Charybdis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Charybdis war e Mieresongeheier vun deem den Homer a senger Odyssee erzielt. Et war eng Duechter vum Poseidon a Gaia an ursprénglech zoustänneg fir Landiwwerflutungen.
Vum Zeus ass si an en Ongeheier verwandelt ginn, e Struddel deen dräimol am Dag Waasser agesaugt an et mat haardem Brëllen erëm ausgespaut huet. Der Charibdys géintiwwer huet d'Skylla säin Onwiese gedriwwen. Zesummen hunn déi zwee eng Gefor fir d'Séifuerer duergestallt déi bal net ze iwwerwanne war an där souguer den Odysseus nemme mat knapper Méi entgaang ass.
Schonn am Altertum ass een dovun ausgaang dat si sech an der Strooss vu Messina opgehalen hunn.
| Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |
| Commons: Charybdis – Biller, Videoen oder Audiodateien |