Karl Wilhelm Reinmuth

Vu Wikipedia
Karl Wilhelm Reinmuth
Gebuer 4. Abrëll 1892
Heidelberg
Gestuerwen 6. Mee 1979
Heidelberg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Astronom

De Karl Wilhelm Reinmuth gebuer de 4. Abrëll 1892 a gestuerwen de 6. Mee 1979 war en däitschen Astronom, deen am Observatoire Königstuhl bei Heidelberg geschafft huet.

De Reinmuth entdeckt zwéi kuerzperiodesch Koméiten, den 30P/Reinmuth an de 40P/Reinmuth souwéi 395 Asteroiden, dorënner den Asteroid Apollo, deen den Asteroide vun der Apollo-Grupp den Numm ginn huet, an deenen hir Bunnen d'Äerdbunn kräize kënnen. Dem Reinmuth seng Asteroidenentdeckunge falen an den Zäitraum vun 1914 bis 1957.

Besonnesch spektakulär war seng Entdeckung vum Asteroid (69230) Hermes 1937, deen eréischt 2003 mam LONEOS-Programm erëmfonnt gouf. D'Berechnunge fir déi Bunn huet den däitschen Astronom Friedrich Gondolatsch opgestallt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Herschel-Nebel, De Gruyter, Berlin 1926
  • Katalog von 6.500 genauen photographischen Positionen kleiner Planeten, Braun, Karlsruhe 1953

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert D. McGown: Reinmuth, Karl Wilhelm. In: Thomas Hockey et al. (Hrsg.): Biographical Encyclopedia of Astronomers, Springer, New York 2014, ISBN 978-1-4419-9916-0, S. 1816–1817.
  • J. Schubart: Karl Reinmuth †. Matdeelunge vun der Astronomescher Gesellschaft, Bd. 50 (1980), S. 7. (Noruff)
  • (en) Dr. Karl Reinmuth. The Minor Planet Bulletin, Volume 7 (1979), S. 10. (Noruff)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]