Romano Prodi
De Romano Prodi (* 9. August 1939 zu Scandiano, Italien) ass en italieneschen Economist a Politiker. Hien ass zënter dem 17. Mee 2006 italienesche Ministerpresident. Hie war schonns eng Kéier, vun 1996 bis 1998 Ministerpresident. Vum Mäerz 1999 bis November 2004 war e President vun der Europäescher Kommissioun.
Säi Liewen [änneren]
De Romano Prodi huet 6 Bridder (vun deenen der 5 Universitéitsproffessere sinn) an 2 Sëschteren. Hien huet zu Mailand Droit studéiert a mat Distinction 1961 ofgeschloss. Dono huet en zu Mailand, Bologna a London Economie studéiert. Vun 1963 u war e wëssenschaftleche Mataarbechter, zënter 1966 Chargé de cours a vun 1971 bis 1999 Professer fir Macro-Economie an Industriepolitik zu Bologna.
1978 bis 1979 war de Prodi Industrieminister an der Regierung vum Giulio Andreotti.
Vun 1984 bis 1995 (ausser tëscht 1989 an 1993) war e President vun der IRI, der gréisster staatlecher Holding vun Italien, déi e matgehoillef huet, ze sanéieren an deelweis ze privatisiéieren.
1995 waren de Spëtzekandidat vun der Walunioun Ulivo ("Olivebam"), an där eng sëlleche Parteien, vu lénksextreme bis konservativen, zesummegeschloss waren. 1996 gouf e Ministerpresident. Hien huet de Staatsbudget streng an der Gitt gehalen a konnt esou Italien erméiglechen, der Euro-Zon bäizetrieden. Am Oktober 1998 ass en zeréckgetrueden, nodeems eng Partei vum Olivebam d'Regierung net méi ënnerstëtzt hat an en e Vertrauensvote verluer hat.
De 24. Mäerz 1999 hun d'Staats a Regierungsdchefe vun der EU hien zum President vun der Europäescher Kommissioun ernimmt. Hien huet de 15. September 1999 d'Nofollech vum Jacques Santer ugetrueden, nodeems seng Ernennung vum Europäesche Parlament confirméiert gi war.
A seng Amtszäit falen d'Aféiere vum Euro an d'Verhandlungen mat an de Bäitrëtt vun 10 neie Memberstaaten an d'EU, den 1. Mee 2004. De Prodi huet um Enn vu senger Presidentschaft ze verstoe ginn, datt e gär nees méi an der italienescher Politik (wou an der Tëschenzäit de Silvio Berlusconi Premierminister war) aktiv wier, an esou huet den Europäesche Conseil de José Manuel Barroso als neie Kommissiounspresident designéiert, deen dëst Amt am November 2004 iwwerholl huet.
De 16. Oktober 2005 gouf de Romano Prodi bei enger Virwal mat iwwer 70 % zum Spëtzekandidat vun der Mëtt-Lénks-Unioun Unione fir d'Parlamentswale vun 2006 gewielt. Déi huet en dann och géint de Silvio Berlusconi (knapps) gewonnen.
D'Koalitioun, déi dorausser ervirgoung, an déi eng Rëtsch kleng méi oder manner lénksextrem Parteien emfaasst huet, stoung vun Ufank un op wackeleche Féiss: Bei engem Vote am Senat iwwer d'Aussepolitik, am Februar 2007, hu sech d'Kommunisten enthalen, sou datt d'Regierungsparteie minoritär waren. De Prodi huet säi Récktrëtt ugebueden, mä de Staatspresident huet hie gebieden, d'Regierung engem Vertrauensvote z'ënnerwerfen, woumatter se dann an hirem Amt confirméiert gouf.
De 24. Januar 2008 huet hie sech op en neies engem Vertauensvote am Senat gestallt, nodeems säi Justizminiter zeréckgetruede war. Dës Kéier krut en net méi déi néideg Majoritéit an huet säi Récktrëtt ugebueden.
Um Spaweck [änneren]
| Virgänger: Manuel Marin |
President vun der Europäescher Kommissioun 1999 - 2004 |
Nofolger: José Manuel Barroso |
| Commons: Romano Prodi – Biller, Videoen oder Audiodateien |