Diskussioun:Doudesstrof
Untitled[Quelltext änneren]
Mojen Ernmuhl, ech félicitéieren fir dësen immens wichtegen an interessanten Artikel an ech konnt mech nët zréckhalen fir e Pefferkär beizeleen, wous Du nach am Gaange wors ze schreiwen. Et wier nawell och interessant ze wëssen, ween 1949 dee leschten "Exekutéierten" zu Lëtzebuerg war, warscheinlech eng Geschicht vum 2. Weltkrich. Mat beschte Gréiss vum --PlayMistyForMe 12:05, 2. Aug. 2008 (UTC)
- Moien, Ech hu grad am "Gielemännercher"-Artikel am Almanach vum Joerhonnert nogekuckt: D'Nazi-Kollaborateure goufen all duerch Erschéissen exekutéiert. Ween a firwat guillotinéiert gouf, sichen ech weider... --Zinneke 20:01, 2. Aug. 2008 (UTC)
- Dat gëtt jo da spannend. --PlayMistyForMe 20:19, 2. Aug. 2008 (UTC)
Salut,
Wann d'Guillotine am Musée stoung, gleewen ech kaum datt se nom Krich gebraucht gouf. D'Erschéisse war och vill méi einfach, déizäit. Les Meloures 20:42, 2. Aug. 2008 (UTC)
- Remoien an dëser Saach no 6 Méint.
- Ech mengen nodeems ech den Artikel elo e bësselchen opgefëllt hunn dierft kloer sinn datt Doudesstrof d'Erschéisse war, wéi an de verschiddene Gesetzer no 1944 festgehale gouf. Et stëmmt zwar nach eppes mat der der Zuel vun de Veruertelten nom Krich net. Ech setzen mar emol d'Tabell dran déi am Projet de loi vun 1978 opgefouert gouf. Do gouf wéi et schéngt entweder en däitsche Krichverbiecher vergiess, oder en ass an d'Roll vun engem Kollaboratuer gedréckt ginn, a gëtt dofir net mam Numm genannt. An deem Fall wieren nëmmen 11 lëtzebuergesch Kollaboratuere verurteelt ginn. Les Meloures 23:58, 28. Feb. 2009 (UTC)
Moien,
Firwat huet de Justiz- a Kulturminister een Ausruffzeechen hanner der Kultur. Verstinn ech do eppes net. Les Meloures 13:53, 2. Aug. 2008 (UTC)
- Wann de Justizminister nët och Kulturminister gewiescht wier da wier dat nët sou evident gewiescht. Oder géif den heitege Justizminister d'Doudesstroof ofschafen, wann sie nach a Kraaft wier? freet sech de --PlayMistyForMe 14:31, 2. Aug. 2008 (UTC)
- Remoien,
- Fir do genee ze wësse wat de Robert Krieps als Initiateur dermat ze dinn huet misst een de Chambersbericht vum 17. Mee 1974 hunn. An där Sitzung gouf Follgendes declaréiert: il y a lieu de procéder à la revision de l'article 18 de la Constitution qui prévoit que la peine de mort .. etc . De Robert Krieps huet dunn an der Regierungsperiod déi de 15. Juli ugefaangen huet den Arrêté geholl fir eng Comissioun anzesetzen déi de Problem sollt ënner d'Lupp huelen. Les Meloures 10:50, 1. Mäe. 2009 (UTC)
Executioun vum Saddam Hussein[Quelltext änneren]
Ech hunn de Link rëm weggeholl, ech denken dat passt nët sou gudd heihinner a werft zevill Froen op, speziell wa Jugendlecher géngen déi Säit besichen? oder wat mengt Dir? freet de --83.222.36.122 20:38, 2. Aug. 2008 (UTC) D'aoggen huet nët gehalen, --PlayMistyForMe 20:41, 2. Aug. 2008 (UTC)
- Ech mengen déi Jugendlech déi de Link op der Wiki fannen, fannen deen och soss entzwousch, an nach vläicht éischter. An enger Sich iwwer den Hussein fënnt en deen éischter enzwousch anescht, wéi op der Wiki. Menger Meenung no kann dee roueg stoe bleiwen. Les Meloures 20:47, 2. Aug. 2008 (UTC)
D'Doudesstrof an der Welt (Stand 2006)[Quelltext änneren]
Mojen, et wier vläischt besser fir d'Quell genee unzeginn a nët de Stand am Titel mat unzeginn, z.B. sou:
D'Doudesstrof an der Welt[Quelltext änneren]
E klengen Aféierungssaaz iwert d'Quell an de Stand vun den Informatiounen[1]
- An 63 Länner ass d'Doudesstrof ganz ofgeschaf. An Däitschland huet déi lescht Hiriichtung 1949 stattfond, an der DDR 1981 durch Erschéissen an a Frankräich 1977 duerch Käppen.
- A 16 Länner gëtt d'Doudesstrof nëmme bei schwéire Verbriechen oder am Krichsfall applizéiert z.B. a Brasilien a Südafrika; a Groussbritannien besteet dës Reegel nach, gëtt awer net méi applizéiert.
- A 25 Länner ass d'Doudesstrof generell erlaabt, gëtt awer net praktizéiert.
- An 100 Länner gëtt se praktizéiert z.B. Japan, Irak, Polen, Russland, USA, Tierkei, Vietnam.
- 1996 goufen 4272 Mënschen an 39 Länner higeriicht. A China alleng waren et der 3500, direkt gefollegt vun der Ukraine, Russland an dem Iran. E bekannt Beispill ass d'USA, am Joer 1997 am ganzen 74 Mënschen higeriicht goufen.
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ mat enger Referenz mat der geneeër Zitatioun vun der Quell. "Amnesty International" geet dobäi nët duer, evtl. eng URL oder e Wierk uginn, sou dass d'Quell novollzéibar ass. Oder awer bei all Ausso eng Referenz uginn, soudass och aaner Quellen kënne beigemëscht ginn.
--PlayMistyForMe 09:18, 3. Aug. 2008 (UTC)
1945-1979[Quelltext änneren]
Affaires politiques | Uertel | Begnodegt | Executéiert |
---|---|---|---|
1. X | 4. 6.1945 | 30. | 6.1945|
2. X | 13. | 9.19459.11.1945 | |
3. X | 9. 5.1946 | 22. | 6.1946|
4. Damien Kratzenberg | 1. 8.1946 | 11.10.1946 | |
5. X | 7.12.1946 | 13. | 2.1947|
6. X | 17.12.1947 | 4. 3.1948 | |
7. X | 17. | 3.194824. | 6.1948|
8. X | 24. | 3.194824. | 2.1949|
9. X | 25. | 6.194813.10.1948 | |
10. X | 3. 5.1949 | (par contumace) | |
11. X | 29. | 7.194912.12.1949 | |
12. Hillebrand Wilhelm | 23. | 7.194913. | 4.1950|
13. Hartmann Fritz | 27. | 2.195120.12.1951 | |
14. Dietrich Herbert | 27. | 2.195120.12.1951 | |
15. X | 31. | 7.195119. | 6.1952
Affaires de droit commun | Uertel | Begnodegt | Executéiert |
---|---|---|---|
1. X | 2.12.1947 | (par contumace) | |
2. X | 4. 5.1948 | 7. 8.1948 | |
3. X | 11. | 2.195830. | 5.1958
Moien,
Huet een d'Méiglechkeet fir nozekucke wéi et am Europäesche Recht mat der Doudestrof ausgesäit. Les Meloures 10:24, 1. Mäe. 2009 (UTC)
- Wann s de mat "europäeschem Recht" d'EU-Recht mengs, da gesäit et do no (nach) näischt aus. Ech erkläre mech: D'Doudesstrof gëtt an der Charta vun der Grondrechter vun der Europäescher Unioun de:Charta der Grundrechte der Europäischen Union ausdrécklech verbueden (Artikel 2). Allerdéngs ass dës Charta bis ewell just eng "feierlech Erklärung" vun de Memberstaaten, ouni juristesch Verbindlechkeet. Se hätt sollen Deel vun der Europäescher Verfassung ginn, mee dat wollte bekanntlech d'Fransousen an d'Hollänner net. Se ass och Deel vum Traité vu Lissabon, an och do musse mer waarden, wat d'Ire soen, wann se fir d'zweet gefrot ginn, ier dës Charta Deel vum EU-Recht ass.
- Mee och falls näischt aus dem Traité, an domat der Charta géif: An deenen eenzele Memberstaten ass se och iwwerall ofgeschaaft, an dës Ofschafung ass och Conditioun fir kënne Member ze ginn.
Merci Les Meloures 23:41, 2. Mäe. 2009 (UTC)
Polen huet als Member vun der EU mat Sécherheet keng Doudesstrof méi. Weder haut nach 2006.