Jan van Eyck

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mann mam rouden Turban (Selbstportrait?)
D'Hochzäitskoppel Arnolfini
De Retabel vum Mystemsche Lamm, Gent (auserneegeklappt, bannen)

De Jan van Eyck (oder Johannes de Eyck), gebuer ëm 1385 zu Maaseik, gestuerwen den 9. Juli 1441 zu Bruges, war e flämesche Moler, deen zu deene gréisste Moler vum Spéitmëttelalter gezielt gëtt.

Nom Doud vum Johann III. vu Bayern, wou hien Haffmoler war, ass de van Eyck an derselwechter Funktioun bei de Philippe de Gudden an den Déngscht getrueden, deem säin Haff zu Lille war. Nieft senger Haaptaarbecht als Moler war hien och Dekorateur, a Moler vu Schëlter, Fändelen a Statuen, an huet als geschéckten Diplomat déi eng oder aner Geheimmissioun fir de Philipp gemaach.

Seng Biller[änneren | Quelltext änneren]

Wann de van Eyck d'Uelegmolerei och net erfonnt huet, sou huet hien des Technik dach perfektionéiert.

Zus enge bekanntste Wierker zielen de Retabel aus der Kathedral vu Gent (D'Ubiede vum Mystesche Lamm) an de Portrait vun der Händlerkoppel Arnolfini (haut an der National Gallery zu London).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jan van Eyck – Biller, Videoen oder Audiodateien