Haiku

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Haiku, op Japanesch 俳句 haiku „lëschtege Vers“, ass eng japanesch Gedichtform. Traditionell besteet en Haiku aus dräi Gruppe vu jeweils 5, 7 a 5 Silben (streng geholl japanesch Moren), déi heiansdo fir d'Betounung vun dëser Form an dräi getrennte Versen oder och an enger Zeil, gedeelt duerch Zwëscheraim, ugeuerdnet ginn. Normalerweis gëtt awer op esou eng Deelung verzicht.

Mat insgesamt 17 Silben (resp. Moren) ass den Haiku déi kierzte Gedichtform vun der Welt. E beschreiwt traditionell e Bild aus der Natur an e gëtt (mat Hëllef vu sougenannte Joreszäitewierder, op Japanesch Kigo) d'Joreszäit ze erkennen. Et gëtt och Kreeser vun Haiku-Dichteren, déi eng fräi Form, ouni déi genannte Virgaben, vertrieden. De Grënner vum modernen Haiku als eegestänneg Form vun der Dichtung war de Masaoka Shiki. Hie war et och, deen de Begrëff Haiku geprägt huet (géigeniwwer vum méi aalen Haikai oder Hokku).

[änneren] Berühmten Haiku-Dichter (Iwwersiicht)


Perséinlech Tools