Eepik

Vu Wikipedia

D'Eepik (griichesch επική [ποίηση] - Dichtung, déi zum Eepos gehéiert) ass nieft der Lyrik an der Dramatik eng vun deenen dräi grousse Gattunge vun der Literatur. Bei der Eepik handelt et sech ëm d'Erzielliteratur a Vers- oder Prosaform.

Bis zur Poetik vum 18./19. Joerhonnert ass d'Eepik eng Bezeechnung fir d'Konscht vum Eepos. Well d'Differenzéirung vun der eeepescher Dichtung am 19. Joerhonnert ëmmer méi zougeholl huet a well sech d'Prosa ëmmer méi entwéckelt huet, ginn ënner dem Begrëff Eepik all Genre vun Erzielliteratur zesummegefaasst. D'Eepik ënnerscheet sech vun der Dramatik an der Lyrik duerch fundamental Kennzeeche vun der Gestaltung, der Kommunikatioun an der Funktiounsweis. Zu dëse Kennzeeche gehéieren:

  • Erzielen als charakteristesch Form vun der Vermëttlung tëscht Erzieler an Nolauschterer respektiv Lieser, woubäi aus der Perspektiv vum Erzieler oder vun enger Figur erzielt gëtt (Erzielperspektiv).
  • Vergéigewäertegung vum Geschéien als eppes Vergaangenes an ongebonnenen Ëmgang mat der Zäit (Erzielzäit).
  • Gestaltung vu gesellschaftlechen Zoustänn, individuellen Erliefnesser (Stream of consciousness).

Zu den éischten eeepesche Forme gehéieren z. B. Opschrëften op Géigenstänn, déi de Géigenstand erklären (Epigramm), wéi och déi méi héich Formen (Gnome, Sproch, Elegie). An den Kosmogonien, Theogonien a mysteschen Heelsléieren kritt d'Eepik e méi poetesche Gehalt, andeems dat natierlecht Geschéien a personifizéierten Doten an Ereegnesser duergestallt gëtt. Fir d'Forme Märchen, Soen a Legenden gëllt dëst och. Bis zum Enn vum 18. Joerhonnert bestëmmt d'Eepos d'Kennzeeche vun dëse Formen.

An der Iwwergangsphas vun der feudaler zur biergerlecher Gesellschaft huet d'Eepik sech vu Grond op gewandelt an et kënnt an Europa zum Iwwergank vun der Vers- zur Prosa-Eepik. Fir datt dës differenzéiert Welt gräifbar ze maache war, hu sech nei Erzielformen erausschiele missen. Dozou gehéiert z. B. de Roman. Duerch d'industriell Revolutioun si gläichzäiteg méi effektiv Mechanisme fir d'Verbreedung an d'Hierstellung vu Literatur entstanen. Doduerch ass d'Entwécklung vun de literaresche Forme méi séier virugaangen an et hu sech Formen entwéckelt wéi z. B. d'Novell, d'Glosse an d'Kuerzgeschicht.

Forme vun der Eepik[änneren | Quelltext änneren]