Mykene

Vu Wikipedia
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.
Eng mykenesch Fra.

Mykene (algr.: Μυκήνη/Mykēnē oder Μυκῆναι/Mykēnai, neigr.: Μυκήνες/Mikines, lat.: Mycenae) war a virklassescher Zäit eng vun de wichtegste Stied vu Griicheland. D'Stad louch am Flaachland vun Argos, um Landwee tëscht dem südleche Peloponnes an dem Isthmus vu Korinth, deen d'griichesch Hallefinsel mat Athen an dem Norde vu Griicheland verbonnen huet.

1999 gouf Mykene mat Tiryns zu enger UNESCO-Weltkulturierwen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Enger griichescher Seechen no, huet de Perseus d'Stad Mykene gegrënnt. Op enger Rees huet sech den duuschtregen a midden Heros mat Waasser erfrëscht, wat hien aus dem Hutt vun engem Champignon gesammelt hat. Op dëser Plaz huet hien d'Stad gegrënnt, déi den Numm vum griichesche Wuert fir Champignon a sech dréit.

Déi spéider minoesch Period vu Kreta fält an de selwechten Zäitraum mam Opstig vun der éischter grousser Zivilisatioun vun der Bronzezäit vum griichesche Festland, der Mykenescher Kultur (1600-1050 v. Chr.), déi hiren Héichpunkt tëscht 1400 an 1200 v. Chr. erreecht huet.

Mykener gëllt och als Bezeechnung vun der griichescher Uewerschicht vun den Hellenen, déi den Homer Achaier nennt, an déi sech um griichesche Festland néiergelooss haten, a vill minoesch Kulturundeeler, warscheinlech vu Kreta an der Egäis, matbruecht haten. Um griichesche Festland si si op eng virindogermanesch (sougenannte mediterran) Bevëlkerung getraff, awer méiglecherweis och schonn op indogermanesch Stämm (Thraker?), déi scho méi fréi agewandert waren. Dës goufen ënnerworf an assimiliéiert. Méiglecherweis am Géigesaz zu der minoescher Kultur, an där de Fridden ënner enger zentraler Autoritéit ofgeséchert gouf, war d'mykenesch Zivilisatioun vun onofhängege Stied wéi z. B. Korinth, Pylos, Tiryns, Theben oder Mykene charakteriséiert.

D'Stied goufe vu Kinneke beherrscht, déi a Palaisen hanner massive Mauere gewunnt hunn. Zu de wichtegsten Zeie vun de Mykener gehéieren och Gold-Schmuckdeeler an Ornamenter (dorënner déi sougenannt Gëlle Mask vum Agamennon), déi den Heinrich Schliemann fonnt huet, an déi haut gréisstendeels am Nationalen Archeologesche Musée vun Athen ze fanne sinn, an déi typesch fir Kulten aus der spéider Bronzezäit sinn. Och d'Léiwepaart vu Mykene ass berüümt.

D'Mykener hunn an der Schrëft Linear B geschriwwen, hir mykenesch Sprooch konnt als eng fréi Form vu Griichesch entziffert ginn. D'Schrëft staamt vun der kretesch-minoescher Schrëft Linear A of.

Mykenesch Schrëften an der Linearschrëft B

De Gëtterkult vun de Mykener ass spéider e feste Bestanddeel vun der klassesch-griichescher Mythologie ginn. Als Grënner vu Mykene gëllt bei de Griiche vum Altertum de Perseus.

Déi fréist Siidlungspuere stame schonn aus dem Neolithikum. Déi gréisst Bléi hat Mykene am 14. an 13. Jh. v. Chr. D'Stad war bis an d'5. Joerhonnert ouni Ënnerbriechunge bewunnt. 468 v. Chr. gouf Mykene vun Argos eruewert, a seng Bewunner verschleeft. Duerno hunn nëmmen nach sporadesch Leit hei gewunnt, an am 3. Joerhonnert v. Chr. gouf Mykene entgülteg verlooss.

Am Homer sengem Eepos, der Ilias, gëtt Mykene als Haaptstad vum Kinnek Agamemnon ernimmt. Anerer hunn awer Theben als Haaptstad vun de mykenesche Griichen (Achäer) ugesinn.

Aflëss vun der mykenescher Zivilisatioun loosse sech och op Kreta fannen, wou d'Zerstéierung vun de minoesche Palaisen ëm 1450 v. Chr. opgrond vu mykeneschen Eruewerungen erkläert ginn ass. Allerdéngs kéint den Iwwergang vun der minoescher zu der mykenesch-griichescher Phas op Kreta och d'Folleg vun Naturkatastrophen an engem friddleche Kulturwiessel gewiescht sinn. Mykenesch Aflëss, virun allem an der Keramik, goufen och zu Troja fonnt, wou d'Handelsstroossen zum Schwaarze Mier kontrolléiert goufen, an Egypten, Mesopotamien an Italien.

Ëm 1200 goufen déi bis elo bekannte mykenesch Zentren um griichesche Festland zerstéiert. Wärend fréier als Ursaach d'Doresch Wanderung ugeholl gouf, ginn haut multikausal Zesummenhäng verantwortlech gemaach: Ausfall vun den Handelspartner am Osten, wat zu Wirtschaftskrise gefouert huet, Kricher tëscht de mykeneschen Zentren, Naturkatastrophen (en Erdbiewen an der Argolis konnt fir dës Zäit nogewise ginn), Opstänn asw. De mykenesche Palaissystem ass zwar zesummegebrach, mä d'mykenesch Kultur huet nach 150-200 Joer weider iwwerlieft, wéi nei Ausgruewungen zu Tiryns gewisen hunn.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Léiwepaart

Erhale sinn haut ë. a. d'Ruine vun der mykenescher Uewerstad. Hei gesäit een Iwwerreschter vun der zyklopescher Rangmauer an d'Léiwepaart. Dësen Numm krut d'Paart duerch déi zwee Léiwen, déi op engem Relief iwwer der Paart duergestallt sinn, dëst war den Haaptagank zu der Buerg. Warscheinlech gouf et ëm 1250 v. Chr. gebaut. Eng weider Paart stoung am Norden. Bei der Mauer loosse sech dräi Bauphasen erkennen: déi éischt (zirka 1350) gouf an der Mëtt vum 13. Joerhonnert duerch Verdeedegungsanlagen no Süden a Weste verstäerkt. Ëm 1200 v. Chr. gouf d'Mauer op en Neits verstäerkt. Vum mykenesche Palais um héchste Punkt vun der Uewerstad sinn nëmmen nach e puer Iwwerreschter ze fannen, well Deeler vum Palais a spéiderer Zäit intensiv iwwerbaut goufen. Den Trounraum war e grousst Gebai a Megaron-Form. Zum Palais goung et géi biergop (zirka 20%).

Eng grouss Bedeitung spillen och zwee grouss Griewerkreesser (A a B). Si waren allebéid duerch Stele markéiert. An de Griewer goufen Terrakotten, Toungeschier, gëlle Masken, Schmuck asw. fonnt. De Griewerkreess A gouf spéider an d'Buergmauer mat abezunn a gouf scho vum Schliemann entdeckt. De Griewerkrees B ass eréischt an den 50er Joren ausgegruewe ginn. Hei goufen zum Deel eeler Griewer wéi am Griewerkrees A fonnt, a stinn domat ganz am Ufank vun der mykenescher Period.

Weiderhi goufe bis ewell néng Kuppelgebaier fonnt, Grafkummeren. Si gi bis haut an der Fuerschung als "Schatzhaiser" ernimmt, a sinn no mythologesche Figuren, déi laut dem Homer hei geherrscht hu benannt. Dës Grafkummeren haten en enken Zougang (Dromos).

Iwwerreschter vu Mykene ware schonn zanter der wëssenschaftlecher Expeditioun vun de Fransouse (1822) bekannt. Mä eréischt zanter den Ausgruewunge vum Schliemann konnt ee méi genee Aussoen iwwer déi al Kinneksbuerg an hir Bauanlage maachen.

Hautdesdaags ass gewosst, datt virun allem déi Minoesch Kultur e staarken Afloss op d'mykenesch Griichen hat. Awer och Aflëss aus Egypte konnten nogewise ginn. Sou konnt de Versuch vun enger Mumifizéierung nogewise ginn.

Mykene hat ausserdeem eng grouss Ënnerstad, déi awer bis haut nëmme wéineg erfuerscht ass.

Ausgruewungen[änneren | Quelltext änneren]

Als ee vun den Éischten huet den Englänner Lord Elgin 1802 zu Mykene Ausgruewungen ugefaangen. 1868 huet den däitschen Archeolog an Entdecker vun Troja Heinrich Schliemann d'Plaz besicht, awer eréischt 1876 mat Ausgruewungen ugefaangen. 1884 an 1885 huet de Schliemann zesumme mam Wilhelm Dörpfeld op en Neits am Buedem gegruewen.

Griichesch Mythologie[änneren | Quelltext änneren]

An der griichescher Mythologie war d'Mykene d'Duechter vum Flossgott Inachos an der Melia. Hir Gesëschter waren Io, Aigialeus a Phoroneus.

Mythesch Kinneke vu Mykene[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • John Chadwick, The Mycenaean World, Cambridge University Press, 1976. (ISBN 0-521-21077-1)
  • Emily Vermeule, Greece in the Bronze Age, University of Chicago Press, 1964. (LC 64-23427)
  • Martin P. Nilsson, The Mycenaean Origin of Greek Mythology, 1932, University of California Press. (ISBN 0-520-01951-2)
  • George E. Mylonas, Mycenae's Last Century of Greatness, Sydney University Press, 1968. (SBN 424-05820-3)
  • Leonard R. Palmer, Mycenaeans and Minoans, 1961.
  • M. I. Finley, Early Greece, The Bronze and Archaic Ages, W. W. Norton & Company, 1981. (ISBN 0-393-01569-6)
  • Reid Bryson an Thomas J. Murray, Climates of Hunger, University of Wisconsin Press, 1977. (ISBN 0-299-07370-X)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mykene – Biller, Videoen oder Audiodateien


Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.