Strooss vu Messina

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
GeoItalien.png Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Satellitebild vun der Strooss vu Messina
Am Hannergrond: d'Strooss vu Messina, vu Messina aus gesinn

D'Strooss vu Messina ass eng schmuel Mieresstrooss, déi de Norden vu Sizilien, bei Messina, vu Calabrien, um italienesche Festland, trennt. D'Strooss vu Messina huet op senger schmuelster Plaz eng Breet vu 3 km.

Inhaltsverzeechnes

Bréckeprojet [änneren]

Schonns den Archimedes hat sech Gedanken iwwert de Bau vun enger Bréck iwwert d'Strooss vu Messina gemaach. An de leschte Joerzéngte gouf et ëmmer rëm Pläng fir eng Bréck ze bauen, wéi z. B. vum Fritz Leonhardt, déi iwwer alleguer wéinst der Finanzéierung an och wéinst den ongeléiste Problemer bei engem Äerdbiewen, déi an dëser Géigend heefeg sinn, hifälleg goufen.

Den 13. Oktober 2005 huet dat italienescht Parlament ënnert der Regierung vum Silvio Berlusconi den Opdrag fir de Bau vun enger 3,3 km laanger Hänkbréck un déi italienesch Baugesellschaft Impregilo ginn. Dëse Projet, deen ca. 6 Milliarden Euro kascht, hätt sollen am Zäitraum vun 2006 bis 2012 realiséiert ginn. Mä schonn 2006, ënnert der Regierung Romano Prodi gouf dëse Projet gekippt. 2008, de Prodi ass zréckgetrueden an de Berlusconi nees Regierungschef, gëtt de Projet nees opgegraff an d'Bréck soll elo 2016 fäerdeg sinn.

Geographie [änneren]

Literatur [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Säit mat Biller iwwer déi geplangte Bréck iwwer d'Strooss vu Messina

Commons: Strait of Messina – Biller, Videoen oder Audiodateien