(911) Agamemnon

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Agamemnon (Asteroid))
(911) Agamemnon
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Jupiter-Trojaner (L4)
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 5,251 A.E.
Exzentrizitéit 0,066
Sideresch Ëmlafzäit 4395,09 Deeg
Inklinatioun 21,8 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 166,66 +- 3,9 km
Albedo 0,044
Absolut Hellegkeet 7,89M
Spektralklass D
Entdeckung
Entdecker Karl Wilhelm Reinmuth
Entdeckungsdatum 10. Mäerz 1919
Plaz Observatoire vun Heidelberg
Aner Bezeechnungen 1919 FD, 1937 QD


Den Asteroid (911) Agamemnon ass e Jupiter-Trojaner, deen 1919 vum Karl Wilhelm Reinmuth um Observatoire zu Heidelberg am Lagrange-Punkt L4 vum Jupiter entdeckt gouf.

Den Agamemnon beweegt sech an engem Ofstand vu 4,904 (Perihel) bis 5,597 (Aphel) astronomeschen Eenheeten a ronn 12 Joer ëm eis Sonn. D'Bunn ass 21,8° géint d'Ekliptik gebéit an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,066. Säin Duerchmiesser huet ongeféier 167 Kilometer.

Den Asteroid gouf nom mythologeschen Held Agamemnon genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]