Skylla

Vu Wikipedia
Skylla-Figur aus Terracotta, 460-450 v. Chr., British Museum, London

D'Skylla war e Mieresongeheier, Duechter vun der Krataiis a warscheinlech vum Phorkys, obwuel d'Iwwerliwwerungen och aner Eltere nennen (z. B. d'Styx als Mamm).

De Seechen no wunnt si géintiwwer der Charybdis an enger Hiel an der Strooss vu Messina. Si huet all Wiese gefriess dat hir an d'Gräpp gefall ass, sou och e puer vum Odysseus senge Gesellen an deem Ament wou dee mat sengem Schëff sollt tëscht Skylla a Charybdis passéieren. Och d'Argonauten hate mat hir ze dinn. Déi Kreesch déi si dobäi ausgestouss huet hu sech unhéiere wéi d'Bille vun engem Hond.

Spréchwiertlech mengt "tëscht Skylla a Charybdis" datt een an enger Situatioun ass, aus där et sou gutt wéi keen Auswee gëtt.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Scylla – Biller, Videoen oder Audiodateien