Griichesch Orakelen

Vu Wikipedia

D'Orakele spillen eng fundamental Roll an der griichescher Relioun a Kultur. D'Orakel ass d'Äntwert vun engem Gott op eng Fro déi him gestallt gëtt. Sou Orakele kënnen nëmme vu bestëmmte Gëtter op bestëmmte Plazen ausgeschwat ginn. Ausserdeem musse gewësse Rite respektéiert ginn, ier et zu enger Befroung vun der Gottheet komme kann. Ausserdeem ass fir d'Interpretatioun vun der Äntwert dacks e "Studium" noutwenneg, a sou ginn d'Orakelen och meeschtens vu geschoultem a spezifeschem Personal interpretéiert.

D'Wuert Orakel steet och fir de konsultéierte Gott, de mënschlechen Interpret, oder och nach d'Plaz wou de Gott befrot gëtt. D'griichesch Sprooch ënnerscheet dës verschidde Sënner: nieft anere Wierder gëtt d'Äntwert χρησμός khrêsmós genannt, wat souvill heescht wéi "de Fait z'informéieren". A verschiddene Source fënnt een och den Term φάτις phátis, "de Fait ze schwätzen". Den Interpret gëtt dacks προφήτης prophêtês, "deen deen an der Plaz [vum Gott] schwätzt", oder μάντις mántis genannt. D'Plaz wou dat Ganzt ofleeft heescht χρηστήριον khrêstếrion.

D'Mantik, dat heescht den Domaine vun der Wahrsagung besteet am antike Griicheland nëmmen aus den orakuläre Wëssenschaften. Hellseeër wéi den Teiresias si mythologesch Personnagen. D'Wahrsagung am Ale Griicheland ass net d'Aarbecht vun e puer inspiréierte Stierflechen, mä vu Persounen, déi sech streng un d'Riten halen, och wann d'Traditioun sou un eng Inspiratioun gleewe léisst, oder wéi d'Griichen et genannt hunn, ἐνθουσιασμός enthousiasmós, "de Fait Gott a sech ze hunn".

Orakel-Gottheeten[änneren | Quelltext änneren]

D'Mantik, μαντεία manteía, ass eenzeg an eleng eng gëttlech Fäegkeet. Fir d'griichesch Mantik ze verstoen, muss ee wëssen datt d'Schicksal, wat duerch déi dräi Moiren (Μοῖραι mõirai) personifizéiert gëtt, eng onofhängeg Kraaft ass, a souguer d'Gëtter kënnen näischt dogéint maachen. Allerhéchstens kënne si d'Schicksal fir eng Zäit ophalen, oder d'Mënschen driwwer a Kenntnis setzen. Dës Kraaft vun der Wahrsagung schéngt an enger éischter Zäit u chthonesch Kräfte (χθών khthốn, Äerd) gebonne gewiescht ze sinn, wouduerch och d'Orakele via Inkubatioun kommen, d. h. deen dee gefrot huet, kritt seng Äntwert am Dram, nodeem en eng Nuecht um Buedem geschlof huet.

Déi éischt Orakel-Gottheet ass den Zeus, deem vill Orakelen ënnerstinn, wouvun dat eelst zu Dodona (Epirus).

 Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen Orakel vun Dodona; Zeus-Amun Orakel a(n) Orakel vun Olympia
Den Apollo huet op verschiddene Plazen den Zeus quasi verdrängt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Orakel vun Delphi.
D'Aphrodite gouf zu Paphos op Zypern befrot, den Aklepios zu Epidaurus.

Déi grouss Orakele vum Ale Griicheland[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Orakelen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.