Griichesch Kolonisatioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dekret iwwer d'Kolonie vu Brea an Thrakien, ëm 445 v. Chr.

No de sougenannten Däischteren Zäitaltere koum et am antike Griicheland zu enger grousser Well vu griichescher Kolonisatioun. D'Hellenen hu sech un der ganzer Mëttelmierküst verbreet, a sinn iwwer Italien och bis a Gallien komm (Massalia).

Ursaache fir d'Kolonisatioun[änneren | Quelltext änneren]

An de griicheschen Texter geet vun der Sténochôria riets, wat wuertwiertlech souvill heescht wéi et war ze enk. Duerch den Zouwuess vun der Bevëlkerung, deen d'antik Demographe gesinn hunn, gouf et an de Poleis ëmmer manner Plaz, a sou hu sech d'Griichen entscheet, fortzegoen.

E weidere Grond war d'Stasis. Stasis gouf all intern Kris genannt, déi bis zum Biergerkrich konnt goen. Fir d'Griiche war d'Kolonisatioun e Wee, fir de Biergerkrich ze verhënneren, d'Minoritéite sinn op hir Schëffer gaangen, an hunn nei Poleis gegrënnt. Et huet sech hei net onbedéngt ëm Konflikter tëscht Adel a Vollek gehandelt, dacks waren et déi adeleg Famillen ënner sech, déi sech ëm d'Muecht gestridden hunn, sou wéi et zum Beispill zu Korinth ënner de Bakkhiaden de Fall war. D'Griichen, déi hir Metropol verlooss hunn, haten de Wonsch, déi ideal Polis ze grënnen, an d'Decisioun fir eng Kolonie ze grënnen gouf am Fall vun der Stasis an enger extremer Noutsituatioun getraff.

Den Handel huet sécherlech och eng Roll gespillt, d'Metropol hat e konstante Besoin u Wueren, an net alles konnt an der Noperschaft produzéiert ginn. D'Motivatioune vu verschiddene Kolonie sinn domat awer net gekläert, well dacks d'Situatioun vun der Metropol selwer net genuch bekannt ass. Kolonien, vun deene gewosst ass, datt si aus reng kommerzielle Grënn entstane sinn, ware rar. Heizou zielen d'Kleruchie vun Athen oder Naukratis.

Eng kleng Roll huet och de Progrès an der Navigatioun gespillt. D'Schëffer goufen ëmmer besser a konnte méi staark beluede ginn, sou datt d'Griichen, déi fortgaange sinn, och näischt hu missen zréckloossen.

Eng Kolonie grënnen...[änneren | Quelltext änneren]

Kolonie goufe bis op ganz rar Ausname ni vu Privatleit gegrënnt, dëst war ëmmer eng Entscheedung déi vun der Polis getraff ginn ass, och wa sech dës seelen no vir gestallt huet. Fir eng Kolonie ze grënnen, gouf der Versammlung e Projet virgeschloen, deen entweder akzeptéiert gouf, oder net. Wann dëse Projet akzeptéiert gouf, huet sech en aristokratesche Rot drëms gekëmmert, d'Leit erauszesichen, déi mat fortgezu sinn, souwéi déi genee Modalitéite vun der Rees an der neier Kolonie opzesetzen.

Als Chef vun der Expeditioun gouf e sougenannten Oikistes erausgesicht, dee meeschtens aus enger adeleger Famill komm ass. Den Oikistes huet d'Expeditioun geleet, déi genee Plaz vun der neier Polis erausgesicht an hir och den Numm ginn.

Et war och d'Gewunnecht, en Orakel ze befroen, virun allem Delphi, fir sech sécher ze sinn, wouhin d'Rees goe sollt. Obschonn d'Stad selwer zwar all Decisioune getraff hat, wollte sech d'Leit vun deemools awer och vun de Gëtter ofséchere loossen, well sou eng Expeditioun hat hir Risiken, an et konnt een och net méi a seng Metropol zréckkommen.

Wouhin d'Rees sollt goen, gouf no enger Partie Critèren entscheet. Länner wéi Egypten, déi schonn eng staark Struktur haten, goufe meeschtens net a Betruecht gezunn, an et ass éischter no Weste gesegelt ginn. D'geographesch Lag vun der Kolonie sollt hir d'Autonomie an d'Souveränitéit erlaben. Ausserdeem sollt d'Kolonie liicht iwwer d'Mier zougänglech sinn, einfach ze verdeedegen, räicht Land hunn fir Akerbau an e permanenten Zougank zu Drénkwaasser hunn. Dëst huet an der Theorie natierlech gutt geklongen, an duerch d'Ursaachen, déi zu der Kolonisatioun gefouert hunn, waren dës Critèren och logesch.

Kaart vun de Kolonien am Mëttelmierraum.
Legend :
  • Rout : Griichesch Kolonien
  • Giel : Phenizier
  • Gro : Anerer

Allerdéngs huet d'Realitéit dacks anescht ausgesinn, sou e perfekten Territoire war seelen onbewunnt. Obschonn d'griichesch Texter kee Wuert iwwer Gewalt beim Versuch eng Kolonie ze grënne verléieren, weist d'Archeologie datt et dacks ënner de griichesche Schichte schonn aner Uertschaften hei gouf, déi niddergebrannt gi sinn.

Iwwerall goufen Duechterstied gegrënnt, déi an dräi Typen ënnerdeelt waren : Apoikia, Klerouchia an Emporion. Duerch den Handel an d'Landwirtschaft sinn dës Kolonien zu groussem Wuelstand komm.

Etappen[änneren | Quelltext änneren]

D'Historiographie ënnerscheet generell zwou Phasen an der griichescher Kolonisatioun. An enger éischter Phas vun 775-675 gouf et nëmme wéineg Metropolen (Chalkis, Eretria, Korinth, Megara, Sparta, Rhodos). Et koum zu isoléierte Fondatiounen an d'Zonen, an deenen d'Griichen hir Kolonien opgeriicht hunn, ware begrenzt (Sizilien, Golf vun Tarent, Strooss vu Messina).

An enger zweeter Phas tëscht 625 a 510 gouf d'Kolonisatioun am grousse Stil bedriwwen, a vill nei Poleis goufe gegrënnt. Duerch d'Entwécklung vum Handel goufe verschidde Kolonie richteg räich.

Charakteristike vun de Kolonien[änneren | Quelltext änneren]

D'Griichen, déi fortgaange sinn, hunn ënner anerem e ganze reliéise Bagage mat sech bruecht. D'Kolonie hat dacks de selwechte Pantheon a souguer déiselwecht poliad Gottheet wéi hir Metropol. D'Bezéiungen tëscht Metropol a Kolonie hu sech och bei de reliéise Feiere gewisen, wou d'Kolonisten an d'Metropol a vice-versa gereest sinn. Wat d'politesch Institutiounen ugeet, sou hunn d'Kolonien och de System vun hirer Metropol bäibehalen, opmannst am Ufank. Zu Evolutioune koum et nëmmen iwwer e laangen Zäitraum. D'Kolonie war awer, och wa si déiselwecht Institutiounen hat, vun der Metropol onofhängeg. Sou konnt et zu Krichszäiten och dozou kommen, datt sech Kolonie a Metropol als Géigner géintiwwer stoungen, wéi dëst mat Korkyra a Korinth um Ufank vum Peloponnesesche Krich de Fall war.

Um Ufank vun der Kolonisatioun war den Handel nach relativ kleng. Kuerz Zäit drop koum et awer zu enger richteger Explosioun. Sou war de Wuelstand vun den Awunner vu Sybaris um Golf vun Tarent legendär.

Eng nei Siicht[änneren | Quelltext änneren]

Wat bei de Kolonien opgefall ass, ass datt d'Griiche sech staark géint kulturell Aflëss aus der Ëmgéigend gewiert hunn, souguer an Egypten. Ënner dem Pharao Psammetich I. hu missen Intrerprete kommen, fir mat den Awunner vun Naukratis ze schwätzen. Net grad sou stur waren d'Griichen allerdéngs wat d'Relioun ugaangen ass. De Synkretismus war fir si eng Méiglechkeet, sech op den neie Lännereien akzeptéieren ze loossen.

D'Kolonisatioun hat e groussen Impakt op d'Siicht vun de Griichen op sech selwer. Zanter dem 6. Joerhonnert hu sech philosophesch Schoulen entwéckelt. Duerch d'Konfrontatioun mat anere Kulture koum et bei de Griichen zu enger philosophescher Reflexioun, allerdéngs waren déi aner Kulturen nëmmen en Ausléiser, kee Gespréichspartner.

An der Archaik huet déi traditionell griichesch Welt allerdéngs nach net vill vun dëse philosopheschen Iwwerleeunge matkritt, dëst koum eréischt am klasseschen Zäitalter.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Lévêque, La colonisation grecque en Occident, La Documentation française, Paräis, 1969.
  • Jean Bérard, La colonisation grecque de l'Italie méridionale et de la Sicile dans l'Antiquité, Boccard, Paräis, 1941.
  • École française de Rome, La colonisation grecque en Méditerranée occidentale, Boccard, Paräis, 1999. (ISBN 2-7283-0527-7)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Discobolus icon.png Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antikitéit.