Dresden

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dresden
Wopen
Dresden (Däitschland)
Dresden
Land: Flag of Germany.svg Däitschland
Bundesland : Coat of arms of Saxony.svg Sachsen
Regierungsbezierk : Dresden
Landkrees : Kreesfräi Stad
Fläch : 328,30 km²
Awunner : 525.105 (31. Dez. 2012)
Bevëlkerungsdicht : 1.599 Aw./km²
Héicht : 113 m
Koordinaten: 51° 3′ N, 13° 44′ O51.05083333333313.7327777777787Koordinaten: 51° 3′ 3″ N, 13° 43′ 58″ O

Dresden (sorbesch: Drježdźany; ofgeleet aus dem alsorbeschen Drežďany fir Suppen-Awunner, tschechesch: Drážďany) ass d'Haaptstad vum Fräistaat Sachsen an Däitschland.
Dresden läit un der Elbe, nordwestlech vun den Elbsandsteebierger, Dresden ass de politeschen a kulturellen Zenter vum Fräistaat Sachsen.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht[änneren]

Um Gebitt vun der Stad Dresden ginn et Iwwerreschter vun engem Tempel, deen op d'Joer 4800 v. Chr. zréckgeféiert gëtt. D'Stadgebitt gouf an der Steenzäit weider besidelt.

Déi eigentlech Grënnung vun Dresden soll am Joer 1173 gewiescht sinn. An engem Dokument vun 1216 geet fir d'éischt vun Dresden an engem schrëftlechen Dokument Rieds, a méi besonnesch vun der Kräizschoul um Stadgebitt Blasewitz/Striesen.

Dresden am Mëttelalter[änneren]

D'Schlass an Haffkiirch zu Dresden
D'Fraekiirch, nei opgebaut
D'Semper Oper

Am Mëttelalter huet sech d'Entwécklung vun der Stad besonnesch op den Deel um lénksen Uwänner beschränkt. Den Ausbau vun der Stad an déi kommerziell Entwécklung huet vill Zäit gebraucht.

Ëm 1500 hat d'Stad Dresden mat den Uertschaften rondrëm ongeféier 6.000 Awunner.

Dresden ënnert dem August dem Staarken[änneren]

Déi schéinst Period ass fir d'Stad ënnert der Regierung vum Friedrich August I. (genannt de "Staarken"), dee spéider och Kinnek vu Polen gouf, ugang. Eng Partie Gebaier, wéi d'Haffkierch an aner Barock-Bauwierker, ginn op déi Zäit zréck. Am Laf vun dësem Opschwong huet d'Populatioun sech vun 1700-1755 op 63 000 Awunner verdräifacht.

Dresden an der napoleonescher Zäit[änneren]

Am Joer 1813 stoung d'Stad am Mëttelpunkt vun de Krichshandlunge vum Napoleon, deen op den zwou Säite vun der Elbe seng Arméien opgestallt hat. Fir Dresden war dat eng ganz turbulent Zäit.

Ënnert der Regierung vum Kinnek Johann (1854-1873) huet Dresden sech zu sengem Avantage weiderentwéckelt.

Dresden am Zweete Weltkrich[änneren]

Lancaster Bommefligere bei hirer Attack

Wéi den Zweete Weltkrich ugaangen ass, war Dresden mat 642.143 Awunner déi siwentgréisst däitsch Stad. Bis an den August 1944 war d'Stad Dresden vu Bombardementer aus der Loft verschount bliwwen, well se net am Perimeter vun den alliéerte Bommefliger louch. Dat heescht datt am Hierscht 1944 Dresden déi lescht méi grouss Industrie- a Verwaltungsstad a Verkéierszentrum war, déi bis du vum Krich verschount bliwwe war.

Wéi vum August 1944 un, Dresden och net méi viru Bombardementer aus der Loft sécher war, waren d'Bombardementer vun alliéierte Fliger vum 13. a 14.Februar 1945, vun enger onerwaarter Ausmooss. Betraff war dat 15 km² grousst Stadgebitt am Zenter vun Dresden. Dobäi goufen déi meescht historesch Barock-Gebaier a vill Konschtschätz komplett zerstéiert. Well och Splitter- a Brandbommen agesat goufen, war d'Zuel vun den Affer héich. Déi genee Zuel vun Doudege konnt ni offiziell festgestallt ginn, well deemools vill Flüchtlingen, op der Flucht virun de russeschen Truppe sech zu Dresden opgehal hunn, an do net registréiert waren. No den allgemenge Schätzungen sollen ëmmerhi 24.000 Mënschen, oder méi, bei dëse Bombardementer ëm d'Liewe komm sinn.

Kuckeswäertes[änneren]

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend[änneren]

Panorama vun Dresden

Kuckt och[änneren]

Literatur[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Dresden – Biller, Videoen oder Audiodateien