Archimedes

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich


Nuvola apps edu mathematics.png Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Portrait vum Archimedes

Den Archimedes (gr. Aρχιμήδης) vu Syrakus (gebuer ëm 287 v. Chr. zu Syrakus op Sizilien; a gestuerwen 212 v. Chr.) war e griichesche Mathematiker, Physiker an Ingenieur. Hie gëllt als ee vun de bedeiteste Mathematiker vun der Antikitéit. Den Archimedes ass bei der Eruewerung vu Syrakus duerch d'Réimer gestuerwen.

Den Archimedes huet mathematesch Formele fir geometresch Formen ofgeleet a verschidde Gesetzer entdeckt, wéi z.B. d'Hiewelgesetz. En huet Maschinne gebaut, ë.a. och d' Schrauf vum Archimedes.

[änneren] Liewen

Den Archimedes war de Jong vum Phaidias, en Astronom um Haff vu Syrakus. Hie studéiert zu Alexandria a kënnt dann op Syrakus zeréck.

Bei der Verdeedegung vu Syrakus géint déi réimesch Belagerung am Zweete Punesche Krich war hien derbäi. No dräijähreger Belagerung gouf hie vun engem réimeschen Zaldot ëmbruecht.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Archimedes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools