Odyssee

Vu Wikipedia
John William Waterhouse, 1891

D'Odyssee (gr.: Οδυσσεια; Odysseía) ass no der Ilias den zweeten Eepos, deen dem griicheschen Dichter Homer zougeschriwwe gëtt. Am spéiden 8. Joerhonnert v. Chr. gouf en néiergeschriwwen. D'Odyssee erzielt vun den Erliefnesser vum Kinnek Odysseus vun Ithaka a senge Begleeder op hirer Heemrees aus dem Trojanesche Krich.

A ville Sprooche steet de Begrëff Odyssee dofir fir laang Reesen, ouni ze wësse wouhin.

Ανδρα μοι εννεπε, Μουσα, πολυτροπον, 'ος μαλα πολλα πλαγχθη, επει Τροισ 'ιερον πτολιεθρον επερσεν...

An 12.000 Hexameterversen an a 24 Gesäng erzielt d'Odyssee, wéi de Kinnek vun der klenger Insel Ithaka no 10 Joer Krich nach weider 10 Joer hin an hier reest. No villen Aventurë kënnt en onerkannt als Heeschemann heem an e fënnt säin Haus vu Freieren ëmginn, déi hanner senger Fra Penelope hier sinn.

An enger Parallelgeschicht, der Telemachie, kréie mer erzielt, wéi den Telemachos, de Jong vum Odysseus, sech op d'Sich mécht, fir säi vermësste Papp ze fannen.

Déi 24 Gesäng[änneren | Quelltext änneren]

Fir et spannend ze machen, schafft den Auteur mat komplexe Methoden. Hie baut Parallelhandlungen, Réckblenden, Tirangskapitelen, Wiessel vu Perspektiv an Erzieler a seng Geschicht an. Dat wat geschitt, gëtt net der Rei no beschriwwen, mä fänkt un, kuerz ier den Odysseus heem wëll fueren. D'Andeelung vum Wierk ass déi hei:

  • 1. De Conseil vun de Gëtter, dee sech um Olymp versammelt huet, ass sech eens, datt den Odysseus, dee scho 7 Joer vun der Kalypso op hirer Insel ugehale gëtt, kann heem goen. De Gëtterreesenden Hermes freet d'Nymph Kalypso, datt si hie goe léisst. An der Tëschenzäit ass d'Gëttin Athene, déi sech verwandelt huet an de Frënd Mentor hanner dem Odysseus sengem Jong Telemachos, hie soll sech op d'Sich no sengem vermësste Papp machen. Deem seng Fra gëtt vu ville Freieren, déi mengen den Odysseus wir dout, gedirengelt fir sech mat hir ze bestueden
  • 2. Den Telemachos rifft d'Vollekvertriedung vun Ithaka zesumme fir sech bei hinnen ze beschwéieren iwwer déi, déi den Troun wëllen. Hien decidéiert op d'Sich vu sengem Papp ze goen, dee schonn 20 Joer fort ass.
  • 3. Den Telemachos kënnt op Pylos bei den Nestor. Mä dee weess vun Näischt.
  • 4. Den Telemachos kënnt op Lacedemon. Zu Ithaka preparéieren déi Béis en Iwwerfall op den Telemachos fir wann deen heemkënnt.
  • 5. D'Gëtter versammelen sech nach eng Kéier. Si stellen den Hermes un, der Kalypso ze soen, se soll den Odysseus heemschécken. Dee baut e Flooss a mécht sech op de Wee. Mais de Poseidon léisst et stiirmen an den Odysseus land op der Insel Paiaken, wou hie frëndlech opgeholl gëtt.
  • 6.Well d'Athene hir et ungeroden hat, geet d'Nausicaa, d'Meedche vum phaiakesche Kinnek, bei d'Waasser a fënnt den Odysseus.
  • 7.Den Odysseus geet mat an de Palais vum Kinnek Alkinoos. Ouni him säin Numm ze soen, zielt en deem wéi hien iwwerhapt dohi koum.
  • 8.Den Alkinoos kuckt, datt den Odysseus erëm heem ka goen, mä virdru wéisst e gär, mat wiem hien ze dinn huet. Wéi en dat bis weess, géif hie gär déi ganz Geschicht héieren.

Wien huet se geschriwwen?[änneren | Quelltext änneren]

Déi nei Homerfuerschung fänkt u mam Friedrich August Wolf, engem Alphilolog vun Halle, den 1795 säin Prolegomena ad Homerum erausgëtt. Bis haut sinn d'Froen doriwwer, wie wat geschriwwen huet, nach net beäntwert.

Déi eng wonnere sech doriwwer, datt zwéin Erzielfiedem, de Krichseepos an d'Märercher an engem Buch sinn. Anerer fannen, datt déi zwee Wierker sech stilistesch gläichen, a ginn dovun aus, d'Odyssee wir d'Alterswierk vum Homer.

Wou huet sech alles ofgespillt?[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Heinrich Schliemann sengen Ausgruewunge bei Troja ass et erwisen, datt d'Ilias e wierkleche Fong huet. Bei der Odyssee ass dat ganz anescht. Wou déi sech ofgespillt huet ass ëmstridden. De Geograph Erasthotenes huet sech schonn am 3. Joerhonnert driwwer lëschteg gemaach, fir d'Originalplazen eraus wëllen ze fannen. Anerer, wéi den Herodot hunn et awer probéiert. Ausser do, wou den Auteur reel Plaze genannt huet, Thrakien, Kap Malea, Kathera an Ithaka bleiwe Spekulatiounen.

Wéi ass den Text iwwerliwwert ginn?[änneren | Quelltext änneren]

D'Iwwerliwerung vum Text, sou wéi den Odysseedichter en um Enn vum 8. Joerhonnert v. Chr. geschriwwen hat, ass och fir déi antik Welt net sécher. Et läit no, datt et scho kuerz no der Redaktioun munnech Kopien am Ëmlaf waren.

Dat huet sech eréischt geännert no der Grënnung vun der Bibliothéik vun Alexandria duerch de Ptolemaios I. Soter am Joer 288 v. Chr. Déi Geléiert Zenodot vun Ephesus, Aristophanes vu Byzanz an virun allen den Aristarchos vu Samothrake, hu mat Vergläicher an textkritesche Methode kanonesch Versioune vun deenen zwéin Texter zesummegestallt. Zu deenen eelsten Textzeie gehéieren de Londoner Homer-Papyrus aus der éischter Hallschent vum zweeten an de Berliner Homer-Papyrus aus dem drëtte Joerhonnert.

Dat eelst Manuskript, dat et vum ganzen Homer gëtt, gouf am Byzanz vum 12. Joerhonnert geschriwwen. Inkunabelen, Eischtdréck vun der Odyssee stamen aus dem 16. Joerhonnert.

Literaresch Beaarbechtungen[änneren | Quelltext änneren]

Schonn de réimeschen Dichter Publius Vergilius Maro huet déi Zort vu Geschichten weidergefouert. An der Aeneis, dem réimeschen Nationaleepos, erzielt hien d'Schicksal vum trojaneschen Held Aeneas, dee sech an der ganzer "Welt" erëmdreift, ier en an Italie kënnt an do zum mythesche Papp vun de Réimer gëtt.

Odysseus

Aflëss vun der Odyssee sinn och an den arabeschen Mäerercher vum Sindbad dem Mierfuerer erëmzeerkennen.

D'Figur vum Odysseus ass vu munnech engem Dichter als "Prototyp" vum Mënsch u sech verstane ginn, nämlech virwëtzeg an ëmmer op der Sich fir eppes bäizeléieren a fir Geforen z'iwwerwannen. Op déi aner Manéier muss e sech géint d'Natur stäipen a sech géint d'Gëtter behaapten. Sou ass den Odysseus e Virbild fir déi sëllegen "Helden", déi sech an alle Geforen duerchschloe mussen. Dem Jules Verne säin Kapitän Nemo (lëtz.: "Keen") ass dat kloerst Beispill.

Mat de bekanntste Fall ass dem James Joyce säi Roman Ulysses (englesch fir Odysseus). An deem geet rieds vum Annoncevendeur Leopold Bloom, deen de 16. Juni 1904 duerch Dublin trëppelt an dobäi allerhand Banales erlieft a spéit owes heem bei seng Fra Molly geet. Dat ganzt Buch ass opgebaut wéi dem Homer säi Klassiker. Et ass ee vun deene wichtegste Romaner vum 20. Joerhonnert.

Nom 2. Weltkrich hunn Auteuren an Däitschland d'Theema Odysseus an hir "Heimkehrerdramen" agebaut. Dee bekanntste Fall as dem Wolfgang Borchert säi Stéck Draußen vor der Tür.

Am Shakespeare sengem Wierk Troilus and Cressida (1602) fanne mer se all erëm: De Priam, den Hector, de Paris, Achilles, Nestor, Diomedes an d'Cressida, d'Duechtere vum Palchas. "Wit would be out of fashion".

Am Dante Alighieri senger Divina Commedia fanne mer eisen Held an der Häll erëm. De Vergil féiert den Dante an de Lieser uechtert d'Häll. Am 26. Gesank fanne mer den Odysseus: "In der Flamme büssen Odysseus und Diomedes, und sie müssen zur Strafe wie zum Hass gemeinsam laufen. Und in der Flamme müssen sie beklagen. Die Hinterlist des Pferdes, das die Pforte geöffnet für die Römer edlen Samen."

Dem Bertolt Brecht säin Eenakter Der Fischzug (geschriwwen 1919/20) gräift den 8. Gesank aus der Odyssee op. Beim Homer erwëscht den Hephaistos seng Fra Aphrodite mat dem Ares, dem Krichsgott, an hien helt se an engem Netz gefaangen.

Am Die heilige Johanna der Schlachthöfe mécht de Brecht eng Uspillung un den hannerlëschtegen Odysseus. Do set de Cridle: "So lange musst du noch dein Gehirn, das listenreiche, üben."

D'Odyssee an der Oper an am Film[änneren | Quelltext änneren]

Och Operekomponisten hu sech beim Homer zerwéiert. Den "Erfinder" vun der Oper, de Claudio Monteverdi huet mat Il ritorno d'Ulisse in patria (Den Odysseus kënnt a säin Heemechtsland erëm), déi 1640 zu Venedeg uropgefouert gouf, d'Zopp nees opgesat. Den Georg Friedrich Händel behandelt dem Odysseus säi Liewe virun dem trojanesche Krich a senger leschter Oper Deidamia. D'Haaptroll an dem Gabriel Fauré senger Oper Penelope spillt dem Odysseus seng Fra. E besse méi rezent sinn dem Luigi Dallapiccola seng Ulisse (Uropféierung 1968 zu Berlin) an dem Klaus Michael Arp seng Odysseus auf Ogygia (1988 zu Koblenz).

De Film huet sech natierlech dat Theema net laanscht d'Nues goe gelooss. De Fritz Lang huet déi éischt Fassung ugefaangen, mä de Film ass ni fäerdeg ginn. De Mario Camerini an de Mario Bava hunn 1954 de Monumentalfilm Ulisse (Die Fahrten des Odysseus) mat dem Kirk Douglas gedréit.

Du koum de Stanley Kubrick, dee mam Science-Fiction Klassiker 2001. A Space Odyssey dem Homer säin Text méi eegewëlleg ugepakt huet. Säi Film erzielt den Eepos net chronologesch. Nodeem den Urmënsch eng Waff entdeckt huet, mat där hien anerer doutschloe kann, geet et op eng Rees durch d'Zäiten. Heiansdo begéint de Mënsch engem mysteriéise Steen, engem Monolyth deen, genee wéi d'Sirene beim Homer, e lackelegt Summe vu sech gëtt. De Film stellt och e Computer HAL mat engem A vir, dee sech géint d'Mënsche wëll duerchsetzen. Awer den Held bréngt et fäerdeg, fir de Computer ze "blenden", hie baut dem HAL seng Komponenten aus. Den Numm vum Astronaut Dave Bowman (de Man mam Bou) weist natierlech op den Odysseus als trainéierten Bou-Schéisser hin. Dem Monolyth säi Sirenegesank, aus dem Dréibuch geet follgendermoossen: ".. when the sound begins. It is quite soft, and it stops them in their tracks, so that they stand paralyzed on the trail with their jaws hanging. A simple, maddeningly repetitious rhythm pulses out of the crystal cube and hypnotises all who come within its spell."

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuergesch Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

De 26. Mee 2008 gouf an der Abtei Neimënster dem Henri Muller seng komplett Iwwersetzung vum Homer senger Odyssee aus dem Algriicheschen, déi vun der griichescher Botschaft finanziell ënnerstëtzt an editéiert gouf, virgestallt. D'Editioun huet 6 Bänn an d'Oplo ass ëm déi 1.000.

Däitsch Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Franséisch Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Iliade - Odyssée, 1955, Bibliothèque de la Pléiade, Paräis, Gallimarc. D'Odyssee gouf iwwersat vum Victor Bérard, deen och d'Umierkunge geschriwwen huet. Eng kommentéiert Editioun a gewinnter Pléiade-Qualitéit.

Engleschsproocheg Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Zweesproocheg Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Online Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt ock[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.


Commons: Odyssey – Biller, Videoen oder Audiodateien