Mark Twain

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Photo vum Napoleon Sarony.
Mark Twain (1909)

Mark Twain, mam richtegen Numm Samuel Langhorne Clemens, gebuer den 30. November 1835 zu Florida am Missouri a gestuerwen den 21. Abrëll 1910 zu Redding am Connecticut, zielt zou de gréissten US-amerikanesche Schrëftsteller an Humoristen.

Den Numm Mark Twain ass en Ausdrock aus der Séimannssprooch, dee "Markéier zwéin (Fiedem)" bedeit (entsprécht enger Waasserdéift vu ronn 3,7 m) an dorun erënnert, wéi hie selwer emol als Steiermann säi Brout verdéngt huet.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Mark Twain wiisst zu Hannibal op, e klengt Duerf um rietsen Ufer vum Mississippi. Mat 18 Joer gëtt hie Steiermann op deem Floss. Dobäi sammelt hie schonn dee Stoff, aus deem spéider den Tom Sawyer entstoe wäert. Am amerikanesche Biergerkrich wëllt dee 26 Joer alen Twain näischt mat der Sklaverei ze dinn hunn a verstoppt sech als Goldgriewer an de Bierger am Westen. Duerno gëtt hie Journalist a publizéiert 1876 dem Tom Sawyer seng Abenteuer, aacht Joer drop déi vum Huckleberry Finn.

Commons: Mark Twain – Biller, Videoen oder Audiodateien