Albrecht Dürer

Vu Wikipedia
Albrecht Dürer
Gebuer 21. Mee 1471 jul.
Nürnberg
Gestuerwen 6. Abrëll 1528 jul.
Nürnberg
Aktivitéit Moler, Graveur, Mathematiker, Kofferstiecher, Zeechner, Illustrateur

Den Albrecht Dürer, gebuer den 21. Mee 1471 zu Nürnberg an och do de 6. Abrëll 1528 gestuerwen, war en däitsche Moler, Graphiker an Auteur.

Bei sengem Papp, deen aus Ungarn war, huet den Albrecht Dürer d'Handwierk vum Goldschmadd geléiert an ass duerno beim Nürnberger Moler Michael Wolgemut an d'Léier gaangen. Wärend enger fënnefjäreger Wanderschaft (Mëttelrhäin, Holland, Basel a Stroossbuerg) huet hie seng Fäegkeete perfektionéiert.

1494 koum den Albrecht Dürer op Nürnberg zeréck, huet d'Agnes Frey bestuet, an huet seng éischt Rees an Italie gemaach.

1498, nodeem hie säin eegenen Atelier ageriicht hat, ass säin éischte Graphikzyklus, 15 Holzschnëtter iwwer d'Apokalyps erauskomm.

Den Dürer huet de Schwéierpunkt a sengem weidere Schaffen op déi reliéis Theeme geluecht.

Vu 1512 un huet den Dürer vill fir de Keeser Maximilian I. geschafft, virun allem d'Randzeechnunge vum keeserleche Gebietbuch.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Albrecht Dürer – Biller, Videoen oder Audiodateien