Minoesch Kultur

Vu Wikipedia
Minoesche Fresko zu Knossos.

Nom mythesche Kinnek Minos gëtt déi antik Kultur vu Kreta an der Bronzezäit Minoesch Kultur genannt. Am Ënnerscheed dozou gëtt déi zäitgläich Kultur um griichesche Festland Helladesch Kultur genannt. D'Minoesch Kultur war déi fréisten Héichkultur vun Europa.

De Begrëff "minoesch" gouf schonn 1883 vum Arthur Milchhöfer benotzt[1] an duerch de Sir Arthur Evans, deen zanter 1899 op Kreta Ausgruewungen duerchgefouert huet, bekannt. Op "Minos" en Numm oder wéi Pharao en Titel war, bleift allerdéngs op.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst Spueren, datt op Kreta Leit gewunnt hunn, stamen aus dem Neolithikum, deen op Kreta wuel ëm 7000 bis 6000 v. Chr. ugefaangen huet. D'Erfuerschung vu Kreta stécht allerdéngs nach an de Kannerschong, soudatt keng fundéiert Aussoe méiglech sinn. Ëm 3000 v. Chr. huet déi kretesch Bronzezäit ugefaangen. Op verschiddene Plazen huet sech eng dominant Uewerschicht gebilt, déi fir Héichkulturen typesch war. Ongeféier ee Joerdausend drop sinn déi sougenannt Palaisen entstanen, wéi si zu Knossos, Malia, Phaistos, Galatas a Kato Zakros ausgegruewe goufen. Ëm 1700 v. Chr. koum et, warscheinlech duerch en Äerdbiewen, zu der Zerstéierung vun dëse Palaisen, déi duerno nëmmen zum Deel nees opgebaut goufen. No weideren Äerdbiewen ëm 100 Joer méi spéit goufen déi nei Palaisen nach méi formidabel nees opgebaut. An der spéitminoescher Phas SM I B[2] ass den Afloss vun de mykenesche Griiche festzestellen. Warscheinlech ëm 1430 v. Chr. koum et zu enger Eruewerung vu Kreta duerch d'Mykener an der endgülteger Zerstéierung vun de Palaisen. Nëmmen de Palais vu Knossos gouf nees nei opgebaut. Do kann een elo eng helladesch Herrscherschicht feststellen. Entweeder ëm 1370 v. Chr. oder och eréischt ëm 1200 v. Chr. gouf och de jéngste Palais vu Knossos néiergebrannt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vu Kreta.

Chronologie vun der minoescher Kultur[änneren | Quelltext änneren]

D'Chronologie vun der minoescher Zäit werft bis haut vill Problemer op. Eng Ënnerdeelung vun de minoeschen Epochen hunn de Sir Arthur Evans[3] an den Nikolaos Platon[4] opgestallt. Den Evans huet d'minoesch Geschicht no de Keramikstiler a "Fréiminoesch", "Mëttelminoesch" a "Spéitminoesch" agedeelt. Dës Phas goufen a méi fein Abschnitter (I, II an III) ënnerdeelt.

D'Klassifizéierung nom Platon geet no de Bauphase vun de minoesche Palaisen. Hien huet tëscht enger "Virpalaiszäit", enger "Alpalaiszäit", enger "Neipalaiszäit" an enger "Nopalaiszäit"[5] ënnerscheet.

Déi absolut Datéierung vun den Epochen ass net geséchert, a gëtt och haut nach weider diskutéiert. Wichtegst Unhaltspunkte fir déi zäitlech Anuerdnung si kretesch Importer an Egypten an ëmgekéiert, souwéi den Zäitpunkt vun der minoescher Eruptioun vun der Vulkaninsel Thera. Mä och déi Egyptesch Chronologie ass vum jeeweils aktuelle Stand vun der Fuerschung ofhängeg. Sollt sech bestätegen, datt de Vulkanausbroch op Thera tatsächlech ëm 1630 v. Chr. war, wéi nei wëssenschaftlech Analysen noleeën, an net wéi bis elo ugeholl ëm 1530/1500, verschibe sech verschidden Zäitstufe vum Mëttel- a Spéitminoikum. Besonnesch den Ufank vun de Stufen SM IA an SM IB an d'Enn vun MM III missten op d'mannst ee Joerhonnert éischter ugesat ginn. D'Synchronisatioun mat der Egyptescher Chronologie kënnt no der Usiicht vu ville Fuerscher mat den traditionellen Daten allerdéngs besser hin, d'Diskussioun ass also nach net ofgeschloss[6].

Trounsall am Palais zu Knossos.
Periodiséierungen no Evans a Platon
Evans Platon traditionell Chronologie laang Chronologie
Fréiminoesch Virpalaiszäit    
FM I 3100–2700 v. Chr.
FM II 2700–2200 v. Chr.
FM III 2200–2000 v. Chr.
Mëttelminoesch     
MM I A 2000–1900 v. Chr.
MM I B Alpalaiszäit 1900–1800 v. Chr.
MM II 1800–1700 v. Chr.
MM III A Neipalaiszäit 1700–1600 v. Chr.
MM III B 1600–1550 v. Chr. 1850–1740 v. Chr.
Spéitminoesch    
SM I A 1550–1520 v. Chr. 1740–1660 v. Chr.
SM I B 1520–1430 v. Chr.  1660–1612 v. Chr.
SM II Nopalaiszäit  1430–1400 v. Chr. 1612–1570 v. Chr.
SM III A 1400–1330 v. Chr. 1570–1460 v. Chr.
SM III B 1330–1200 v. Chr. 1460–1410 v. Chr.
SM III C 1200–1100 v. Chr. zanter 1410 v. Chr.
Subminoesch    
Agank vum Palais zu Phaistos.

Mat der laanger Chronologie verschiibt sech d'Synchroniséierung mat Egypten wesentlech:

Kreta Zypern Festland Egypten
MM IB, Fréi Palaiszäit MC IB   12. Dynastie
MM II, Fréi Palaiszäit MC II   13. Dynastie
MM III, Spéit Palaiszäit MCIII MH (Schachtgriewer) Zweet Tëschenzäit, zanter 1680
SM IA, Spéit Palaiszäit LCIA SH IA Zweet Tëschenzäit
SM IB I LC IB SH IB 18. Dynastie (zanter 1550)
SM IB I LC IB SH IB 18. Dynastie
SM IC I LC IC SH IC 18. Dynastie

Virpalaiszäit[änneren | Quelltext änneren]

D'Virpalaiszäit (zirka 31002000 v. Chr.) war duerch eng Erhéijung vun der Uertschaftsdicht markéiert. D'Uertschafte ware meeschtens kleng Dierfer, an deene fënnef bis aacht Familljen[7] an Haiser, déi unenee gebaut waren, gewunnt hunn. Dës Zort vun der Bebauung war anscheinend fir d'Verdeedegung gutt, sou hunn d'Haiser vu Phornou Korphi eng zoue Fassad duergestallt. An der Keramikproduktioun sinn nei Formen opgedaucht, an et gouf mat der Veraarbechtung vu Metall ugefaangen. Am Süde vun der Insel goufen haaptsächlech Kuppelgriewer fonnt. Géigestänn an de Griewer weisen op eng Erausbildung vun enger gesellschaftlecher Elite hin. Handelskontakter hat Kreta virun allem mat de Kykladeninselen, awer och mat Egypten an dem Viischten Orient. Wärend der Phas FM III ass e staarke Bevëlkerungsréckgank ze verzeechnen. Vill Uertschafte goufen opginn, d'Ursaachen heifir sinn onkloer, an och d'Archeologie kann net weiderhëllefen. An der follgender Epoch MM I koum et nees zu engem Opschwong a wirtschaftlecher a kultureller Hisiicht.

Alpalaiszäit[änneren | Quelltext änneren]

An der Alpalaiszäit (zirka 20001700 v. Chr.) si Palaisen als zentral Verwaltungseenheeten entstanen. An der premonetärer Wirtschaft vu Kreta goufen do och Wuere vun all Zort verkaaft a gelagert. D'Palaisen haten och eng kultesch Funktioun a waren de Sëtz vun der reliéiser a politescher Elite. Am Land si fir d'éischt Kéier Stied mat remarkabelen Drénkwaasser- an Ofwaassersystemer entstanen.

Am 17. Jh. v. Chr goufen d'Palaisen duerch en Äerdbiewen zerstéiert, awer séier nees opgebaut.

Neipalaiszäit[änneren | Quelltext änneren]

Den Iwwergang zu der Neipalaiszäit (17001400 v. Chr.) war relativ harmonesch. De Palais vu Knossos gouf nei opgebaut a vergréissert, de Palais vu Phaistos verklengert. Dës Period ass duerch hir héichentwéckelt Architektur markéiert.

De Palais zu Knossos.

Ëm 1430 v. Chr. sinn iwwerall op Kreta Spuere vu Bränn an Zerstéierungen nozeweisen. Dës si wuel op d'Eruewerung vu Kreta duerch d'mykenesch Festland-Griichen zeréckzeféieren. D'Palaiszentre goufen zerstéiert. Nëmme Knossos hat nach bis ongeféier 1375 v. Chr. Bestand, warscheinlech als Sëtz vun engem mykeneschen Herrscher. De Palais soll no der Usiicht vu verschiddene Geléierten ëm dës Zäit zerstéiert gi sinn. Aner Fuerscher sinn allerdéngs der Meenung, d'Datéierung vun de Schrëfttafele vu Knossos wier falsch, a géif op Feeler bei den éischten Ausgruewunge vum Evans zeréckgoen: dësen hätt Geschier aus engem eelere Gebai an de selwechte Kontext wéi d'Schrëfttafele gesat. Dës Linear-B-Tafelen - an domat d'Zerstéierung vum Palais vu Knossos - wieren domat éischter ëm 1200 ze datéieren. D'Unhänger vun dëser Theorie ginn dovun aus, datt Kreta ëm 1400 ënner mykenesch Kontroll geroden ass, mä datt awer op d'mannst Knossos ënner den neien Hären nach knapps 200 Joer Bestand hat.

Nopalaiszäit[änneren | Quelltext änneren]

An der Nopalaiszäit (1450/14001100/1050 v. Chr.) huet d'minoesch Konscht weider bestanen. Wärend virdrun d'minoesch Kultur staark d'Mykenesch Kultur beaflosst hat, a warscheinlech de Peloponnes eruewert hat, sinn elo minoesch a mykenesch Kultur matenee verschmëlzt. Allerdéngs sinn op Kreta typesch minoesch Elementer bis zum Enn vun der Period erhale bliwwen[8]. Politesch gesi war Kreta en Deel vun der mykenescher Welt a gouf vu Griiche beherrscht. Mykenesch Herrscher hunn zu Knossos an eventuell och zu Kydonia regéiert. Déi aner fréier Palaise sinn eidel bliwwen. An der Zäit ëm ongeféier 1200 v. Chr. gouf et um Festland vill Zerstéierungen, vun deenen och Kreta net verschount bliwwen ass. Dat minoesch-mykenescht huet sech nach bis ongeféier 1050 gehalen. D'Geschicht vu Kreta an den "Däischteren Zäitalteren" tëscht 1100 a 750 v. Chr. ass bis haut zum gréissten Deel onkloer.

Theorien iwwer den Ënnergang[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vum minoesche Kreta.

Den Ënnergang vun de Minoer bleift bis haut voller Rätselen, déi natierlech Plaz fir Spekulatioune loossen. Den James Baikie huet 1910 e Buch erausbruecht, wat sech fir d'éischt Kéier mam Ausbroch vun der Vulkaninsel Thera beschäftegt huet, an dëse fir d'Enn vun de Minoer verantwortlech gemaach huet. De griicheschen Archeolog Spyridon Marinatos huet dës Iddi 1939 opgegraff, a seng Theorie verëffentlecht, wouno den Ausbroch ëm d'Joer 1500 v. Chr. all minoesch Küstestied zerstéiert soll hunn.

Dës Theorie, déi wäitverbreet ass, gëllt haut an aller Reegel als widderluecht. D'Thera-Eruptioun kann den Ënnergang vun de Minoer net direkt erbäigefouert hunn, well d'minoesch Kultur och nach bal 100 Joer nom Ausbroch weider existéiert huet. D'Katastropheszenarien, déi vu risegen Tsunamien op der Nordküst vu Kreta schwätzen[9], däerfen no der Erkenntnes, datt den Ausbroch nëmmen hallef sou grouss war, wéi de Marinatos ugeholl huet[10] als iwwerdriwwe gëllen. Nach ëmmer diskutéiert gëtt allerdéngs d'Méiglechkeet, datt d'Thera-Eruptioun d'Minoesch Kultur indirekt a laangfristeg geschiedegt huet[11].

Weider stinn awer aner schwéier Äerdbiewen, d'Ewechfale vun Ofsazmäert fir kretesch Produiten oder Onrouen als Ursaache fir den Niddergang vun de Minoer zur Diskussioun. Sécher ass nëmmen, datt schliisslech achäesch Herrscher de Palais zu Knossos iwwerholl hunn. Dobäi kënnt nëmmen eng militäresch Eruewerung a Betruecht. D'Fro no dem Ënnergang vun der minoescher Kultur, déi eng net-indoeuropäesch Kultur war, hat um Ufank vun de Fuerschungen dowéinst groussen Interessi, well d'Minoer ouni Verbindung zu der méi spéider Kultur vu Griicheland verschwonne waren, wéi et geschéngt huet. D'Entzifferung vun der Linearschrëft B huet awer bewisen, datt et op Kreta an der Nopalaiszäit eng Herrscherschicht gouf déi griichesch geschwat huet a geneesou gouf et eng netgriichesch, an domat net indoeuropäesch, Herrscherschicht an der Linear A Phas. D'Kontinuitéit an der Kultur vu Kreta iwwer den Ëmbroch ewech an de Bäitrag vun de Minoer zum Entstoe vum Griichentum ginn zanterhier ëmmer méi däitlech. Well sech och mythologesch Hiweiser op d'Gebuert vum Zeus op Kreta fannen, sinn dës mam Entstoe vun den Onrouen, déi dës Relioun iwwerliwwert huet, vläicht och en Deel vun der geschichtlecher Wourecht.

Bevëlkerung a Gesellschaft[änneren | Quelltext änneren]

D'Besiidlungsgeschicht vu Kreta a minoescher Zäit entsprécht um Land zirka der haiteger. D'Stied waren allerdéngs däitlech méi kleng wéi déi modern Stied. Fir Knossos variéieren d'Schätzungen tëscht 10.000 an 20.000 Awunner. Kreta war domat fir déi deemoleg Verhältnesser zimmlech staark bewunnt.

Dem Homer seng Beschreiwung vu Kreta als Land mat 90 Stied an enger Mëschung aus Faarwen a Sprooche gëtt vill zitéiert:

Eng Fra a kretesche Kleeder (Sparta, ëm 1400 v. Chr.).
„Kreta ist ein Land im dunkelwogenden Meer
Fruchtbar und anmutsvoll und rings umflossen. Es wohnen
Unzählige Menschen, und ihre Städte sind neunzig:
Völker von mancherlei Stamm und mancherlei Sprachen. Es wohnen
Dort Achaier, Kydonen und eingeborene Kreter,
Dorier, welche sich dreifach verteilet, und edle Pelasger.
Ihrer Könige Stadt ist Knossos, wo Minos geherrscht hat [...]“[12]

Dës Verse bezéie sech zwar op eng méi spéit Epoch, mä och a minoescher Zäit kéinte schonn ethnesch Gruppen am Kader vun den Handelsbezéiungen op d'Insel komm sinn.

Ouni Zweiwel huet sech déi minoesch Gesellschaft um Wee zu hirer Héichkulturphas sozial differenzéiert. Ënnerschiddlech Votivgeschenker an de Griewer loossen op ënnerschiddlech sozial Stellungen zu Liefzäite schléissen. Geneesou ass eng staark Spezialiséierung festzestellen: et gouf Fëscher, Rudderer, Kapitänen, Zaldoten, Schreiwer, Moler, Bauaarbechter, Architekten, Museker asw. Ongekläert bleift awer, wouran déi sozial Stellung begrënnt war, op s'ierflech war, an op schonn tëscht Sklaven a Fräien en Ënnerscheed gemaach gouf.

Déi prominent Duerstellung vu Fraen, warscheinlech Paschtéiesch, an der minoescher Konscht - typescherweis mat plakeger Broscht - huet zu Spekulatiounen iwwer e Matriarchat gefouert. Ouni Zweiwel hate Fraen - zum Beispill als Paschtéiesch - gesellschaftlech wichteg Funktiounen. Awer och wann d'griichesch Iwwerliwwerung fir eng aflossräich Positioun vun de minoesche Frae schwätzt, bleift d'Fro no der Stellung vun de minoesche Fraen, a vun de Verhältnesser tëscht de Geschlechter ouni Äntwert, well d'Quelle feelen.

Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Haaptwierker an der minoescher Konscht waren nieft der Architektur virun allem déi sëlleg Wand- a Vasemolereien. Besonnesch ernimme muss een och d'Glyptik. D'Plastik huet eng méi kleng Roll gespillt.

Grondformen an der minoescher Konscht ware logesch geometresch Zeechnungen, déi mat Spiralen a Planzemotiver verbonne goufen. Hei sinn och Welleranken a Palmetten opgetrueden.

Fresko vun engem Stéier zu Knossos.

Schonn zanter 2500 v. Chr. goufe Vase mat einfache geometresche Mustere bemoolt. Mam Ufank vun der Mëttlerer Bronzezäit ëm 2000 v. Chr. an domat dem Ufank vun der minoescher Héichkultur am méi enke Sënn, hat d'Vasemolerei hir éischt Bléi. D'Vase waren dacks ganz fein an op däischterem Hannergrond mat ville florale Motiver bemoolt[13]. Zanter ongeféier 1650 huet de Mieresstil ugefaangen. Besonnesch Biller vu Mierbewunner ware beléift. D'Faarwegkeet vun der Bemolung gouf e bëssen ageschränkt. Zanter 1450 v. Chr. ass e gewëssen Niddergang festzestellen. D'Vase goufe méi graff an d'Biller vun de Planze goufen ëmmer méi stiliséiert.

Schonn zanter 2500 v. Chr. goufe wichteg Raim stuckéiert a rout bemoolt. Zanter der Phas MM I (zirka 2000 v. Chr.) gëtt et Beleeger fir einfach geomeetresch Musteren zu Malia an zu Phaistos. Virun allem am Palais vu Knossos, mä och op anere Plazen, goufe Wandmolereie fonnt. Déi eelst Beispiller ginn ëm 1700 bis 1600 v. Chr. ugesat. D'Wandmolerei weist vun Ufank un eng Virléift fir Naturzeenen, Blummen a stiliséiert Landschaften. Besonnesch gutt gelonge sinn de Minoer d'Duerstellunge vun de Beweegungen, déi d'minoesch Konscht däitlech vun der egyptescher a mesopotamescher ënnerscheet. D'Molereie falen och duerch hir vill Faarwen op. Et goufe méi oder wéineger liewensgrouss Duerstellunge gemoolt, awer och Biller, déi als Miniaturfreske bezeechent ginn.

Besonnesch waren och déi flaach Relieffer aus Stuck, déi virun allem zu Knossos fonnt goufen. Heirop goufe Figuren duergestallt, awer och endlos Musteren. Dës Stuckrelieffe waren an der Reegel och bemoolt.

Linear A-Tafelen aus Arkotiri op Santorini.

D'minoesch Plastik war meeschtens relativ kleng. Terrakotte waren éischter usprochslos. Kleng Bronzefiguren, déi net méi grouss wéi 25 cm sinn, sinn dogéint immens no un der Natur. Si stelle meeschtens Leit duer, déi bieden, an dofir d'Äerm an der Luucht hunn. Geneesou realistesch sinn d'Déierefiguren, besonnesch vu Stéieren a Geessen.

D'kretesch Palaise waren onbefestegt, a fir de Kult ëm grouss Häff gruppéiert.

Déi kretesch Relioun war duerch hir Duerstellung op Vasen a Mauere grondverschidde vun den neolithesche Reliounen: si huet d'Gëtter net als gräifbaart Idol veréiert, mä als Naturmuechten, deenen hir Gestalt nëmmen a Visiounen ze gesi war, an deenen hiert Geheimnis an urale Legende vun der Gebuert, der Léift an de Kämpf vun de Gëtter ugedeit ginn ass.

Sprooch a Schrëft[änneren | Quelltext änneren]

Eelsten Zeie fir de Gebrauch vun der Schrëft ass e Sigel aus der Phas MM I deen zu Archanes fonnt ginn ass. D'Zeeche goufen no der Plaz wou si fonnt goufen Archanesschrëft genannt. Spéider Entwécklungsstufe vun der Schrëft sinn d'Hieroglyphen déi virun allem am Norde benotzt goufen, souwéi d'Linearschrëft A, déi parallel dozou existéiert huet, wat duerch Sigelen an Tountafelfragmenter iwwerliwwert ass. Eenzegaarteg a rätselhaft ass den Diskos vu Phaistos, dee mat agestempelte Schrëftzeechen dekoréiert ass. D'Benotzung vu Stempelen als Schrëftzeeche stellt fir d'Zäit virun 3700 Joer eng extreem Innovatioun duer.

Den Diskos vu Phaistos.

Aus der minoescher Linearschrëft A huet sech déi méi spéit vun de Mykener benotzt Linearschrëft B ofgeleet. D'Textzeien, déi hieroglyphesch a méi spéit a Linearschrëft A festgehale goufen, weisen op eng minoesch Sprooch hin, déi zwar duerch Vergläicher mat der Linearschrëft B zum Deel ze liesen ass, awer nach net komplett entschlësselt konnt ginn. D'Sprooch konnt och nach kenger bekannte Sproochefamill zougeuerdent ginn. Am Oste vu Kreta huet d'Sprooch offensichtlech bis an d'historesch Zäit iwwerlieft. Hei goufen Inscriptiounen a griichescher Schrëft fonnt, d'Sprooch vun dësen Inscriptioune gëtt Eteokretesch genannt.

Relioun a Mythologie[änneren | Quelltext änneren]

Zentre vun der kretescher Relioun ware Biergspëtzten an Hielenhellegtemer. Och Palaisen hate kultesch Funktiounen.

Duerstellungen, virun allem op Sigelen a Réng, loossen op eng polytheistesch Relioun schléissen, déi fir Akerbaugesellschaften typesch war. Méiglecherweis war d'kretesch Relioun méi geschlechtsspezifesch wéi déi méi spéit griichesch Relioun. Frae goufe meeschtens mat weibleche Gottheeten duergestallt, Männer mat männlechen.

An den Hellegtemer goufe Votivgeschenker aus Toun, Bronze a Sëlwer entdeckt, déi Miniaturbiller vun Déieren, Fabelwiesen a mënschlechen Extremitéiten duerstellen. Biller vun engem Stéier kënnen als symbolescht Affer vum duergestallten Déier, e Fouss als Gebiet fir d'Gesondheet vun dësem Kierperdeel interpretéiert ginn.

Eng minoesch Schlaangegottheet (Palais vu Knossos, ëm 1600 v. Chr.).

D'Bemolung vun engem Sarkophag, deen zu Agia Triada fonnt gouf, weist ënner anerem eng Afferzeen: Paschtéiesche afferen der Gottheet e Stéier. De Stéier gëtt dofir op engem separaten Altor geschluecht. Am Hannergrond ass e Flüttespiller ze gesinn. Um rietse Bord vum Bild sinn en Altor, eng Duebelaaxt sou eng Zort Schräin mat Duebelharen an e Bam z'erkennen. Eventuell huet sou d'Geschicht vun der „KinneksduechterEuropa wuel e realen Hannergrond.

Duerch nei archeologesch Ausgruewunge bei Anemospilia a Knossos am Joer 1979 goufen och op Kreta déi fir vergläichbar Reliounen typesch Mënschenaffer beluecht.

Den Theseus-Mythos beschreift wuel verzerrt an an enger Metapher déi kultesch Zesummenhäng op Kreta, wat als Wéi vun der europäescher Kultur gëllt. Och d'Gebuert vum Zeus gëtt am Mythos an eng Hiel um Bierg Ida verluecht. Well bei der Aféierung vu senger Relioun ëmmer vu Kämpf erzielt gëtt, kéint de Verfall vun der Kultur och mat engem bluddege Reliounswiessel vum Kronos op den Zeus ze dinn hunn, deen, wéi en op d'Festland komm ass, déi Däischter Zäitalteren ausgeléist respektiv verlängert huet.

Bezéiungen no Baussen[änneren | Quelltext änneren]

D'Minoer ware gutt Séifuerer, an déi méi spéit griichesch Mythe schwätze vläicht vun enger Thalassokratie vum Kinnek Minos, deen déi éischt Séimuecht am Mëttelmier opgebaut huet. Dës Stellung hunn nom Ënnergang vun der minoescher Kultur wuel d'Phenizier iwwerholl - allerdéngs ass d'Thees vun enger minoescher Séiherrschaft an der Fuerschung haut net méi onëmstridden.

Op jiddwer Fall beleeën archeologesch Ausgruewungen eng Verbreedung vun der minoescher Kultur am ëstleche Mëttelmier bis op Sizilien. Op der Inselgrupp vun de Kykladen an der südlecher Egäis huet d'Kykladekultur vun der Bronzezäit staark Bezich op d'minoesch Kultur opweises, an den Uertschaftsnumm "Minoa" op de Kykladen an de griichesche Küste weist op eng Presenz vun de Kreter hin. Ënner kreteschem Afloss stoungen ënner anerem d'Inselen Thera, Kythera, Rhodos[14] a Melos souwéi Milet a Klengasien an evtl. och Zypern. Och wann de Charakter an d'Ausmooss vun der politescher a wirtschaftlecher Ofhängegkeet vu Kreta ënnerschiddlech gewäert ka ginn, sou ginn dës Ausseposte vu mionescher Kultur dacks als kretesch Handelsstatiounen ugeschwat.

Enk Bezéiunge gouf et zu Egypten. Bis ëm 1400 v. Chr. fënnt een an egyptesche Griewer ëmmer nees Duerstellunge vun Emissären aus Kreta. Am egypteschen Avaris gouf souguer e Palaiskomplex aus der 18. Dynastie fräigeluecht, deen am minoesche Stil gebaut gi war.

Schrëften aus Mesopotamien beleeën och Kontakter an dës Regioun.

Archeologesch Sitten[änneren | Quelltext änneren]

Iwwerbléck iwwer d'Ausgruewungen zu Gournia.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Angelos Chaniotis, Das antike Kreta, C.H. Beck, München, 2004. (ISBN 3-406-50850-2)
  • J. Lesley Fitton, Die Minoer, Konrad Theiss Verlag, Stuttgart, 2004. (ISBN 3-8062-1862-5)
  • Moses Finley, Les Premiers Temps de la Grèce, Maspéro, Paräis, 1973.
  • Reynold Higgins, Minoan and Mycenaen Art , Thames & Hudson, London 1997. (ISBN 978-0-500-20303-3)
  • Edmond Lévy, Le Système palatial en Orient, en Grèce et à Rome, Brill, Leyde, 1987.
  • Hans Lohmann, "Die Santorin-Katastrophe - ein archäologischer Mythos" in: Naturkatastrophen in der antiken Welt, Stuttgart, 1998.
  • Brinna Otto, König Minos und sein Volk, Artemis & Winkler Verlag, Düsseldorf/Zürich, 1997. (ISBN 3-7608-1219-8)
  • Jean-Claude Poursat, La Grèce préclassique, des origines à la fin du VIe siècle, Éd. du Seuil, Paräis, 1995. (ISBN 2-02-013127-7)
  • Harald Siebenmorgen (Ersg.), Im Labyrinth des Minos. Kreta - die erste europäische Hochkultur, Biering & Brinkmann, München, 2000. (ISBN 3-930609-26-6)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Minoesch Kultur – Biller, Videoen oder Audiodateien
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Ich glaube nun in der That, dass wir in den Grundlagen, auf denen die minoische Herrschaft erwuchs, diejenigen Elemente und Beziehungen wiederfinden, aus denen sich uns auf anderm Wege auch die Gesamterscheinung der ältesten Kunst und Cultur in Griechenland und namentlich auf Mykenae ergab.“ (Arthur Milchhöfer, Die Anfänge der Kunst in Griechenland, Brockhaus, Leipzig, 1883, S. 128).
  2. Klassifikatioun nom Nikolaos Platon an Arthur Evans.
  3. De Sir Arthur Evans (1851-1941) huet de Palais vu Knossos ausgegruewen.
  4. Den Nikolaos Platon (1909-1992) huet de Palais vu Kato Zakros entdeckt.
  5. Zäit no der entgülteger Zerstéierung vum Palais vu Knossos.
  6. Vgl. J. Lesley Fitton, Die Minoer, S. 27-32.
  7. 25-50 Persounen.
  8. Zum Deel och mat Nowierkungen an d'Archaiesch Zäit.
  9. John Antonopoulos, "The great Minoan eruption of Thera volcano and the ensuing tsunami in the Greek Archipelago", in: Natural Hazards 5, 1992, S. 153-168.
  10. Floyd W. McCoy & Grant Heiken, "The Late-Bronze Age explosive eruption of Thera (Santorini), Greece – Regional and local effects", in: Volcanic Hazards and Disasters in Human Antiquity, 2000, S. 43–70.
  11. Jan Driessen & Colin F. MacDonald, The troubled island. Minoan Crete before and after the Santorini Eruption, 1997.
  12. Odyssee, 19. Gesang, 173-179, Iwwersetzung nom Johann Heinrich Voss.
  13. Vgl. Kamares-Stil.
  14. Virun allem Ialysos.