Gaia (Mythologie)

Vu Wikipedia

D'Gaia (och Ga oder Ge) ass eng vun den eelste griichesche Gëttinnen. Si ass d'Personifizéierung vun der Äerd.

D'Gaia huet aus sech selwer eraus den Uranos (Himmel) an de Pontos (Mier) geschaf. Duerch de Pontos ass si d'Mamm vun engem grousse Mieresgëtterstamm awer och d'Mamm vun den Titanen, de Kyklopen, den Hekatoncheires, den Erinyen, de Giganten an aneren. D'Gaia huet och de Stuerz vum Uranos duerch de Kronos verursaacht an am Kampf géint den Zeus d'Titanen a Giganten ënnerstëtzt, zum Schluss huet si awer missen den Zeus als mächtegste vun alle Gëtter unerkennen.

D'Gaia hat verhältnesméisseg wéineg Kulturstätten, déi sech am wesentlechen op Attika konzentréiert hunn. Eng méi grouss Roll huet si allerdéngs an der philosophescher a kosmologescher Literatur.

Ganz alen Iwwerliwwerunge no gëllt d'Gaia och als éischt Inhaberin vum Orakel vun Delphi.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gaia (Mythologie) – Biller, Videoen oder Audiodateien