Wikipedia:Läschen
Dës Säit soll iech eng Méiglechkeet gi fir d'Säiten, déi solle geläscht ginn, erëmzefannen a wann néideg driwwer ze diskutéieren op d'Läsche wierklech ubruecht ass.
Am Fall wou eng Säit carrément nëmmen eng Übung vun engem Ufänger ass oder Affer vu Vandalismus gouf, sou kann all Benotzer de komplette Contenu läschen an als Commentaire "Säit soll geläscht ginn" hannerloossen (Beispiller an eisem Schmunzeleck).
D'Schabloun:Läschen setzt den Artikel automatesch an Kategorie:Läschen.
Astrologie-Klimbim
D'Diskutéieren, wéi een Een nennt, dee schéisst, ass eng Saach, deen onsäglechen Astronomie-Kabes do nees aus dem Orkus ze zéien, eng aner.
Géint en enzyklopedeschen Artikel iwwer "Astrologie" hätt ech näischt, dee beschreift, wourunner de "Glawen" doru besteet. Et gi jo och Artikelen iwwer Kleeschen, Gott a Péiter Onrou. Mee wann ech Saache liese wéi: " Dem Kriibs säin Element ass (!) d'Waasser a säi regéierende Planéit de Mound(!!). Säin direkte Géigeniwwer (!) ass de Steebock. Bekannte Kriibsen: Dan Brown, Jean-Paul Sartre (!), Marc Girardelli" weess ech net op ech soll laachen oder kräischen. Séier ewech domat! --Zinneke 22:27, 31. Mäe. 2011 (UTC)
- Astrologie-Kabes, net Astronomie. Dat mat den Elementer an de Planéiten ass jo eng Beschreiwung dovu wouraus dat besteet, mat Beispiller vun deenen eenzelne Stärenzeechen. Gären och mat Spoiler versinn datt et keng Wëssenschaft ass an och net beluet ass. Op dat elo an engem Artikel steet oder op 12 verdeelt ass jo egal. Dat ass just meng reng perséinlech Meenung dozou, beim Läschvote enthalen ech mech zu deem Thema. --Otets ♣ 23:53, 31. Mäe. 2011 (UTC)
-
- D'Astrologie ass scho bal esou al ewéi d'Mënschheet. Fréier Héichkulturen hu sech staark dermatt beschäftegt. Deemols ass nach keen Ënnerscheed gemach ginn tëscht Astronomie an Astrologie. D'Astrologie huet dacks politesch Decisiounen bestëmmt, z.B. dee beschten Zäitpunkt fir e Krich unzefänken. D'Astrologie bestëmmt haut nach bei de Naturvëlker d'dagdeeglecht Liewen. Dat sinn Tatsaachen, wou mer net derlaanscht kommen, op et elo Kabes oder Klimbim ass. Een objektiven Artikel iwwert d'Astrologie ass deemno net vu Mutwëll. Souguer den Horoskop huet en (objektiven) Artikel verdéngt. (Ech perséinlech hu näischt iwwreg fir Astrologie an Horoskop, strecken dowéinst awer de Kapp net an de Sand.) --Pecalux 05:41, 1. Abr. 2011 (UTC)
Nach eng Kéier: Et huet, mengen ech, keen eppes géint e fundéierten Artikel iwwer "Astrologie" (Geschicht, Bedeitung asw.). Meng Läsch-Demande bezitt sech op déi 12 "Artikelen", déi, esou wéi se sinn, beim beschte Wëllen näischt hei verluer hunn. Wann een, nodeems' den Artikel iwwer Astrologie steet, déi erëmbeliewe wëll, an se do an e Kontext setzt (a komplett nei schreift) - méngentweegen. Mee et geet hei wéi gesot ëm dat, wat elo do steet an de Lieser zougemutt gêtt. --Zinneke 07:13, 1. Abr. 2011 (UTC)
Contra well ech der Meenung sinn, datt déi Artikelen an eng Wiki gehéieren wann och net esou wéi se do stinn resp. stoungen dofir hunn ech schonn emol an all deenen Artikelen d'Opzielung vun de Bekannte Leit déi dat Stärzeechen hunn erausgeholl (esou eng Opzielung kann nëmme subjektiv sinn abréngt dofir näischt). Ech sinn dofir an déi Artikelen d'Iwwerschaffe- Schabloun dranzesetzen (dofir gouf gëtt et deen!). Fir de REscht schléissen ech mech dem Benotzer Pecalux sengen Argumenter un. Ech hu mir och déi Artikelen op der de resp. fr Wikipedia zu deem Sujet ugekuckt a kommen zum Schluss datt den Inhalt deen "elo" nach bei eis dra-steet dacks ee (wann och meeschtens wéineg gelongenen) Iwwersetzungsversuch vun deenen Artikelen ass. Conclusioun: Aus deenen Artikele kann ee rlativ séier (1 bis 2 Wochen) esou iwwerschaffen datt een se behale kann. --Robby 10:03, 2. Abr. 2011 (UTC)
Contra Astrologie-Artikelen fanne mer op all Wiki, da soll et dës och op der lb.Wiki ginn! Gëtt et eppes Spezifesches fir Lëtzebuerg an dësem Kontext? Wat ech perséinlech dovun halen, ass hei irrelevant. --Sultan Edijingo 12:28, 2. Abr. 2011 (UTC)
Ech stelle fest, datt, ausser datt "Iwwerschaffen" an déi Artikele gesat gouf, an ëmmerhin déi arbiträr Nimm erausgeholl goufen, nach ëmmer näischt Substanzielles verännert ass. Kéinnten déi, déi sech sou vehement fir d'Erhale vun deene Lemmata asetzen, dann och w.e.gl. konsequenterweis dat Bësse wat do steet, esou ëmschreiwen, datt dat engem Lieser zougemutt ka ginn? Kabes, wéi dass Mounten a Sonnen op eemol Planéiten "sinn", an dat ganzt ouni eng 'Mise en Contexte' ("No der Traditioun vun der Astrologie wier (Konjunktiv w.egl.) dem x säin Element dat an dat", asw.), huet an enger Enzyklopedie näischt verluer. Punkt. --Zinneke 12:35, 8. Abr. 2011 (UTC)
- Salut, déi Artikele si wierklech eng Zoumuddung. Wier et net eng Léisung, se provisoresch stoen ze loossen, dat mat der Bemierkung uewendriwwer, z.B.... datt wann en innerhalb vun 10 Deeg net iwwerschafft ginn ass, en ouni weider Diskussioun geläscht gëtt.
- An der fr-Wiki stinn ähnlech Onzoumuttbarkeeten, wahrscheinlech kommen d'Texter vun do. An der en-Wiki sinn se méi 'glat', esou datt och een deen net dru gleeft, dermatt liewe kann. --Cayambe 13:36, 8. Abr. 2011 (UTC)
Links to 2 discussions that could lead to deletions of files
Hi! I would like to invite all to have a look at these 2 deletions and comment:
--MGA73 18:49, 7. Jun. 2011 (UTC)
Another unfinished discussion is files with non commercial license. I think it would be a violation of the WFM resolution not to delete these files. The resolution allows free files and fair use. Nothing else. So I think it is important that a solution is found soon. All the "bad" files can now be found in Kategorie:All beschränkt fräi Medien. --MGA73 21:50, 16. Jul. 2011 (UTC)
And retagging FU? Cos if I would upload those again, with my short memory I do not remember the original license and hence as non-author I could use FU - of course only where c. --Otets ♣ 21:54, 16. Jul. 2011 (UTC)
- I think that these files, that were there for years now, dont harm so much. I agree that they should be deleted, but we shall create first a list with those articles, where such pictures are included. Afterwards Users will be contacted if they can help to replace this files with free-ones. In this idea i created a category Kategorie:Artikelen an deene fräi Biller feelen. By adding the template {{Fräit Bild feelt}} in an article-page we can get step by step a list with articles, and I think it is more intresting for users to know in which article a free picture is needed. -- Les Meloures 22:28, 16. Jul. 2011 (UTC)
- Great idea, Les Meloures! --Otets ♣ 22:31, 16. Jul. 2011 (UTC)
-
- Yes changing to fair use is ok if fair use is valid for that case.
- I also think that adding a template to the article could be a good idea. However, I think that a visible template would make more impact. If it is just in a hidden category not many users will notice. But why only add a template on articles with an unfree image? Why not also add it on articles without an image? That reminds guests that they can help improving Wikipedia. Example: en:Template:Image requested. Notice there is even a link to a tool that can help find free files.
- If unfree files is removed from the articles it is even more visible that a picture is needed so I hope that the plan to let the files stay untill a replacement is found does not mean that unfree files are kept for several years. Hope we are talking about weeks and not years :-) --MGA73 23:24, 16. Jul. 2011 (UTC)
Aktualitéit
Pro déi Säit huet hiren Numm net verdéngt --Les Meloures 09:33, 1. Aug. 2011 (UTC)
Pro eigentlech just peinlech --Jwh 11:21, 1. Aug. 2011 (UTC)
Contra déi Säit ass just net méi ënnerhale well se aus der Kolonn lénks mat de Linke geflunn ass. Kéim se do nees dran da giff et och nees Sënn maache fir se z'aktualiséiren. Mee esou ka jo kee se fannen. Dat geschitt hei leider mat System, als éischt gëtt entlinkt an da gëtt geläscht mat der Begrënnung datt jo kee Link drop féiert. --Otets ♣ 22:51, 1. Aug. 2011 (UTC)
-
- Wéini soll déi dann aus där Läischt verschwonn sinn a firwat? En plus gëtt et op der Wikipedia esou wäit wéi ech gesinn iwwer 30.000 Säiten, woubäi all Dag un engem ganze Pak geschafft gëtt, just net un der Aktualitéit. Sinn déi aner méi liicht ze fannen, déi stinn och net an der Läischt. Ech verstinn déi doten Argumentation net richteg. Wéi wëlls de eng Säit déi 4 Joer net an der Rei gehale gouf elo op eemol à jour setzen. Meng Fro ass deemno wéi schonn eso dacks: wie soll sech esou eng Contrainte op de Bockel leeën? Esou Säite maachen nëmme Sënn wa permanent op d'mannst 3 bis 4 Mann een A drop hunn, fir datt se och wierklech all Dag aktualiséiert ginn. --Les Meloures 07:42, 2. Aug. 2011 (UTC)
- Ech hunn déi Säit à jour gehalen, mee wéi s de selwer sees ass se virun ongeféier 4 Joer entlinkt ginn. Bei enger Aktualitéitssäit déi op d'mannst all puer Deeg soll à jour gesat ginn ass et nun eben emol essentiel datt se gutt verlinkt a sichtbar ass, soss lount den Opwand vun enger extrem regelméisseger Aktualiséirung net. Ech sot och net datt s du se entlinkt häss. Ech ginn der och net Onrecht datt et besser wier wa méi wéi een en A drop hale géif, notamment well ech jo och mol an d'Vakanz fueren an esou, dofir ass däin Argument guer net esou falsch. Ech kritiséire virun allem datt Entlinken ouni Vote duerchgezu ka ginn an duerno d'Läschen och kee Vote brauch (hei jo, ok, mee ech schwätzen elo vum Prinzip; hei huet d'Entlinken de Sënn vun der Säit futtigemaach) well jo kee Link méi besteet. D'Aktualitéitssäit selwer huet ouni Link (ech entsënne mech, Aktualitéit gouf duerch Themeportaler ersat) effektiv just Nostalgiewäert, mee vu datt kee se mi ka fannen hat se u sech och net grouss gestéiert. Soit. --Otets ♣ 19:20, 2. Aug. 2011 (UTC)
-
-
- Remoien,
- Firwat gëtt net richteg gelies oder duerch eng aner Uersaach schlecht vestanen? Dofir mol:
- 1.) Ech hunn ni gesot du häss behaapt ech hätt se entlinkt. Ech hu gefrot wéini ass se entlinkt ginn. (Ech hu mer dat Ganzt elo nogesicht:annerhallef Stonn Aarbecht fir falsch Behaaptungen)
- 2.) Deng lescht Mise à jour (Du behaaps du häss se ëmmer an der Rei gehalen) war de 17. Mäerz 2006. D'Säit gouf awer eréischt ee Joer duerno de 17. Abrëll 2007- entlinkt (op Wonsch vun engem Bureaukrat an deen aneren huet et gemaach) Dat ass um Staminet nozekucken a keen huet protestéiert. Dat ass wahrscheinlech geschitt well se eben net méi opgefëllt gouf an dofir net derwäert, war fir op der Haaptsäit ernimmt ze ginn. Duerno hunn zwar nach aner Mataarbechter sporadesch dru geschafft awer zënter engem Joer ass nees Tote Hose .
- Bemierkung: D'Säit huet effektiv nëmmen e Wäert wann se ëmmer à jour ass, d.h. wann Aktuelles opgelëscht ass, a wann deementspriechend och en Artikel derzou zur Verfügung steet. Wa mer nämlech op eppes Aktuelles hiweisen an et gëtt keen Artikel derzou, dann déngt dat ganzt net ganz vill, fir besser ze soen, guer näischt. Wanns de nach op d'mannst een oder zwéi Mataarbechter opdréifs déi bereet sinn fir déi Säit an deem Sënn an der Rei ze halen da soll se och stoe bleiwen. Wann net wier et besser si wier vun der Fënster.
-
-
-
- P.S Perséinlech stinn ech net dozou zur Verfügung. --Les Meloures 22:08, 2. Aug. 2011 (UTC)
-
Pro, op mannst hic et nunc. Mat eiseMoyens du bord ass als Suivi vun der Aktualitéit héchstens déi jeweileg Jores-Säit, d'Verstuerwene-Rubrik an en Update an deenen eenzelen Artikelen dran. Wat net heescht datt et déi Säit net eng Kéier nees kéinnt/sollt ginn, wa sech der e puer fannen, déi sech zur Aufgab maachen, do all Dag derno ze kucken. --Zinneke 16:51, 22. Sep. 2011 (UTC)
Franky Gilbertz
De Mann ass jo awer och President vun der FNCTTFEL-Jugend, de Lucien LUX war dat och mol... --Jwh 09:52, 21. Sep. 2011 (UTC)
- Mat där Referenz eleng wier de Lux och net wiki-relevant gewiescht.--Jamcelsus 09:59, 21. Sep. 2011 (UTC)
Wat sécher och net falsch ass ;-) --Jwh 10:02, 21. Sep. 2011 (UTC)
- Dat bréngt eis net weider. D'Fro ass grondsätzlech: ass d'Fonctioun "President vu Jugendsektioune vu Parteien a Gewerkschaften" (nach grad) relevant genuch, oder ass dat schon ze "speziell"? Vu Partei-Jugend-Presidente ginn et mengen ech schonn deen een oder aneren Artikel hei. Deemno: entweder, oder. --Zinneke 10:06, 21. Sep. 2011 (UTC)
-
-
- Do huet den Zinneke recht. Eng Hëllef kann do z.B.dëse Relevanzcritère vun der däitscher Wikipedia sinn: Die Entscheidung für oder gegen die Aufnahme in eine Enzyklopädie richtet sich auch nach der Frage, ob Personen, Ereignisse oder Themen mit aktuell breiter Öffentlichkeitswirkung nach sinnvollem Ermessen auch Zeit überdauernd von Bedeutung sein werden. (Allgemeine Anhaltspunkte für Relevanz [1])--Jamcelsus 07:36, 23. Sep. 2011 (UTC)
-
-
-
- Gutt gesinn: Mat Relevanzcritère géif dës Band an nach vill anerer fléie léieren. --Les Meloures 12:06, 23. Sep. 2011 (UTC)
-
Pro fir d'Läschen (= delete)--Jamcelsus 07:36, 23. Sep. 2011 (UTC)
- Läschantrag suppriméiert. Ech hunn den Artikel op seng "substantifique moelle" reduzéiert, bleiwen awer bei der Meenung, datt d'Fro vun der Relevanz sech hei an an ähnleche Fäll nach ëmmer stellt.--Jamcelsus 08:00, 24. Sep. 2011 (UTC)
Ech proposéieren eng allgemeng, breet a systematesch Diskussioun um Staminee. --Zinneke 12:29, 23. Sep. 2011 (UTC)
Fichier:Helperknapp Kapell.jpg
The file was nominated to deletion in May because the license is "Frai fir all Wikipedia" and that is not a valid license. I think that the file should be deleted and replaced with a free file. But of the result of this deletion request is "keep for now" I have created Schabloun:Do not move to Commons to add on the file. We should avoid to have files nominated for deletion for many weeks or months so files that are not ok but will not be deleted should have for example this template instead.
I think that every file should with the same license should be checked one by one and the template should only be added if the file is important for the article and it is not possible to replace it. --MGA73 17:45, 27. Sep. 2011 (UTC)
- Wann et e Concours gëtt fir esou Biller ze sammlen, sollt et net onméiglech sinn, en neitze fannen. Dofir läschen ech et, soss mengen d'Leit, et géif schonn ee Bild... --Zinneke (Diskussioun) 16:24, 13. Abr. 2012 (UTC)
David Wagner
Grond: Relevanzdefizit.
Pro --Pecalux 06:19, 2. Okt. 2011 (UTC)
- Dselwecht wéi hei uewendriwwer: Ech proposéieren emol déi Diskussioun déi um Staminee/Relevanzcritèren vum Zinneke un d'Rulle bruecht gouf, och um Rullen ze halen --Les Meloures 06:44, 2. Okt. 2011 (UTC)
Contra "tête de liste" bei de Gemengewalen 2011 fir 'déi lénk' ass fir mech relevant genuch. --Robby 08:01, 2. Okt. 2011 (UTC)
-
- An anere Wierder: Musse mir elo onbedéngt d' "Tête de liste" vun all Partei a vun all Gemeng an eis Wiki abanne fir komplett ze sinn? --Pecalux 09:18, 2. Okt. 2011 (UTC)
- Pardon hei driwwer hat ech vergiess den 'an der Stad [Lëtzebuerg]' dran ze kopéieren. Ech ginn och ze bedenken datt wa mir eng Persoun an der lb-Wiki net läschen da musse mir dofir keng aner Persoun derbäisetzen! --Robby 09:48, 2. Okt. 2011 (UTC)
- An anere Wierder: Musse mir elo onbedéngt d' "Tête de liste" vun all Partei a vun all Gemeng an eis Wiki abanne fir komplett ze sinn? --Pecalux 09:18, 2. Okt. 2011 (UTC)
Firwat gëtt elo hei nees diskutéiert? Den Zinneke huet virun aacht Deeg wéinst engem aneren Artikel eng Diskussioun um Staminee ugeluecht. Bis elo huet bis elo kee vun deene Leit déi hei déi lescht Läschpropose fir Persounenartikele gemaach do hir Critèren op den Dësch bruecht.? --Les Meloures 11:21, 2. Okt. 2011 (UTC)
Spéitstens nodeems den David Wagner Spriecher vu senger Partei ass, misst d'Relevanz grouss genuch sinn. Ass et an der Rei fir de Läsch-Template erëm erauszehulen? --Fliedermaus (Diskussioun) 08:56, 23. Mäe. 2012 (UTC)
- Gesinn ech och esou --Jwh (Diskussioun) 10:58, 23. Mäe. 2012 (UTC)
Fichier:Rugby Coupe de Lux Finale 2008 A.jpg + Fichier:Rugby Coupe de Lux Finale 2008 B.jpg
The license of the 2 files is CC-by-nc-nd/3.0/lu and the NC and ND makes it not suitable for Wikipedia and Commons. It should be possible to replace the files with free files from Commons to illustrate Rugby. --MGA73 09:28, 11. Dez. 2011 (UTC)
Dylan Ryder
- Wat fir eng Relevanz huet dës Dame? Solle mer wierklech ufänken Pornosduerstellerinnen hei op der lb.Wikipedia eng Plaz ze ginn? Et besteet och keen direkte Bezuch zu Lëtzebuerg.
Pro --Sultan Edijingo 18:58, 28. Dez. 2011 (UTC)
Pro Den Artikel ass haaptsächlech op Däitsch. --Otets ♣ 17:51, 3. Jan. 2012 (UTC)
Audrey Bitoni
- Wat fir eng Relevanz huet dës Dame? Solle mer wierklech ufänken Pornosduerstellerinnen hei op der lb.Wikipedia eng Plaz ze ginn? Et besteet och keen direkte Bezuch zu Lëtzebuerg.
Pro --Sultan Edijingo 18:58, 28. Dez. 2011 (UTC)
Pro Den Artikel ass haaptsächlech op Däitsch. --Otets ♣ 17:51, 3. Jan. 2012 (UTC)
Nina Mercedez
- Wat fir eng Relevanz huet dës Dame? Solle mer wierklech ufänken Pornosduerstellerinnen hei op der lb.Wikipedia eng Plaz ze ginn? Et besteet och keen direkte Bezuch zu Lëtzebuerg.
Pro --Sultan Edijingo 18:58, 28. Dez. 2011 (UTC)
Contra Den Artikel ass op Lëtzebuergesch. Et maach zwar "schmuddeleg" ausgesinn, mee op de grousse Wikie gëtt et masseweis deer Artikelen, déi hu kee Problem dermat. An d'Fro stellt sech bei wat mer halt maache wa mer ufänken ze zenséieren (Paris Hilton läschen well och a Pornosfilm, Anders Behring Breivik läsche well kee Forum fir Mäerder - ok, deen Artikel hu mer mol nach net). A wat Relevanz a Bezuch zu Lëtzebuerg ugeet, do ass d'Goldmouk och net besser (a verschiddener fanne Mouke sou ekleg wéi Pornosduerstellerinnen). Ech wëll sécher keng Mutatioun zur Pornoswiki, mee wann en Artikel seriö gemaach ass (net wéi déi zwee hei driwwer), da sinn ech mat en-wiki an de-wiki averstan fir déi Kategorie Artikele grad eweéi och anerer net ze zenséieren. --Otets ♣ 17:51, 3. Jan. 2012 (UTC)
Contra Fir déi selwescht Grënn wéi den Otets --Bdx 17:06, 24. Feb. 2012 (UTC)
Jedi
Pro Iwwerschaffeschëld zënter 8 Méint, an et deet sech näischt. --Les Meloures (Diskussioun) 11:45, 23. Mäe. 2012 (UTC)
Contra Den Artikel gëtt et a 40 verschiddene Sproochen op Wikipedia. Soll Lëtzebuergesch eng Ausnahm sinn? --Pecalux (Diskussioun) 12:58, 13. Abr. 2012 (UTC)
-
- Lëtzebuergesch soll natierlech keng Ausnahme sinn. Mer sinn awer eng doduerch datt déi aner keen sou en Aarmut do stoen hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:12, 13. Abr. 2012 (UTC)
Contra well relevant. Déi eenzeg, déi deen Artikel sichen a fannen, si Star-Wars-Fans; dat ass och d'Clientèle, déi dat richtbéie kéinnten (ech si keen "Expert" bei deene Stärekrichsgeschichten do).--Zinneke (Diskussioun) 13:15, 13. Abr. 2012 (UTC)
Beach Days am Kiischpelt
Pro E lokalt Fun-Evenement ouni enzyklopedesch Relevanz; Beachvolleyball do dergéint ka gär en Artikel kréien. --Zinneke (Diskussioun) 09:55, 13. Abr. 2012 (UTC)
Contra "Gudden Owend, d'Beach Days am Kiischpelt ass een Evenement deen schons 10 Joer am Kiischpelt stattfënnt, genausou och de Konschtfestival deen ewell zënter 1991 organiséiert gëtt an deen ech och lo wollt dobäisetzen. (An och den Internationalen Quiltfestival). Dës Evenementer sënn soziokultureller, sportlicher a kënschtlecher Natur a prägen d'Gemeng Kiischpelt säit Joren, genau sou wéi een Tour de Luxembourg oder eng Emaischen zu Nouspelt, just datt déi well méi lang dobäi sënn?" (vum User:Boums1 um Zinneke seng Diskussiounssäit gesat).
- "Dëst sportlecht Evenement gëtt et scho méi laang wéi de Rock a Field deen och um Wikipedia steet. Et ass net nëmmen lokal mä Spiller aus dem ganze Land wou och vill Nationalspiller vum Volleyball dobäi sinn trieden do un, an och schonn zum Deel International. Des Weideren steet en um Kalenner vun der Lëtzebuerger Sportfederation vum Volleyball!"(vum User:Boums1 um Zinneke seng Diskussiounssäit gesat).
Contra Ech sin och derfir den Artikel stoen ze loossen, soss missten effektiv och nach aner Saachen iwwerduercht gin --MMFE (Diskussioun) 11:46, 13. Abr. 2012 (UTC)
Rock A Field 2010 a Rock A Field 2011
Pro Beim Rock A Field 2011 stinn alleguer d'Informatiounen och am Artikel Rock A Field. Beim Rock A Field 2010 sti just e puer zousätzlech Informatiounen dran déi een och an den Haaptartikel kënnt iwerhuelen. Ech giff och virschloen, wann déi zwee Artikele geläscht gin, de Rock A Field an d'Kategorie:Museksfestivallen ze rëckelen.
--MMFE (Diskussioun) 12:03, 13. Abr. 2012 (UTC)
- D'accord. Méchs Du den Ofglach mam Haaptartikel~? Ech läschen se dann härno. --Zinneke (Diskussioun) 12:28, 13. Abr. 2012 (UTC)
- Sou, d'Ännerungen op der Haaptsäit si fäerdeg, di zwee Satellite kënne geläscht gin. --MMFE (Diskussioun) 22:15, 13. Abr. 2012 (UTC)
- Merci! A fort si se. --~~
Association 1928 Lëtzebuerger Patrioten Lëtzebuerg
Pro opgesi vu e bësse vill "speziellem" Gedankegutt gesinn ech net, wat déi ausser enger Féissbuck-Säit, enger Plainte an engem Pressecommuniqué Opweises hunn, wat vun enzyklopedescher Relevanz wier. --Zinneke (Diskussioun) 10:51, 27. Abr. 2012 (UTC)
Pro wann se mol wierklech eppes opweises hunn, sinn se nach séier nees aus dem Keller geholl. --Les Meloures (Diskussioun) 17:54, 27. Abr. 2012 (UTC)- Ech wees jo net. De Pierre Peters huet jo och net vill Opweises, vläit manner chaotesch an der Orthographie an an der Grammaire wéi déi doten. Schéi wier et wenn ee se kinnt an der realer Welt sou einfach läschen, mä lo benotzen ech schonn hir Formulatiounen. Wat muss gemaacht ginn, fir datt déi ni eppes Opweises hunn? --Jwh (Diskussioun) 23:59, 27. Abr. 2012 (UTC)
Pro Laut senge Statuten, déi an engem ganz approximative Franséisch verfaasst sinn, soll de Veräin eng sozial Missioun erfëllen: “Cette association a pour but: oeuvre social ayant pour but d'aider les citoyens en difficultés et aide aux personnes âgés et les handicapés”. Dovunner schéngt en awer an der Realitéit weit ewech ze sinn. Dat Ganzt ass also net seriös a gehéiert op kee Fall op d'Wikipedia. Direkt läschen!! --Jamcelsus (Diskussioun) 14:58, 28. Abr. 2012 (UTC)
Pro Ech mengen och dass den Artikel, sou wéi e bis elo besteet, roueg soll geläscht ginn. E ka jo bei Bedarf ëmmer reaktivéiert ginn. --Pecalux (Diskussioun) 15:30, 28. Abr. 2012 (UTC)
Pro Läschen, no allem wat hei driwwer steet. --Cayambe (Diskussioun) 17:29, 28. Abr. 2012 (UTC)
Fichier:Angel-emile.jpg
Pro D'Bild huet eng onzoumuttbar Qualitéit a gëtt néierens gebraucht. --Pecalux (Diskussioun) 07:32, 9. Mee 2012 (UTC)
Éisleker Ham
Pro entsprécht kenger iwwerpréifbarer, beluechter Realitéit, weder geographesch nach qualitativ nach gesetzlech oder no soss Critèren a berout op zweifelhafte Quellen (wann iwwerhaapt). D'Artikelen Ham (Fleesch) a Marque nationale fir Schwéngefleesch a Schwéngefleeschprodukter dovun decken of, wat u Brauchbarem do steet. --Zinneke (Diskussioun) 09:41, 10. Mee 2012 (UTC)
Pro Läschen, wéi den Zinneke. --Cayambe (Diskussioun) 10:16, 10. Mee 2012 (UTC)
Pro --Pecalux (Diskussioun) 10:42, 10. Mee 2012 (UTC)
Pro c.f. Méi Geschreifs an der Diskussioun. --Les Meloures (Diskussioun) 11:26, 10. Mee 2012 (UTC)