Literatur

Vu Wikipedia

Literatur (lat. litterae - "Buschtaweschrëft") bezeechent d'Totalitéit vu schrëftlech oder mëndlech iwwerliwwerten Texter.

Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

D'Literatur, an d'Schrëft am Allgemengen, ass eng vun de gréissten Erfindunge vun der Mënschheet. Si stäerkt ënner anerem eis Fäegkeet "ëm aner Leit ze kräischen, déi net mir selwer sinn, oder eppes mat eis ze dinn hunn" (Susan Sontag) an eis Saachen ze verbildlechen, vun deene mir duerch Raum an Zäit getrennt sinn. Mat der wëssenschaftlecher Erfuerschung vun der Literatur befaasst sech d'Literaturwëssenschaft.

Literaturgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Literatur a Raum an Zäit befaasst sech d'Literaturgeschicht. Déi éischt literar-geschichtlech Wierker hu virun allem doraus bestanen, Schrëftsteller an hir Wierker chronologesch festzehalen. E fréit Beispill dofir ass dem J.F. Reimann säi Versuch einer Einleitung in die historiam literarum sowohl insgemein als auch in die historiam literariam der Teutschen insonderheit (Halle, 1708-1721).

Zanter der Bléi vun de geschichtleche Wëssenschaften am 19. Joerhonnert koumen d'Leit zur Erkenntnes, datt eng richteg Literaturgeschicht virun allem d'geeschtegt Liewen, seng Entwécklung an d'Bedingungen ënnersiche soll (zum Beispill beim G.G. Gervinus, Geschichte der deutschen Dichtung, Leipzig, 1835-1842).

Literatur am Internet[änneren | Quelltext änneren]

Gratis-Literatur kann een am Internet eroflueden. Dëst funktionéiert änlech wéi beim GFDL-Prinzip. Vum Aesop bis zum Zola kann een Dausende vu Gedichter, Romaner, Novellen, Fabelen an aner literaresch Wierker liesen. De Projet Gutenberg befaasst sech intensiv mat der Aufgab, international Literatur gratis am Internet zur Verfügung ze stellen.

Formen[änneren | Quelltext änneren]

Lyrik[änneren | Quelltext änneren]

Eepik[änneren | Quelltext änneren]

Drama[änneren | Quelltext änneren]

Didaktik[änneren | Quelltext änneren]


Déi jeeweileg Form gëtt dobäi nach eng Kéier an zwou Kategorien ënnerdeelt:

sou datt een all literaresch Form entweeder a Vers oder a Prosa schreiwe kann.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Literatur – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Literatur.
Commons: Literatur – Biller, Videoen oder Audiodateien