dem 8. Joerhonnert op Kreta, wat seet datt d'Polis dëst beschloss huet. An der Ilias gëtt net direkt vu Poleis geschwat, mä vun engem Oikos riets, de Chef heivu war en Aristokrat. An der Odyssee gi Plazen ernimmt, déi der Polis no kommen, an och vun enger Versammlungsplaz, der Agora, geet riets.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Polis.

No den Däischteren Zäitaltere koum et zu enger neier Organisatioun vum Raum an de Gëtter gouf eng méi grouss Plaz an a ronderëm d'Stied ginn. Am 8. Joerhonnert koum et zu Verännerunge vun de Begriefnesritualer. Virun allem am 7. Joerhonnert koum et och zu enger demographescher Explosioun, soudatt d'Stied méi grouss gi sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Däischter Zäitalteren.

Och d'Relioun huet eng wichteg Roll gespillt. D'Kulte kruten eng méi grouss Bedeitung an der Archaik an hunn d'Existenz vun enger Communautéit markéiert. Och den Heroekult war e grousst Theema am archaiesche Griicheland. D'Poleis hu sech eng Gottheet gesicht, déi dacks am Rescht vu Griicheland keng gréisser Bedeitung hat, a si als "Papp" ugesinn. Sou hat zum Beispill d'Polis Megara déi op der Grenz tëscht Attika a Peloponnes louch, den Alkathoos als Grënnungsheros.

An der Archaik koum et zu enger neier Manéier vu militäresche Kämpf, zwee Regimenter vu schwéierer Infanterie stounge sech géintiwwer. Dëst waren d'hoplitesch Phalanxen. Dës Phalanx huet an deem Sënn eng Roll bei de Poleis gespillt, well si d'sozial Bezéiunge verännert huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hoplit.

Kolonisatioun an Handel[änneren | Quelltext änneren]

Den Tempel vun der Hera (och Tempel E genannt) op der archeolescher Plaz Selinunte an der Gemeng Castelvetrano op Sizilien

.

Zu der griichescher Kolonisatioun koum et am 8. a 7. Joerhonnert v. Chr.. D'Kolonie si bis an de Weste vum Mëttelmier mat Massalia an Nikaia gaangen. Dëse Phenomeen huet um Enn vum 7. Joerhonnert v. Chr. opgehalen.

Am 7. Joerhonnert koum et zu ville Grënnungen an der Egäis an am Schwaarze Mier, dorënner Byzanz 660. Am Weste gouf virun allem Sizilien helleniséiert.

Duerch déi Kolonie koum et zu groussem Wuelstand iwwer den Handel. Sou gouf zum Beispill Aigina, wat selwer keng Kolonien hat, duerch den Handel mat de Kolonien am Okzident an am Schwaarze Mier zimmlech räich.

Zwou weider Konsequenze vun der Kolonisatioun waren d'Alphabet vun de Phenizier, wat d'Griichen adoptéiert hunn, souwéi d'Suen, déi vum Kinnek vu Lydien Krösus erfonnt gi waren. All griichesch Polis huet ugefaangen, seng eege Mënze mat hirem besonnesche Symbol ze drécken, sou zum Beispill d'Eil fir Athen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Griichesch Kolonisatioun.

D'Erfindung vun der Politik[änneren | Quelltext änneren]

Wärend der Archaik sinn d'Regimer opkomm, déi eng Constitutioun haten. Virdru gouf et a Griicheland virun allem Monarchien. Virun de Legislatioune vun Drakon a Solon hunn d'aristokratesch Famillen dominéiert. Duerch de System vun der Isonomie sollt eng politesch Egalitéit geschaf ginn.

D'Legislateure vun Athen si ganz bekannt. Den Drakon huet e strenge juristesche Code op d'Bee gestallt; vun him kënnt och den Ausdrock "drakonesch". De Solon war en anere wichtege Legislateur, deen an de Jore 594-593 Archont zu Athen war. Seng Gesetzer goufe wéi eng Constitutioun behandelt, a ware fir eng laang Zäit op Panneauen aus Holz op der Agora ze gesinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Drakon an am Artikel Solon

Tyrannis[änneren | Quelltext änneren]

Eng aner Regierungsform vun där Zäit war d'Tyrannis, déi eréischt a klassescher Zäit e schlechten Numm krut. Den Aristoteles huet en däischtere Portrait vun engem Tyrann beschriwwen[1]: den Tyrann koum ëmmer ouni Constitutioun un d'Muecht, an huet dës illegal behalen. Hie war ëmmer e populäre Chef, deen d'Vollek géint déi al aristokratesch Klass beschützt huet, déi virdrun un der Muecht war. Dacks koum hien awer och selwer aus genee dëser Klass. Seng Muecht war ni vu laanger Dauer, soubal den Tyrann d'Gonscht vum Vollek verluer hat, oder seng Interessen net méi déi selwecht waren, war et nees eriwwer.

D'Tyrannis war eng politesch Léisung am 6. Joerhonnert v. Chr.. Allerdéngs huet sech de Sënn vun der Tyrannis am klassesche Griicheland verännert. Zu där Zäit gouf et d'Tyrannis virun allem an Ionien, mä dës Tyrannen hu géint d'Averständnis vun der Bevëlkerung regéiert, si goufe vum perseschen Herrscher un d'Spëtzt vun de Stied gestallt. D'Tyrannis huet net déi selwecht Evolutioun matgemaach, wéi d'Polis.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Tyrannis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Archaik – Biller, Videoen oder Audiodateien
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Aristoteles, Politeia, V, 1310b.