Herodot

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Achtung.png All Datumen an dësem Artikel si sous-entendu viru Christus.


Den Herodot; réimesch Skulptur aus dem 2. Jh.

Den Herodot vun Halikarnassos (* géint 485, † géint 425) war e griichesche Reesenden, Vëlkerkundler, Geograph an Historiker.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen

Den Herodot (gr.:Herodotos, lat.: Herodotus) ass zu Halikarnassos (heitegt Bodrum/Tierkei) a Klengasien op d'Welt komm. En ass vill gereest, a Persien, Egypten, Babylonien a bis bei d'Schwaarzt Mier. D'Enn vu sengem Liewen huet en am süditalieneschen Thourioi verbruecht, enger griichescher Kolonie.

[änneren] Säi Wierk

Ënnert dem Titel Historiai huet den Herodot e Wierk verëffentlecht, dat sech em d'Perserkricher am 5. Joerhonnert v. Chr. dréit. Ënner sengen Historiai versteet den Herodot an éischter Linn eng Enquête. Nodeems et ufanks nach em déi besote Perserkricher geet, schwäift den Herodot ganz séier of an entféiert de Lieser op eng Rees bei déi verschiddenst Vëlker. Hie stellt seng Weltkaart vir, wat eis en Opschloss dodrops gëtt, wéiwäit d'gebilte Leit vu senger Zäit geduecht hunn. De "Papp vun der Geschichtsschreiwung" ass allerdengs net bei jidderengem beléift, well en dacks Mythen mat der Wourecht vermëscht. De komplette Konträr ass den faktenorientéierten Thukydides.

[änneren] Literatur zum Thema

[änneren] Um Spaweck

Commons: Herodotus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen