Molerei

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hielemolerei zu Lascaux

D'Molerei zielt nieft der Architektur, der Skulptur, der Graphik an der Zeechnung zu de klassesche Gattunge vun der Bildender Konscht. Molerei ass d'Opdroe vu Faarf mat engem Pinsel, enger Spachtel oder anerem Geschir op enger Fläch.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst Zeie vun der Molerei sinn d'Hielemolereie mat Déierenduerstellungen aus der leschter Äiszäit bzw. dem Jongpaläolithikum.

Molerei an Zeechnung, mä och Relief a Plastik sinn als kënschtlerech Ausdrocksformen aus der Zäit vu viru 35.000 bis 10.000 Jore bekannt. Europäesch Hielemolereie si virun allem aus Spuenien a Frankräich bekannt. D'Wandbiller an der Hiel vu Lascaux a Südfrankräich goufen 1940 entdeckt. D'Déieremotiver, Auerochsen, Hirschen a Päerd, sinn op eng beandrockend Manéier duergestallt a gehéieren zu den eelste bekannte Molereie vun der Mënschheet. Och aus Afrika, Asien an Australien si fréi Fielsmolereie bekannt. Am Noen Oste gëtt et scho fir den Neolithikum vill Zeie vu Molerei. Dozou ass virun allem d'Opkomme vu bemoolter Keramik an d'Wandmolerei zu nennen. Vill Reschter vu Wandmolereie gëtt et zu Çatalhëyük, an der haiteger Tierkei, a si vun ëm 6.000 v. Chr.

Altertum[änneren | Quelltext änneren]

Egyptesch Molerei ëm 1440 v. Chr.

Méi spéit begéint eis d'Molerei am Orient (vun 10.000 v. Chr. un) an an Egypten (vun 3.000 v. Chr. un) als Wandmolerei, an der Minoescher Konscht op Kreta (2000 v. Chr.) als Freskemolerei.

D'Molerei vun den alen Egypter ass virun allem vu Wandmolereien aus Grafkapellen, vun Doudelueden, a vun der Bemolung vu Doudebicher bekannt. Dës Beispiller stame bal all aus Griewer, déi an der Wüst gebaut goufen, an dofir dacks ganz gutt erhale sinn. Bekannt sinn och Wandmolereien aus den Haiser vu Liewegen, déi awer meeschtens schlecht erhale sinn. D'egyptesch Molerei huet d'Perspektiv nach net kannt. D'Figure stinn op Standlinnen niefteneen a weisen dat Wichtegst. De Kapp gëtt vu Profil, d'Aen an d'Broscht gi vu vir gewisen.

Eng éischt Bléi hat d'Molerei an Egypten am Mëttelteste Räich (zirka 2000- 1700 v. Chr.). Aus där Zäit stame vill Griewer a Mëttelegypten, déi räich dekoréiert waren. Et fënnt ee virun allem Duerstellunge vum Grafhär, senger Famill, vun Atelieren an der Liewensmëttelproduktioun, déi Saache produzéiert hunn, déi den Doudegen och an der Éiwegkeet net sollt vermëssen. Absënns vill Beispiller vun sou Molereie kommen aus Griewer zu Theben an datéieren aus dem Neie Räich (zirka 1550-1070 v. Chr.), wobäi een dacks ongeféier 1350 v. Chr. och verstäerkt Biller vun Doudegen an der Ënnerwelt zesumme mat der Gëtterwelt fënnt. Vun der Drëtter Tëschenzäit un (zirka 1070-700 v. Chr.) ass d'Molerei virun allem op Doudelueden an Doudebicher erhalen.

Bei de Kulturen a Virderasie war d'Molerei, a wuel absënns d'Wandmolerei sécherlech och eng Kéier wäit verbreet,mä et ass relativ wéineg erhale bliwwen. Aus dem Palais vu Mari gëtt et e puer Beispiller, aus de Palaise vun den Hethiter gëtt et vill Fragmenten, déi et awer kaum erméiglechen, sech e Bild ze maache vun deem wat fréier do gemoolt war. Vun den Assyrer si schliisslech weider Beispiller, virun allem vu Wandmolereien, bekannt.

Am 3. Joerhonnert no Christus huet de griichesche Schrëftsteller Philostratos d'Molerei eng Erfindung vun de Gëtter genannt (Eikones 1). Dës an aner Aussoe vun antiken Auteure weisen, datt d'Molerei schonn an der Antike en absënns héije Prestige hat. Méi héich souguer wéi d'Skulptur, well d'Molerei d'Realitéit besser nomaache konnt an och méi e breeden Erzielspektrum hat. Haut kann een dat kaum nach novollzéien, well kaum nach eppes vun der antiker Molerei erhale blouf. De Grond dofir ass, datt als Support fir d'Molerei meeschtens Holz geholl gouf, ausserdeem Steen, Toun a Stuck. Elfebeen, Glas an Toile ass kaum benotzt ginn.

An der antiker Literatur ass de Plinius eng Haaptquell fir déi verschidden Technike vun der antiker Molerei, besonnesch säi Wierk Naturalis historia 35, an och dem Vitruv säin De architectura 7,7-14.

Moltechniken[änneren | Quelltext änneren]

Fir op Holz ze molen, gouf d'Enkaustik oder d'Temperatechnik gebraucht. Bei der Enkaustik war waarme Wues e Mëttel fir ze bannen. Déi warem oder ofgekillten Emulsioun gouf duerno mam Pinsel oder engem Metallgeschir opgedroen. Déi Technik ass zwar opwänneg, allerdéngs erreecht een doduerch eng méi laang Haltbarkeet a méi en héije Glanz vun de Faarwen.

Bei der Temperatechnik dogéint ginn d'Faarfpigmenter mat enger waasserléislecher Matière, z. B. mat Eeër, Ueleg oder Fett gemëscht. Well Holz sech ganz liicht zesetzt resp. sech nëmmen ënner bestëmmte Konditiounen konservéiert, gëtt et bal keng archeologesch Zeie vun där Technik.

D'Temperatechnik gëtt och bäi Steng gebraucht. Modern Experimenter hu gewisen, datt een op enger glater Marberfläch de Pinsel ganz liicht féiere kann, an doduerch e gutt Resultat beim Molen huet. Op raue Surfacë vun anere Stengzorten, wéi Poros oder Kaleksteen, musse fir d'éischt eng oder och alt méi Loe Stuck- oder Kräidgrondéierung drop geschmiert ginn, fir d'Molfläch glat ze kréien.

Op Toun gouf meeschtens mat brennfester Äerdfaarf bzw. Tounschlécker gemoolt, a rare Fäll och mat Deckfaarwen. An déi Materialgrupp fale d'grouss Quantitéite vun der bemoolter Keramik, och Vase genannt.

Dobäi ass d'Vasemolerei mat schwaarzen oder roude Figuren z'ënnerscheeden.

D'schwaarzfigureg Molerei entwéckelte sech an archaescher Zäit a koum fir d'éischt a Korintheschen Attelieren zum Asaz. Eréischt vun der Mëtt vum 6. J. v. Chr. u gouf Athen d'Haapt-Produktiounszentrum vun de schwaarzfigurege Vasen. Bei dëser Technik gi mat engem Pinsel d'ornamental a figierlech Motiver mat schwaarzem Tonschlécker um Geféiss ubruecht. Déi bannenzeg Struktur gouf duerno mat engem spatze Geschir ageritzt. Eréischt da gouf d'Geféiss an den Uewe gestallt, fir gebrannt ze ginn.

D'routfigureg Technik kënnt zu Athen ongeféier ëm 530 v. Chr. op an hëlt der schwaarzfigureger ëmmer méi hir Plaz an. Bei dëser Technik gëtt nom ëmgekéierte Prinzip gefuer. D'Geféiss gëtt mat schwaarzem Glanztoun iwwerzunn, bis op déi Plazen, wuer d'Ornamenten an d' Figuren hikomme sollen. Da kann d'Zeechnung bannendra gemoolt ginn, amplaz ageritzt. Domat ass et méiglech, d'Kierpere vun de méi mëll a méi organesch erëmzeginn.

Bei der Wandmolerei gouf Kalekspeis an e puer, ëmmer méi renge Couchën opgedroen. Dës war dann de Fong fir d'Faarf, déi dropkéim. D'Surface gouf heifir glat gemaach, da konnten d'Faarwen, sief et a renger Form oder mat engem Bannmëttel versat, op de fiichte Verbotz opgedroe ginn. Als Bannmëttel sinn eis Marbersmiel, Kasein oder Lehmwaasser iwwerliwwert. Duerch chemesch Reaktioune während dem Dréchene gouf eng Aart Versinterung vun der Surface provozéiert, wat dozou gefouert huet, datt d'Faarf sech fest mam Ënnergrond vermëscht huet. Déi Aart a Weis, d'Faarf opzedroen, gëtt al fresco genannt, well et fiichte Verbotz ass, deen de Fong billt. Gëtt do dergéint op dréchenem Verbotz gemoolt, gëtt déi Technik al secco genannt.

Rasteriwwertragung

Faarwen[änneren | Quelltext änneren]

Well et net vill archeologesch Zeie gëtt, wësse mer net vill iwwer de Faarwespektrum vun der Antikitéit. Ausserdeem kann ee feststellen, datt sech d'Faarwe Rout a Blo am beschten erhalen hunn. Nieft antike Schrëftquellen hëllefen déi modern Techniken, mat Hëllef vu Materialanalysen, UV- a Sträifliichtopnamen, en Abléck an d'antik Faarfwelt ze kréien. Aus deene Quellen ass bekannt, datt d'Faarfpigmenten natierlech, mä och kënschtlech produzéiert gi konnten. D'Material dofir ware Mineral- an Äerdfaarwen, Substanze vu Planzen a vun Déieren, mä beispillsweis och zerstoussent Glas fir d'Faarf Blo. Wéi schonn ernimmt, konnte Faarwe reng, mä och gemëscht opgedroe ginn. Grad sou konnte méi Couche Faarf iwwerenaner opgedroe ginn.

Griichesch Molerei[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Wéi heidriwwer schonn ernimmt, gëtt et rose wéineg archeologesch Zeie vun der griichescher Molerei. Schrëftquellen nennen eis d'Nimm vun deemools bedeitende Kënschtler an d'Theme vun hire wichtegste Konschtwierker. Heiansdo ass och iwwerliwwert, wou déi Koschtwierker ze fanne waren. Visuell Zeie gëtt et haaptsächlech am sepulkrale Kontext an duerch Reflexiounen aus anere Gattungen oder Epochen. Figurativ bemoolte Vasen oder Mosaike kënnen a begrenztem Mooss hëllefen, Réckschlëss op d'verluere gaange Molerei ze zéien. Selbstverständlech kann et hei zu Verännerungen oder Ëmbildunge komm sinn. Et däerf een deemno net mat enger originalgetreier Kopie vun enger Molerei rechnen.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ënnergank vun der minoesch-mykenescher Kultur mat hirer qualitéitsvoller Freskomolerei (zum Beispill Knossos) huet déi griichesch Wandmolerei eréischt am 8. J. v. Chr. nees agesat. Déi éischt Temoignagë si Pinakes, bemoolten Tountäfelcher, déi am 8. – 6. J. v. Chr. a grousse Quantitéite produzéiert goufen, fir als Affer an Hellegtümer gebraucht ze ginn. Déi rechteckeg Täfelcher sinn an hirer Funktioun op d'Bildfeld reduzéiert a spigelen däitlech d'Erfindung vun der Tafelmolerei erëm. En hëlzent Beispill vun där Gattung huet sech eréischt aus dem 6. J. v. Chr. erhalen, a gouf an enger Hiel, no bei Korinth, fonnt, déi den Nymphe geweit war. Op deene véier Holztäfelcher sinn eng Dedicasse un d'Nymphen an eng faarweg bemoolten Afferzeen duergestallt (I. Scheibler, Griechische Malerei in der Antike (1994) Abb. 40).

Tountafele goufen och als Verkleedungsplacken oder Metopen op Bauwierker, z. B. Tempelen, gebraucht. Am 7. J. v. Chr. gouf och schonn op Stee gemoolt, wou souwuel Ëmrëss- a Bannenzeechnungen, wéi och monochrom gefaasste Fläche applizéiert goufen. Groussfigureg Temoignagë vun der griichescher Molerei hu sech a méi grousse Quantitéiten a Griewer erhalen, déi haaptsächlech op der Peripherie vun der griichescher Welt erhale bliwwe sinn. D'griichesch Grafmolerei huet a groussem Ausmooss de sepulkrale Beräich vun Ënneritalien an Etrurien beaflosst. E gutt Beispill heizu ass d' Tomba del Tuffatore zu Paestum, déi ëm 480 v. Chr. datéiert.

Graf vum Daucher

Den Héichpunkt vun der griichescher Molerei gëtt eis haaptsächlech duerch d'makedonesch Kummergriewer bezeit. Zu Vergina ass d'Graf vum Philipp II., op deem senge Fassaden e Juegdfries mat ville Figuren drop ofgebilt ass. Am Hellenismus kënnt dann eng weider Kategorie dobäi, an zwar d'Wandmolerei an der Wunnarchitektur. Zanter dem 5. J. v. Chr. goufe beispillsweis zu Pella (Makedonien), Priene oder Delos d'Wänn am sougenannte Mauerwerkstil mat deelweis figurativen oder ornamentale Friese versat.

D'Theme vun deem wat duergestallt gëtt, hu sech sech dorun orientéiert, wou d'Molerei ubruecht war a wat fir en Zweck s'erfëllt huet. A Griicheland kann ee véier grouss Beräicher ënnerscheeden:

  • Sanctuairen: Architekturverzierungen, Votiven, Kultbiller etc.;
  • privat Bauten: Molerei a Wunnhaiser, bemoolte Statuen etc.;
  • ëffentlech Bauten: Stoai, beispillsweis d' stoa poikile (faarweg Halen) zu Athen, wou en Zyklus mat véier Schluechte gemoolt war;
  • Griewer: Grafbäigawen, bemoolte Fassaden, Sarkophagen etc.;

Réimesch Molerei[änneren | Quelltext änneren]

Quellelag[änneren | Quelltext änneren]

D'Zuel an och d'Aart vun den archeologeschen Temoignagë vun der réimescher Molerei ënnerscheede sech wesentlech vun der griichescher Molerei. Et si vill Temoignagë vu réimescher Wandmolerei erhalen, woubäi et offensichtlech e réimescht Phenomen ass an net just en Zoufall vun der Iwwerliwwerungssituatioun. De Plinius beklot a senger naturalia historia 35, 118 de Wiessel vun der Tafel- zur Wandmolerei.

Réimesch Kënschtlernimm ginn net sou dacks a Schrëftquellen ernimmt, wéi dat de Fall bei ire griichesche Pendanten ass, woubäi de Molerberuff duerchaus prestigiéis war. A spéitrepublikanescher Zäit hunn dacks griichesch-orientalesch Moler, wuel meeschtens als Sklaven, fir réimesch Optraggeber geschafft. Si waren net nëmme méi gebilt wéi hir réimesch Kollegen, mä och mam griichesche Stil kënneg, deen zu där Zäit besonnesch beléift war.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Zur offizieller Representatiounskonscht vum réimesche Räich zielt d'Historiemolerei. Zër Zäit vum Wiessel vom 4. zum 3. J. v. Chr. entstanen, ass si nëmmen duerch literaresch Hiwäiser an duerch eng geréng Zuel vu Reflexen an der Sepulkralkonscht faassbar. Dës Biller weisen Zeene vu gewonnene Kricher, eruewerte Stied, besiegte Vëlker mat hiren Herrscher, souwéi Kaarte mat de Plaze, wou Kricher gefouert goufen. Dës wuel an der Majoritéit Tafelbiller konnten an Triumph-Cortègë matgefouert ginn an d'Vollek un der Victoire vum jeeweilegen Imperator hautno participéiere loossen. Literaresch Quelle insistéieren op d'originalgetrei Reproduktioune vun den duergestallte Persounen a Plazen. Bei deem eelste Beispill vun dëse Gruppen, dat erhalen ass, handelt et sech ëm e Freskofragment aus dem Fabiergraf vum Esquilin zu Roum. Et ass dëst en Deel vun engem grousse Billerzyklus vum fréien 3. J. v. Chr. mat Duerstellungen aus de Samnitenkricher (R. Ling, Roman painting (1991) Ofb. 6) A véier erhalene Regëster gëtt op d'réimesch Dugenden higewisen, virtus a fides populi Romani.

Als zweet Beispill sief elo op d'Gattung vun der Portraitmolerei verwisen, déi am réimeschen Ahnenkult eng wichteg Roll gespillt huet. D'Portraite goufen op Holz, Toile, Glas a Stuck gemoolt. Am kaiserzäitlechen Egypte gouf déi al Traditioun vun der Mumifizéirung mam réimesche Wonsch, sech selwer duerzestellen, verbonnen. Individuell Portraitë goufen op Holztafele gemoolt an amplaz vun den egypteschen Doudemasken op d'Gesiicht vum mumifizéierte Verstuerwene geluecht. Zu Fayum, enger grousser Oas an der libescher Wüst, goufen déi meescht vun de mëttlerweil 1000 bekannte Mumieportraite fonnt. Duerch dat dréchent Wüsteklima sinn d'Stécker exzellent erhalen, wouduerch et erméiglecht gëtt, déi Polychromien an och d'Moltechniken ze studéieren an z'analyséieren.

Eis haiteg Kenntnis vun der antiker Molerei baséiert virun allem op de Wandmolereien vun de Stied, déi vum Vesuv mat Äschen zougeschott goufen: Herculaneum a Pompeji. Wat do fonnt gouf, huet d'Fuerschung staark beaflosst. 1882 huet den August Mau seng "Geschichte der dekorativen Wandmalerei in Pompeji" publizéiert, an där hien déi deemools bekannte Wandmolereien a véier grouss Stiler agedeelt huet. Déi "véier pompeianesch Stiler" ginn iwwer d'Grenze vu Pompeji fir déi gesamt réimesch Wandmolerei bis 79 n. Chr. gebraucht.

  • 1. Stil: Incrustatiounsstil, Mauerwerkstil

Dës réimesche Versioun vum griichesche Mauerwerksstil (cf. Delos) imitéiert am Wesentleche monumentaalt Quadermauerwerk duerch faarweg Molerei, Ritzung oder plastesch Gestaltung mat Stuck.

  • 2. Stil: Architekturstil

Heibäi gëtt ufanks Architektur imitéiert, d'Mauere ginn no an no ëmmer méi 'opgerappt' sou datt „Architekturfënsteren“ entstinn. An der Weiderentwécklung kënnt et zu e puer Niveauën, d'Déifewierkung vun der Architektur gëtt a Virder- an Hannergrënn verstäerkt. An der spéider Phas ginn d'Architekturelementer, wéi Sailen, Béi, Pilieren etc. ëmmer méi dënn an net méi realistesch (et hätt ee se net kéinte bauen). Ausserdeem ginn d'Wänn erëm ëmmer méi zougemaach an et tendéiert een erëm zur Zweedimensiounalitéit.

  • 3. Stil: Ornamentale Stil

D'Wänn sinn elo vollstänneg zou an zweedimensiounal gestalt, mat monochrom bemoolte Faarfflächen an de Faarwe Schwaarz, Rout a Wäiss. Bänner, Linnen an Architekturelementer deelen d'Flächen an Zonen. D'Mëttelzone kënne gerummte Bildfënsteren droen, beispielsweis mat Villelandschaften oder mythologeschen Zeenen.

D'Ixion Zëmmer Haus vun de Vettier. E Beispill vun enger Molerei am 4. Stil
  • 4. Stil: de leschte pompejanesche Stil

Am 4. Stil ginn d'Charakteristike vun de véier Stiler anenee vereent. An d'horizontal a vertikal getrennte Wänn gi Schmuckbänner, Medaillonen, déi fräi schwiewen, a Bildfelder ageschafft. D'Architekturelementer gewannen erëm u Volume, se ginn däitlech plastesch duergestallt. Luxuriéis a räich gestalten Ornamenter mat Luucht-Schiet-Effekter bermëttelen eng insgesamt méi räich a leifhafteg Wierkung.

Et liest een dacks, den Héichpunkt vun der réimescher Molerei wier mam Ënnergang vun de Vesuvstied zu Enn gaangen, mä dat ass kaum fundéiert nozeweisen. Och nom Joer 79 n. Chr. sinn nach op ville Plaze Molereie vun héijer Qualitéit fonnt ginn. Allerdéngs sinn dës Témoignagen aus verschiddenen Deeler vum réimesche Räich a chronologesch dacks schwéier anzeuerdnen, an d dobäi och net sou ausräichend beschafft wéi déi pompejanesch Molerei. Wéi och schonn de 4. Stil gewisen huet, gouf och no 79 n. Chr. de bekannten Duerstellungsrepertoire weiderhi genotzt an nei verbonnen. Och an der Spéitantikitéit si konschtvoll Molereien nogewisen, denke mer nëmmen un d'Katakombemolerei.

Antik Polychromien am Wandel vun der Zäit[änneren | Quelltext änneren]

De Kinnek Ludwig I. huet 1812 de Johann Martin von Wagner op eng Stee geschéckt, fir d'Giewel-Statue vum Aphaia-Tempel vun Ägina, déi grad fonnt gi waren, fir d'Glyptothek ze steeën. De Wagener huet se analyséiert a festgestallt, datt se ursprénglech bemoolt waren. D'Glyptothéik selwer war duerch de Leo vu Klenze prachtvoll dekoréiert ginn, woubäi Wänn, Gesimsen, Marmorsockel etc. faarweg gefaasst waren. Vill Géigner hu gemengt, déi faarweg Ausstattung géif d'Wierkung vun de Skulpturen an Exponate reduzéieren. De Kinnek Ludwig I. gouf zu der dreiwender Kraaft am Versuch, d'Polychromien an der Architektur nees anzeféieren. Hien huet zum Besipill 1836 e klengen, faarwege ronnen Templel am Englesche Gaart opriichte gelooss. Awer elei, wéi och bäi anere polychrome Versich, sinn d'Faarwe séier ofgebliedert. De Stee war geschwënn nees plakeg, well en dauerhaft Bindemëttel géint d'Münchner Wieder net konnt fonnt ginn. Den John Gibson war deen Éischten, deen 1851-56 eng Marberskulptur faarweg rekonstruéiert huet, d'"tinted Venus" an der Walker Art Gallery zu Liverpool. Heibäi gouf d'Technik vun der Wuessmolerei benotzt, fir Lëpsen, Aen, Hoer, Gezei an och d'Haut zu téinen.

An der zweeter Hallschent vum 19. Jh. gouf Dresden zum Zentrum vun der Ausenanersetzung mat den antike Polychromien. Den Direkter vun der Dresdner Skulpturesammlung, de Georg Treu, huet vehement seng Meenung vertrueden, datt déi antik Skulpture vollstänneg faarweg gefaasst gewiescht wieren. Hien huet gipse Moulure vu Skulpture produzéiere gelooss, déi da vu Kënschtler bemoolt goufen. Allerdéngs handelt et sech dobäi net ëm Rekonstruktiounen, well guer keng Faarfreschter méi op de Skulpturen erhale blouwen. Et huet ee sech u faarwegen Terrakotten an anere Marberskulpture mat erhalene Faarfreschter orientéiert. Allerdéngs ass et dem Treu ze verdanken, datt d'Opfaassung vun der antike Polychromie verbreet an an der Ëffentlechkeet Versteesdemech provozéiert huet. Fir d'Joerhonnertwenn war ee sech mëttlerweil sécher, datt antik Skulpture bemoolt waren, et huet een elo diskutéiert, wéi dës Bemolung ausgesinn huet. Et goufen der, déi absolut fir eng total Polychromie waren, wéi och där, déi do strikt dogéint waren, an natierlech eng sëllechen Nuancen dotëscht. Nom Éischte Weltkrich huet d'Interessi un dësem Thema bal ganz ofgeholl.

Molerei vun de Parther a Sassaniden[änneren | Quelltext änneren]

Parthesch Molerei aus der Synagog vun Dura Europos

Och bäi den Parther, am haitegen Iran an Irak, war d'Molerei eng wäit verbreet Konschtform. Si ass virun allem duerch Beispiller vu Wandmolereie bekannt. Obwuel d'parthesch Molerei sech aus der griichescher entwéckelt huet, weist si däitlech eege Stilformen. D'Figure sinn all frontal duergestallt a souguer wann eppes gmat enger Handlung gemoolt ass, ass do wéineg Interaktioun tëscht den Acteuren, mä éischter eng Orientéierung zum Spectateur hin. D'Perspektiv huet sech bal ganz opgeléist, d'Figure schwiewe meeschtens am Raum a Raimlichkeet gëtt meeschtens nëmmen nach duerch e puer Schieter méi ugedeit wéi konkretiséiert. Dës Stilelementer sollen da virun allem och an der byzantinescher Molerei weiderliewen. D'Molerei vun de Sassaniden, déi no de Parther koumen, ass schlecht beluecht, knäppt awer virun allem un d'virhellenistesch persesch Konscht un. D'Figure si meeschtens am Profil duergestallt an d'Standlinn gewënnt erëm u Bedäidong.

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Très Riches Heures vum Duc de Berry: August (1412-16), 22,5 x 13,6 cm

D'Molerei vun der Antikitéit huet virun allem an de Wandmolereie vun de Kierchen an an de Vignettë vu Bicher iwwerlieft. D'Tafelmolerei als Molerei op eegestännegem Molënnergrond wéi Holztafelen oder méi spéit Toile, huet sech eréischt am Mëttelalter entwéckelt. D'europäesch Molerei war bis an d'Mëttelalter bal ausschliisslech reliéis, wéinst deenen, déi s'an Optrag ginn hunn. Et koum zur Ausmolung vu Kierchen a Kléischter an zur Dekoratioun vu Kierchenhéier an Andachtskapelle mat Altorbiller. Aner Sujete wéi Portrait, Genrebiller, Landschaftsmolerei oder Nature-mortën koumen eréischt am spéide Mëttelalter an an der Renaissancemolerei dobäi.

Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Renaissance bis zum Barock[änneren | Quelltext änneren]

Eng bedeitend Entwécklung huet d'Molerei an der Renaissance geholl mat der nohalteger Weiderentwécklung vun den Technike vun der Uelegmolerei, der Zentralperspektiv, der Duerstellung vun allegoresche Motiven aus der Antikitéit a bäi der Betounung vun individuelle Charakteren an der Mënschenduerstellung mat Hëllef vu Kenntnisser an der Anatomie.

De Keeser Karel V.

De Jan van Eyck (ëm 1390–1441) huet fir d'éischt selbstänneg Bildnisser a Portraitë gemoolt; den Albrecht Dürer (1471–1528) huet 1493 deen éischte bekannten autonome Selbstportrait an Europa gemoolt; den Albrecht Altdorfer (ëm 1480–1538) huet als éischte Moler d'Landschaft zum Haaptthema gemaach.

Virun allem d'italienesch Molerei an der Héichrenaissance an de Stied Florenz, Venedeg a Roum huet bedeitend realistesch Wierker vun de Moler Leonardo da Vinci (1452–1519), Michelangelo (1475–1564), Raffael (1483–1520) an Tizian (1477–1576) ervirbruecht, déi a Perspektiven, Form, Faarwen, Ausdrockskraaft a moleresche Brillanz en Exempel waren an déi d'bildend Konscht vun Europa bis haut nohalteg beaflosst hunn.

Am 17. Joerhonnert hu vill hollännesch Moler Nature-mortë gemoolt; de Jan Vermeer (1632–1675) war zur selwechter Zäit e Meeschter vun der Vedutemolerei (Ansicht vun Delft, 1661).

Eng Sonnerstellung huet de Barockmoler Rembrandt (1606–1669) mat senger psychologescher Molerei, déi a puncto Ausdrocksform, Liichtféirung a Faarwen eenzegarteg ass.

Modern Zäit[änneren | Quelltext änneren]

kubistescht Portrait vum Picasso vum Juan Gris (1912)

Mam Opkomme vun der Fotografie huet sech d'Molerei mat neien Erausfuerderungen an Aufgabe konfrontéiert gesinn, déi net ouni Afloss op hir Entwécklung am 19. Joerhonnert blouf. Bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert sinn déi meescht Biller a Kënschtlerateliere gemoolt ginn. Mat de franséische Moler vum Impressiounismus fänkt allerdéngs d'Fräiliichtmolerei un. Zu dëser Richtung gehéieren de Camille Pissarro (1830–1903), den Édouard Manet (1832–1883), den Edgar Degas (1834–1917), de Paul Cézanne (1839–1906), den Alfred Sisley (1839–1899), de Claude Monet (1840–1926), d'Berthe Morisot (1841–1895) an de Pierre-Auguste Renoir (1841–1919). De Paul Cézanne ka schonn, wéi a gewiëssem Mooss och de Vincent van Gogh an den Edvard Munch, als Précurseur vun der Moderner Molerei bezeechent ginn. Grad dem Cézanne seng Wierker markéieren den Iwwergank: hie léist sech ëmmer méi vun der Reproduktioun vun der Realitéit an intresséiert sech fir de Géigestand vun der Molerei, d'FGorm an d'Faarwen.

Wichteg Stréimunge vun der Moderner Molerei sinn an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert d'Abstrakt Molerei, de Kubismus, den Dadaismus, de Surrealismus an d'Russesch Avantgarde mat hire bedeitende Kënschtler wéi dem André Paquet, Marc Chagall, El Lissitzky, Michail Fjodorowitsch Lariounow, Natalija Sergejewna Gontscharowa an dem Wassily Kandinsky. National Eenzelentwécklunge sinn den Expressiounismus an d' Neue Sachlichkeit (Däitschland), de Futurismus (Italien), de Kubo-Futurismus Konstruktivismus an der Suprematismus (Russland) an de Virtizismus (England).

Eng wichteg Charteristik vu Moderner Molerei ass d'Abstrakt Molerei, déi sech bannent ënnerschiddleche Stilrichtungen entwéckelt huet. Weider wichteg Stilrichtunge vum 20. Joerhonnert sinn den Tachismus an, zemools no 1950, d'Informell Konscht.

Zäitgenéissesch Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Bedeitend Konschtstréimunge vun der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert sinn den US-amerikaneschen Abstrakten Expressiounismus an de Minimalismus. D'Pop Art, déi vu Groussbritannien ausgoung, huet besonnesch an den USA hiren Héichpunkt erlieft. Parallel dozou hu sech Fluxus, Happening a Performance entwéckelt. Nieft all dëse Stréimungen huet sech och e moderne Realismus entwéckelt, fir dee beispillhaft der Fotorealismus steet.

D'Entwécklung vun der Konzeptioun vun der Konscht, besipillsweis där vum Minimalismus an der Konzeptkonscht, huet dozou gefouert, datt alt d'"Enn der Molerei" ausgeruff gouf, bis schliisslech d'„ Neue Wilde“ rep. d'„Junge Wilden“ an den 1980er Joren d'Konschtzeen eruewert hunn an der Molerei nei Impulser ginn hunn, zum Beispill duerch d'och kommerziell erfolgräichen postmodern Realisten („Kapitalistesche Realismus“) an Ironiker wéi de Martin Kippenberger, de Gerhard Richter an de Sigmar Polke. Ufanks vum 21. Joerhonnert behaapt sech d'Molerei nieft villen anere Konschtformen (wéi den digitale Medien, Rauminstallatiounen, Videokonscht) weiderhin als en zäitgenëssescht kënschtlerescht Medium, dat net zulescht, well de Konschtmaart weiderhin no (representativen) handwierklech produzéierte Tafelbiller fir seng Clientèle verlaangt.

Legendär Moler wéi de Kasimir Molewitsch, de Pablo Picasso (1881–1973) oder de Piet Mondrian (1872–1944) hunn der Molerei vum 20. Joerhonnerts kënschtleresch entscheedend hire Stempel opgedréckt.

Bedeitend Moler no 1945 sinn nieft villen aneren: Andy Warhol, Robert Rauschenberg, Frank Stella, Barnett Newman, Jasper Johns, Asger Jorn, Georg Baselitz, Jërg Immendorff, Sigmar Polke, Martin Kippenberger, Albert Oehlen, Markus Oehlen, Gerhard Richter, Wolf Vostell, Ludwig Merwart.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Molerei – Biller, Videoen oder Audiodateien