Portrait

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Portrait ass eng Molerei, eng Fotografie, eng Plastik oder soss eng kënschtlerech Representatioun vun enger oder méi Persounen. E Portrait soll net nëmmen e Glach mam Ausgesinn vun enger Persoun hunn, mee och hir Perséinlechkeet oder hire Status, resp. hir Fonctioun erëmspijelen.

Och bei literaresche Beschreiwungen oder filmesche Presentatiounen vu Persoune schwätzt ee vun engem Portrait.

Bei Portraiten ënnerscheet een tëschent der Zuel vun de Persounen, déi duergestallt ginn (Eeenzel-, Duebel-, Dräifach- oder Gruppeportrait), dem Ausschnëtt, dee gewise gëtt oder der Haltung vun de portraitéierte Persounen (kuckt ënnendrënner); oder awer der Fonctioun, déi duergestallt gëtt (z.B. en Herrscherportrait mat sengen Herrschafts-Attributen).

[änneren] Nom Ausschnëtt

Nom Ausschnëtt ënnerscheet een, je nodeem, tëscht engem Portrait vun enger ganzer Persoun (am Stoen oder am Sëtzen, an der Skulptur sinn dat Statuen oder Statuetten); engem bis un de Knéi, bis un d'Hëft, bis un d'Taille, bis un d'Broscht, un d'Schëller oder bis un den Hals:

[änneren] No der Haltung vum Kapp

[änneren] Selbstportrait

E Portrait, dat e Kënschtler vu sech selwer mécht, ass e Selbstportrait.

[änneren] Idealportrait

En Idealportrait representéiert eng Persoun, déi de Kënschtler net perséinlech kannt huet. Et soll där Persoun hir (attribuéiert) Qualitéiten erëmginn, ass awer keng realistesch Representatioun dovunner, wéi se ausgesinn huet (Beispill: Büsten oder Biller vum Homer).

[änneren] Kuckt och

Commons: Portraiten – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen