Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl
Bléck iwwer d'Haaptgebai mat oppener Kuppel vum Bruce-Teleskop
Kategorie Héichschoulinstitut
Dréier Universitéit Heidelberg
Rechtsform Dréier Kierperschaft vum ëffentleche Recht
Standplaz vun der Ariichtung Heidelberg
Art vu Fuerschung ugewante Grondlagefuerschung
Fächer Naturwëssenschaft
Fachgebidder Astronomie, Astrophysik
Grondfinanzéierung Land Baden-Württemberg
Leedung Andreas Quirrenbach
Homepage www.lsw.uni-heidelberg.de
Koordinaten

De Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl ass ee vun der Universitéit Heidelberg bedriwwenen historesche Fuerschungsobservatoire. E steet um westleche Bierg vum Königstuhl bei Heidelberg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi ursprénglech Instrumenter vum Observatoire stamen aus dem 1774 gegrënnte Mannheimer Observatoire, dee wéinst Observatiounsverschlechterungen (Loftverschmotzung) am Joer 1880 provisoresch op Karlsruhe verluecht gi war. Duerno gouf eng nei Plaz fir den Observatoire gesicht an zum Schluss gouf sech fir de Königstuhl entscheet.

Den 20. Juni 1898 gouf den „Groussherzoglech Biergobservatoire“ duerch de Groussherzog Friedrich I. vu Baden feierlech ageweit. D'Astronomescht Institut bestoung ufanks aus zwéi konkurréierende Sektoren, dem astrophysikaleschen ënner dem Max Wolf an dem astrometreschen ënner der Leedung vum Karl Wilhelm Valentiner. De Valentiner war bis 1880 Direkter vum Mannheimer Observatoire an hat d'Verleeung no Karlsruhe initiéiert. 1909, no der Emeritéierung vum Valentiner, goufen déi zwéi Sektoren ënner der Leedung vum Max Wolf zesummegeluecht.

De Wolf hat schonn als Student e privaten Observatoire am Gaart vu sengen Elteren an der Heidelberger Märzgasse opgeriicht, deen hien am Laf vun der Zäit weider ausgebaut hat. Hien hat och d'Astrofotografie optiméiert an hat op fotografeschem Wee ee Koméit an den Nordamerikaniwwel entdeckt.

No senger Beruffung zum Biergobservatoire war et dem Wolf gelonge privat Stëfter fir d'Uschafung vu leeschtungsfäegen Teleskopen ze gewannen, dorënner d'US-amerikanenesch Sponsorin Catherine Wolfe Bruce déi Enn vum 19. Joerhonnert 10.000 US-Dollar gespent hat.

Haaptaarbechtsgebitt vum Observatoire war am Ufank d'Ënnersich vu kosmesche Gasniwwele souwéi d'Sich no Asteroiden. De Wolf, seng Mataarbechter an Nofolger hu bis an d'1950er Joren iwwer 800 Klengplanéiten entdeckt. 1906 gëtt hei den éischten Trojaner, de (588) Achilles, entdeckt.

Zesumme mam Johann Palisa zu Wien entstoung den éischte Stärenatlas fir d'Sich an Identifikatioun vun nei entdeckten Himmelskierperen.

Am Laf vun der Zäit goufen nei Teleskopen ugeschaaft a Laboratoiren opgeriicht. 1957 entstoung den Happel-Laboratoire fir Stralungsmiessungen.

Zanter 2005 ass den Observatoire net méi Landesinstitut, mä gouf zesummen mat dem Astronomesche Recheninstitut (ARI) an dem Institut fir Theoretesch Astrophysik (ITA) vun der Universitéit Heidelberg an dat nei gegrënnte Zentrum fir Astronomie vun der Universitéit Heidelberg (ZAH) integréiert a formt domat en Deel vun der Universitéit Heidelberg.

De Landesobservatoire schafft haut op de Gebidder vun der extragalaktescher an theoretescher Astrophysik, dem Gebitt vun de gliddege Stären an och der Instrumentéierung. En ass weider un internationale Projete vun der europäescher Raumfaartagentur, der däitsch-franséisch-spuenescher Organisatioun IRAM, dem europäesche Südobservatoire an der NASA bedeelegt, zur Zäit besonnesch um Lucifer-Projet fir de Large Binocular Telescope.

Doriwwer eraus ginn ëffentlech Himmelobservatioune an Astronomieprogramme fir Kanner ugebueden.

Am Joer 2006 huet den Andreas Quirrenbach d'Leedung vum Observatoire vu sengem Virgänger Immo Appenzeller iwwerholl.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Teleskope vum Landesobservatoire sinn a sechs Observatiounskuppelen ënnerbruecht.

  • D'Haaptgebai ëmfaasst ënner anerem d'Administratioun, e fäimechaneschen Atelier, eng Elektronikwierkstat, e Fotolabor, eng Schräinerei, Büroen, e Computerraum an eng ëmfangräich Bibliothek mat ronn 23.500 Bänn. Déi eelst Bestänn aus dem 18. Joerhonnert stamen nach aus dem Mannheimer Observatoire.
  • De Bau vum Happel-Laboratoire geet op eng Stëftung vum Konschtmoler Karl Happel zréck. De Laboratoire huet ënner anerem eng Stralungsquell fir Plancksche Stralung (e Schwaarze Kierper) fir d'Kalibréierung vu Photometere fir d'Spektroskopie, optesch Miessariichtungen fir d'Entwécklung vun optesche Systemer, souwéi en zentrale Computer.
  • De fréiere Meridiansall ass haut den „Ost-Institut“ a gëtt als Auditorium, Montageraum a fir d'Archive vu fotografesche Placke gebraucht.
  • Am Nord-Institut sinn Aarbechts- a Gäschtzëmmer.
  • An engem Wunnhaus si Mataarbechter vum Observatoire mat hire Familljen ënnerbruecht.

Op dem Terrain ass e Planéitewee fir d'Explikatioun vum Sonnesystem installéiert.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

De Kannrefrakter, genannt no sengem Stëfter dem L. Kann) mat 8 Zoll (20 cm) Ëffnung an dräi Meter Brennwäit mat Holztubus op enger parallaktescher Montéierung stellt dat eeésten Teleskop vum Observatoire duer. Et gouf schonn am Joresbericht fir 1894 vum Observatoire Karlsruhe ernimmt. Ufanks fir d'visuell Observatioun vun Duebelstären agesat, gëtt et haut nëmme fir ëffentlech Féierungen (z. B. fir Sonnenobservatiounen) gebraucht.

De Bruce-Duebelastrograph vum Landesobservatoire

D'Bruce-Teleskop (genannt no der Sponsorin) ass en Astrograph. Et handelt sech ëm een duebele Refrakter, deen aus zwéi 40 Zentimeter Teleskope besteet, mat zwéi Meter Brennwäit fir d'Fotografie, montéiert um laange Leetteleskop mat 25 Zentimeter Ëffnung a véier Meter Brennwäit. Mat deem Instrument, dat 1900 a Betrib gaange war, goufen Dausende vu fotografesche Placken opgeholl a vill Asteroiden entdeckt, deelweis a Kooperatioun mam Johann Palisa zu Wien. E Katalog mat de Placken steet am Internet. Haut gëtt den Duebelteleskop just nach bei Visitten agesat.

E Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop vun der Firma Carl Zeiss, mat 75 Zentimeter Haaptspigelduerchmiesser a sechs Meter Brennwäit, gouf 1977 a Betrib geholl. Den Teleskop huet eng azimutal Montéierung a gëtt op béiden Achse computergesteiert nogefouert. Agesat gëtt et virun allem fir Himmelsfotoe vu Galaxien a Stärekéip mëttels CCD-Kamera, meeschtens am roude Spektralberäich vum Liicht. Et gouf 2005 am Kader vum ATOM-Projet (automatescht Teleskop fir optesch Observatiounen) no Namibia transportéiert.

En Cassegrain-Teleskop, mat 70-Zentimeter-Haaptspigel a 5,6 Meter Brennwäit, aus eegener Produktioun, gouf 1988 a Betrib geholl. Agesat gëtt et fir d'Iwwerwaachung vu variablen Objeten, wéi z. B. Quasaren, mëttels CCD-Kamera.

Den drëtten aktiv fir d'Fuerschung agesaten Teleskop ass de Waltz-Teleskop (och no senger Stëfterin genannt), en 72-Zentimeter-Newton-Teleskop, deen am Nasmyth-Fokus bedriwwe gëtt. E gouf 1906 a Betrib geholl a war den éischte Groussteleskop vu Carl Zeiss. Do ass am Allgemengen e Spektrograph ugeschloss.

E Schmidt-Teleskop mat 40 Zentimeter Duerchmiesser an 90 Zentimeter Brennwäit gouf 1963 an der eegener Wierkstat vum Institut hiergestallt. Den Teleskop huet e grousst Gesiichtsfeld vu véier Grad an eegent sech besonnesch fir d'Ophuele vu Stärefelder. A Verbindung mat engem Objektivprisma konnte vill Stärespektre gläichzäiteg opgeholl ginn.

E weidere Cassegrain-Teleskop mat 50-Zentimeter-Haaptspigel a 6,95 Meter Brennwäit gouf 1978 och an der eegener Wierkstat gebaut. Haaptasazgebitt war d'Stärphotometrie a –polarimetrie.

En historesche Sechszoll-Refrakter aus dem Joer 1859 gouf bis 1924 fir Ausmiessunge vu Stärekéip souwéi fir Léier- an Übungszwecker gebraucht an dunn stëllgeluecht. 1957 gouf d'Instrument un d'Stad Karlsruhe verschenkt. Do ass en d'Grondlag fir den Opbau vum Volleksobservatoire Karlsruhe.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl – Biller, Videoen oder Audiodateien