Agamemnon

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Agamemnon war de legendäre Kinnek vu Mykene, Jong vum Atreus an der Aerope, Brudder vum Menelaos, dem Mann vun der Helena.

Genealogie[änneren | Quelltext änneren]

Den Agamemnon huet d'Klytaimnestra bestuet nodeem en hiren éischte Mann an hiert Kand besäitegt hat. Zesummen hate se d'Kanner Chrysothemis, Elektra, Iphigeneia an Orestes.

Trojanesche Krich[änneren | Quelltext änneren]

Déi sougenannt Mask vum Agamemnon (ausgegruewe vum Heinrich Schliemann am Joer 1876 zu Mykene)

Am Trojanesche Krich huet den Agamemnon, deen eng Aart Virrangstellung ënner den Hellenen hat, den Uewerkommando iwwer d'Griiche geholl. De mythesche Grond fir den Trojanesche Krich war d'Entféierung vum Helena, der Fra vu sengem Brudder Menelaos, duerch de Paris. Den Agamemnon huet seng Arméi versammelt, mä si konnte net direkt a Séi stieche well d'Artemis hinne Géigewand geschéckt huet. De Grond dofir war dat den Agamemnon zu Aulis eng Hirschkou déi hir helleg war erluecht hat a sech domat gebretzt huet dat hien e bessere Jeeër wéi si wier. D'Gëttin huet verlaangt fir dat erëm gutt ze maachen, misst hien hir seng Duechter Iphigeneia afferen. Op urode vum Séier Kalchas huet en dat dunn och gemaach. (Enger anerer Versioun no hat d'Artemis Matleed an huet en Hirsch geschéckt deen am Iphigeneia senger Plaz geaffert ginn ass.)

Den Agamemnon, den d'Ilias als arrogant an egoistesch weist, féiert d'Achaier mat Stäerkt, mä awer ouni ëmzekucken an eegenëtzeg. Him huet och de Wäitbléck gefeelt. Doduerch datt hien dem Achilles seng Krichstrophée, d'Sklavin Briseis, entfouert a fir sech beusprocht huet, huet en d'Achaier an eng Crise gestierzt, well den Achilles sech schwéier gekränkt vum Kampf zeréckgezunn huet.

No zéng Joer Belagerung ass Troja gefall an den Agamemnon goung mat der trojanescher Prinzessin Kassandra op Mykene zeréck. Do ass en du vu senger Fra Klytaimnestra an hirem Amant Aigisthos an der Bidden erdolcht ginn, als Strof dofir datt hien hir gemeinsam Duechter Iphigenaia geaffert huet (respektiv dozou bereet gewiescht wier). Och d'Kassandra ass ëmbruecht ginn. Wéinst dëser Dot huet hire Jong, den Orestes Jore spéider seng Mamm ëmbruecht.

1876 entdeckt den Heinrich Schliemann bei Ausgruewungen zu Mykene eng gëlle Mask, déi dem Agamemnon gehéiert hu soll. No haitegen Erkenntnesser staamt d'Goldmask vum Agamamnon awer aus fréierer Zäit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Agamemnon – Biller, Videoen oder Audiodateien