Édouard Manet

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler Édouard Manet. Fir de Claude Monet, en anere franséischen impressionistesche Moler, kuckt wgl. Claude Monet.
Édouard Manet
Gebuer 23. Januar 1832
Gestuerwen 30. Abrëll 1883
8. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Moler, Illustrateur, Bauzeechner, Zeechner

Den Édouard Manet, gebuer den 23. Januar 1832 zu Paräis an och do den 30. Abrëll 1883 gestuerwen, war e franséische Moler.

Hie war ee vun den éischte Moler vum 19. Joerhonnert, deen d'Liewen an d'Leit vu senger Zäit am alldeegleche Kontext gemoolt huet, a spillt och eng wichteg Roll beim Iwwergang vum Realismus zum Impressionismus.

Seng éischt Meeschterwierker, Le déjeuner sur l'herbe an Olympia, allen zwee aus dem Joer 1863, hu fir grouss Kontrovers gesuergt, a ware Virbild an Encouragement fir aner jonk Moler, de Wee vum neien impressionistesche Stil anzeschloen. Haut ginn déi zwee Biller als Meilesteen vum Entstoe vun der moderner Konscht ugesinn.

Säi Stil war ufanks vum Frans Hals, Francisco de Goya an Diego Velázquez beaflosst. Méi spéit huet hie sech mat den impressionistesche Moler Edgar Degas, Claude Monet, Pierre-Auguste Renoir, Alfred Sisley, Paul Cézanne a Camille Pissarro a Berthe Morisot befrënnt.

Och mat de Schrëftsteller Émile Zola, Stéphane Mallarmé a Charles Baudelaire war hie befrënnt, an si hunn hien a senger Aarbecht ënnerstëtzt; grad sou wéi hie vun hinne Portraite gemaach huet.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz Aféierungen:

  • Gilles Neret: Manet (2003; Taschen), ISBN 3-8228-1949-2
  • Gilles Neret: Manet John Richardson (1992; Phaidon Colour Library), ISBN 0-7148-2755-Xnism. New York: Waller & Company, 2006 ISBN 0-8027-1466-8.

Méi laang Etuden:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Édouard Manet – Biller, Videoen oder Audiodateien