Leipzig

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Germany template.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Leipzig
Wopen
Leipzig (Däitschland)
Leipzig
Land: Flag of Germany.svg Däitschland
Bundesland : Coat of arms of Saxony.svg Sachsen
Regierungsbezierk : Leipzig
Fläch : 297,60 km²
Awunner : 531.809 (31. Dez. 2011)
Bevëlkerungsdicht : 1.787 Aw./km²
Héicht : 113 m
Koordinaten: 51° 20′ N, 12° 22′ O51.33333333333312.3666666666677Koordinaten: 51° 20′ 0″ N, 12° 22′ 0″ O
Leipzig Markt Grimmaische Strasse.jpg

Leipzig ass eng Stad an Däitschland a mat iwwert enger halwer Millioun Awunner déi bevëlkerungsräichst an op d'Fläch bezunn déi zweetgréisste Stad vu Sachsen.

Am Joer 1165 krut Leipzig vum Markgrof Otto dem Räiche vu Meißen d'Stadrecht an de Privileg e Maart ze halen. D'Awunnerzuel vu Leipzig huet ëm 1870 d'Grenz vun 100.000 iwwerschratt, wouduerch si offiziell de Status vun enger Groussstad krut. D'Stad gehéiert zu de sechs Uewerzentre vu Sachsen. Géigewäerteg huet Leipzig de Status vun enger kreesfräier Stad an ass Sëtz vum Regierungsbezierk Leipzig.

D'Traditioun vu Leipzig als bedeitend Foiresplaz a Mëtteleuropa geet op d'Joer 1190 zréck. Nieft Frankfurt um Main ass d'Stad en historescht Zentrum vum Buchdrock an -handel. Ausserdem stinn zu Leipzig eng vun en eelsten däitschen Universitéite souwéi weider Héichschoulen a Fachhéichschoulen.

Leipzig ass de Kär vum Ballungsraum Leipzig-Halle an domadder en Deel vun der Metropolregioun Sachsendräieck. D'Stad ass e bedeitende Verkéiersknuet a bilt ee vun de wirtschaftsstäerkste Raim vun den neie Bundeslänner.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Leipzig – Biller, Videoen oder Audiodateien