Doudesstrof

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kaart vum Status vun der Doudesstrof an alle Länner vun der Welt
Blo: Doudesstrof ouni Ausnam ofgeschaf.
Hellblo: Doudesstrof am Krichsrecht.
Khaki: Zanter op d'mannst 10 Joer kee méi higeriicht.
Orange: Nëmme bei Erwuessenen ugewennt.
Rout: Uwennung och bei Jugendlechen.
Illustratioun aus "Le Dernier Jour d'un condamné" vum Victor Hugo
"Le pendu", Zeechnung vum Victor Hugo, 1854
Reconstitutioun vum Käppe vun der Mary, Queen of Scotts, Edison Studioe, 1895

D'Doudesstrof ass d'Ëmbrenge vun engem Mënsch op enger gesetzlecher Basis, als Strof fir e Verbriechen, fir dat hie schëlleg gesprach gouf. An der Regel geschitt dat opgrond vun engem Uertel, dat duerch d'Hiriichtung vum Schëllege vollstreckt gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zanter Joerdausende gi besonnesch schwéier Verbriechen duerch d'Hiriichte vun de Schëllege bestrooft. Eréischt zanter dem Zäitalter vun der Opklärung an Europa hunn d' Humanisten d'Recht vun den Autoritéiten, fir Mënschen hinzeriichten, ëmmer méi a Fro gestallt. Ee vun de bekanntsten humanisteschen a politesche Plaidoyeren ass sécherlech de Roman "Le dernier jour d'un condamné" vum Victor Hugo [1].

Zanter dem 18. Joerhonnert hu verschidde Staaten op d'Doudesstrof verzicht. Opgrond vun den Experienzen an de Weltkricher, besonnesch awer zanter de Joren 1970 bis 1990, hunn ëmmer méi Staaten d'Doudesstrof ofgeschaf oder net méi ausgeféiert.

Haut ass d'Doudesstrof am Strofrecht international ëmstridden. Si wërft villarteg ethesch, rechtlech a praktesch Froen op, virun allem déi vun hirer Kompatibilitéit mat de Mënschenrechter. Vill ONGen triede fir eng weltwäit Ofschafung, oder Net-Uwennung vun der Doudesstrof an. Als Schrëtt an déi Richtung fuerdert d'Vollversammlung vun de Vereenten Natiounen e weltwäite Moratorium fir Hiriichtungen.

D'Doudesstrof an der Welt (Stand 2006)[änneren | Quelltext änneren]

  • An 63 Länner ass d'Doudesstrof ganz ofgeschaf. An Däitschland war déi lescht Hiriichtung 1949, an der DDR 1981 durch Erschéissen, an a Frankräich 1977 duerch d'Guillotine.
  • A 16 Länner gëtt d'Doudesstrof nëmme bei schwéiere Verbriechen oder am Krichsfall applizéiert z. B. a Brasilien a Südafrika; a Groussbritannien besteet dës Regel nach, gëtt awer net méi applizéiert.
  • A 25 Länner ass d'Doudesstrof generell erlaabt, gëtt awer net praktizéiert.
  • An 100 Länner gëtt se praktizéiert z. B. Japan, Irak, Russland, USA, Vietnam.
  • 1996 goufe 4.272 Mënschen an 39 Länner higeriicht. A China eleng waren et der 3.500, mat direkt hannendrun der Ukrain, Russland an dem Iran. E bekannt Beispill ass d'USA, wou am Joer 1997 am Ganze 74 Mënschen higeriicht goufen. (Ref: Amnesty International)

D'Doudesstrof zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf d'Doudesstrof fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert. 1979 ass se per Gesetz ofgeschaf ginn, an 1999 gouf an der Verfassung festgehalen, datt se net méi agefouert ka ginn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Doudesstrof zu Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

Aarte vun Hiriichtungen[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Justiziertemer déi eng Doudesstrof als Folleg haten[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Theorie

  • Paul Althaus: Die Todesstrafe als Problem der christlichen Ethik. Verlag der Bayerischen Akademie der Wissenschaften 1955, ASIN B0000BFRZA
  • Karl Barth: Die Kirchliche Dogmatik III /4 (Die Lehre von der Schöpfung/ Das Gebot Gottes des Schöpfers), §55 Freiheit zum Leben. (1. Auflage 1951)
Gebundene Ausgabe (3. Auflage Zürich 1969, S. 513–580), ISBN 3-290-11013-3
Studienausgabe Band 20, Zürich 1993, ISBN 3-290-11620-4
  • Albert Camus: Die Guillotine. Betrachtungen zur Todesstrafe. In: Fragen der Zeit. Rowohlt, Reinbek 1997, ISBN 3-499-22195-0
  • Robert Badinter: L'abolition. Fayard, Paris 2000
  • Arthur Koestler, Albert Camus, E. Müller-Meinigen, Jr. Und F. Nowakowski: Die Rache ist mein. Theorie und Praxis der Todesstrafe. Ernst Battenberg Verlag, Stuttgart 1961
  • Hans J. Pieper (Hrsg.): Hat er aber gemordet, so muss er sterben. Klassiker der Philosophie zur Todesstrafe. Dr. Günter Seubold, Alfter 2003. ISBN 3-935404-11-5
  • Frank Müller: Streitfall Todesstrafe. Patmos, Düsseldorf 1998. ISBN 3-491-72380-9
  • Dieter Reicher: Staat, Schafott und Schuldgefühl. Was Staatsaufbau und Todesstrafe miteinander zu tun haben. Leske+Budrich, Opladen 2003, ISBN 3-8100-3831-8

Geschicht

Statistik

  • Michael Kahr: Todesstrafe 2004. Jahrbuch. Kahr Media, Fürstenfeldbruck 2004. ISBN 3-935678-04-5

Literatur

  • Hugo, Victor, 2001. Le dernier jour d'un condamné. Claude Gueux. L'Affaire Tapner. Préface de Robert Badinter. Édition de Guy Rosa. Le livre de poche.
  • Hugo, Victor, 2002. Écrits sur la peine de mort. Lecture de Raymond Jean. 2° éd., 294 pp. Actes Sud, Arles.
  • Hugo, Victor, 2005. Der letzte Tag eines Verurteilten. Anakonda, Köln. ISBN 3-938484-52-7. (Franz. Erstausg. bei C. Gosselin, Paris 1829)

Aktualitéit

  • Christan Boulanger (Hrsg.): Zur Aktualität der Todesstrafe, interdisziplinäre und globale Perspektiven. Berlin-Verlag, Berlin 2002 (2.Aufl.). ISBN 3-8305-0277-X
  • Silke Porath: Auge um Auge – Todesstrafe heute. Gipfelbuch-Verlag, 2006, ISBN 3-937591-31-1

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. De Victor Hugo war ëmmer erëm mat der Guillotine confrontéiert an huet der Gesellschaft virgeworf, genee dat ze maachen, wat si dem Ugeklote virwërft. Enges Daags, nodeem de Victor Hugo gesinn huet wéi op der Plaz vum "Hotel de Ville" d'Guillotine agefett gouf fir eng Hiriichtung déi deeselwechten Owend virgesi war, huet hie sech direkt un d'Aarbecht gemaach, an an 3 Wochen d'Wierk Le Dernier Jour d'un condamné fäerdeg geschriwwen. Et gouf 1829 beim Editeur Gosselin zu Paräis anonym publizéiert. Eréischt 3 Joer duerno, de 15. Mäerz 1832, koum eng erweidert Editioun eraus mat engem signéierte Virwuert vum Auteur.
    Zwee Joer drop huet de Victor Hugo säi Roman Claude Gueux publizéiert, e manner bekannte Plaidoyer fir eng sozial Justiz a géint d'Doudesstrof, déi am selwechte Joer 1834 eleng duerch d'Guillotine 40 Mol a Frankräich applizéiert gouf. "Claude Gueux" ass d'Geschicht vun engem aarme Schlucker dee wéinst Klaue veruerteelt gëtt an a senger Verzweiwelung de Prisongsdirekter vu Clairvaux (F) ëmbréngt. D'Intrigue ass eng Prefiguratioun vum Roman Les Misérables, dat bal 30 Joer méi spéit weltwäit zum Bestseller gëtt. (Source: Frank Wilhelm op www.victor-hugo.lu).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Death penalty – Biller, Videoen oder Audiodateien