Dante Alighieri

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Dante

Den Dante Alighieri, gebuer am Mee 1265 zu Florenz, a gestuerwen de 14. September 1321 zu Ravenna, war en italieneschen Dichter. Hien ass bekannt ginn wéinst senger La divina commedia ("Déi gëttlech Comédie").

Inhaltsverzeechnes

Biographie [änneren]

Dem Dante Alighieri seng Elteren waren den Alighieri II an d'Bella. Seng Mamm ass awer fréi gestuerwen an dofir huet säi Papp eng zweet Fra bestuet, d'Lapa di Chiarissimo Cialuffi. Seng Famill war adeleg. 1295 ass den Dante an d'Zonft vun den Apdikter an Dokteren agetrueden, dat war d'Viraussetzung fir an d'Politik kënnen ze goen. Den 1. November 1295 gouf en an de Gemengerot vu Florenz opgeholl. Zu där Zäit gouf et do zwou politesch Fraktiounen, d'Ghibellinen an d'Guelfen. D'Ghibellinen hunn d'Interesse vum Keeser vertrueden an d'Guelfen déi vum Poopst. Wéi 1300 de peepstleche Gesandten Matteo d'Acquasparta op Florenz geschéckt gouf, sinn an der Stad Onrouen ausgebrach. Fir deem entgéintzewierken, hunn den Dante a seng politesch Kollegen e puer Memberen vun de Guelfen, dorënner och de Chef vun der Partei, de Corso Donati, an d'Verbannung geschéckt. De Poopst huet doropshi Florenz mat engem Kierchebann beluecht, an de Charles de Valois op Florenz geschéckt, fir d'Toskana an de Kierchestaat ze integréieren.

Den 1. November 1301 ass de Karl op Florenz komm, déi Verbannten, déi mat him komm sinn, hunn sech gerächt an dem Dante säin Haus ass zerstéiert ginn. De 27. Januar ass den Dante zu enger Geldstrof veruerteelt ginn, mä well en déi net bezuelt huet an aus Florenz geflücht war, ass en am Mäerz 1302 mat 14 vu sengen Kollegen zum Doud veruerteelt ginn. 1315 ass den Dante begnodegt ginn, an nees zu enger Geldstrof veruerteelt ginn. Den Dante huet déi Offer awer ofgeleent an en ass nees zum Doud veruerteelt ginn.

Exil an Doud [änneren]

Et ass net richteg bekannt wou den Dante sech während sengem Exil opgehal huet. 1307 huet en ugefaang seng Gëttlech Comédie ze schreiwen. Vun 1318 un huet hien zu Ravenna gelieft. Bei enger Rees op Venedeg gouf e krank an huet nees missen op Ravenna zeréckzegoen. An der Nuecht vum 13. op de 14. September ass e gestuerwen. E gouf zu Ravenna begruewen, wou en nach bis haut leit. Florenz wollt seng Läich, mä Ravenna huet refuséiert.

Bekannt Wierker [änneren]

  • Rime:

Ass den Ensemble vun alleguer de lyresche Gedichter déi den Dante säit 1283 geschriwwen huet. Dësen Ensembel besteet aus 90 Gedichter, déi meescht dovun si Libesgedichter.

  • Vita nova ("Dat neit Liewen"):

Ass entstan tëschent 1292 an 1295, an ass eng Autobiographie.

  • La divina comedia ("Déi gëttlech Comédie"):

Ass 1307 ugefaang a kuerz virum Dante sengem Doud fäerdeg ginn. Am Buch gëtt d'Rees vum Dante duerch d'Häll, d'Feegfeier an d'Paradäis beschriwwen. D'Häll gëtt an 9 Zierkelen ënnerdeelt, d'Feegfeier gëtt als Bierg duergestallt wou d'Mënschen mussen eroppilgeren fir an d'Paradäis ze kommen. D'Paradäis gëtt als Gaart vun Eden duergestallt.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Dante Alighieri – Biller, Videoen oder Audiodateien