Prosa

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Prosa (vun der laténgescher Wuertfamill: "prorsus/prodeo" wellech etymologesch gesi folgende Sënn begrënnt: prosa oratio = no vir geriichten einfach Ried) bezeechent d'Form vun der Literatur, niewent der Versform, an där déi dräi Kategorie vun der Literatur (nämlech Epik, Lyrik an Dramatik) verfaasst ka sinn.
Am Géigesaatz zum Vers, deen (mat Ausnahmen) a metresch geglidderter Form, also an engem gewesse Rythmus, geschriwwen get, get d'Prosa a Sätz, Abschnëtter an meeschtens Kapitelen ennerdeelt.
Wéinst der Komplexitéit vun der Prosa, ass et schwéier eng genee Définitioun ze formuléieren. Am Fong kann ee just de Molière zitéieren, dee sot:
"Tout ce qui n'est pas prose est vers et tout ce qui n'est point vers est prose" Molière, Le bourgeois gentilhomme.

[änneren] Beispiller vu Prosa

Et ass och méiglech Prosa a Vers mateneen ze vermëschen. De franséischen Poet Louis Jacques Napoléon Bertrand, genannt Aloysius Bertrand, huet déi Kombinatioun vun deenen zwou Kategorien als Éischte bewosst genotzt. Allerdéngs kann een och z.B. dem Beaudelaire sai Gedicht "Le Spleen de Paris" zu där Kategorie rechnen, woubai ee soe muss dass net dat ganzt Wierk "Petits poèmes en prose" als Vermëschung vu Poesie a Vers consideréiert ka ginn.
Hautdesdaags kann ee soen, datt een déi dräi Literaturformen suwuel a Prosa, wéi och a Versform verfaasse kann. Deemno kéint een eng Gebrauchsuweisung vun enger Wäschmaschinn, e legalen Text aus dem Mémorial oder den Harry Potter och a Versform schreiwen. An e Gedicht ka sech deemno liese wéi en Artikel an der Zeitung iwwert e Foussballsmatch.

De Francis Ponge schléit vir, dës Kombinatioun vu Prosa a Vers "Proème" ze nennen.

Et existéiert och eng Programméiersprooch déi Prosa-300 heescht.

[änneren] Kuck och:

Literatur
Literaturgattungen
Vers
Lyrik
Dramatik
Epik

Perséinlech Tools