Astrophysics Data System

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo vum ADS

D'Astrophysics Data System (ADS) ass eng vun der NASA finanzéiert Datebank fir Fachliteratur op dem Gebitt vun der Astronomie a vun Astrophysik. Erfaasst sinn och Publikatioune aus der Physik an der Geophysik souwéi elektronesch Virofdréck vum ArXiv-System.

D'ADS ass déi gréisste Literatursammlung am Beräich vun der Astronomie. Informatiounen, Titel, Autoren, Zesummefaassungen (Abstract) an Zitéierheefegkeete si fräi zougänglech. Vill eeler Fachpublikatioune si vollstänneg ofruffbar, während nei Publikatiounen iwwer Linken gewéinlech nëmmen Abonnente virleien.

Am Mäerz 2008 waren 1,50 Millioune Datesätz aus der Astronomie/Astrophysik, 4,13 Millioune aus der Physik an 0,47 Millioune ArXiv-Datesätz benotzbar.

D'Benotzerschnëttstell zeechent sech duerch en héije Fonktiounsëmfang aus. Wéinst der vergläichsweis spartanescher an einfacher Formatéierung vun de Websäite funktionéiert d'Duerstellung mat alle Browser.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen