Émile Zola
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Émile Zola, gebuer den 2. Abrëll 1840 zu Paräis an do gestuerwen den 29. September 1902, war e franséische Schrëftsteller.
Vun 1862 un huet den Émile Zola beim Verlagshaus Hachette geschafft an do huet hien eng Rei Schrëftsteller kennegeléiert. Hien hat Moler vum deemols neien Impressionismus a sengem Bekanntekrees an huet déi Stilrichtung ëffentlech verdeedegt.
1865 huet e sech dozou entscheet säi Liewe ganz der Schrëftstellerei ze widmen.
| Commons: Émile Zola – Biller, Videoen oder Audiodateien |

