Europäesche Conseil
Den Europäesche Conseil (och alt "EU-Sommet" genannt) bréngt d'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun (EU), hir Ausseministeren an och de President vun der Europäescher Kommissioun zesummen. Hie leet déi allgemeng politesch Orientéierunge vun der EU fest a spillt domatter eng decisiv Roll doranner, wéi a wuer d'EU sech entwéckelt, wat hir Prioritéite sinn, asw.
[änneren] Organisatiounsform
Den Europäesche Conseil kënnt gewéinlech 4 Mol am Joer zesummen, kann awer vun der Présidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun zu aussergewéinleche Sommetën zesummegeruff ginn, wann d'Actualitéit dat erfuerdert. Seng Aufgaben a Funktiounsweis sinn am Art. 15 vum EU-Traité an dem Art. 235 an 236 vum Traité iwwer d'Fonctionnéiere vun der Europäescher Unioun gereegelt.
De President gëtt op zwee an en halleft Joer vun de Staats- a Regierungscheffe gewielt; hien däerf soss kee politescht Mandat hunn. Seng Roll ass et, eng Kontinuiéiät an der Aarbecht vum Europäesche Conseil ze garantéieren a bei Konflikten ze vermëttelen a Kompromësser ze proposéiern; hien huet awer keen eegent Stëmmrecht.
Zënter dem 1. Dezember 2009 huet de Belsch Herman Van Rompuy dës Fonctioun.
Virum A-Kraaft-Triede vum Traité vu Lissabon war de President dee Staats- oder Regierungschef, deem säi Land grad d'Présidence huet.
Virum Akraafttriede vum Traité vun Nice waren des Sommetën gewéinlech an deem Land, dat grad d'Presidence huet, zanterhir ass dat ëmmer méi dacks zu Bréissel, am Justus-Lipsius-Gebai, do, wou och de Conseil vun der Europäescher Unioun säi Sëtz huet.
En neit Gebai, dat just fir den Europäesche Conseil ass, ass am Gaang, nieft der Gare Bréissel-Schuman gebaut ze ginn.
Zanter 1969 sinn d'Staats- a Regierungscheffen an onregelméissegen Ofstänn zesummekomm. 1974 si se sech Eens ginn, datt vun do u regelméisseg ze maachen. Mam Akraafttriede vum Eenheetlechen Europäeschen Akt 1987 gouf den Europäesche Conseil als EU-Institutioun an d'Europäesch Traitéen opgeholl.
[änneren] Soss
Den Europäesche Conseil ass z'ënnerscheede vum Conseil vun der Europäescher Unioun, deen, zesumme mam Europäesche Parlament, d'Legislativorgan vun der EU ass: hei stëmmen déi jeweileg Fachministeren nei Gesetzer of, déi an der EU gëllen.
Weider däerf een en net mam Europarot (op franséisch "Conseil de l'Europe") verwiesselen. Dëst ass neemlech eng eegestänneg international Organisatioun mat Sëtz zu Stroossbuerg, déi näischt mat der EU ze dinn huet, an an där och Länner wéi z.B. d'Tierkei a Russland Member sinn. Seng Kompetenz läit virun allem am Beräich Mënscherechter. Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ass Deel dovunner.
[änneren] Kuckt och
- Institutioune vun der Europäescher Unioun
- Conseil vun der Europäescher Unioun
- Présidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun
- Europedia
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |
| Commons: European Council – Biller, Videoen oder Audiodateien |