Johann Palisa

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Johann Palisa (ëm 1900)

De Johann Palisa, gebuer de 6. Dezember 1848 zu Troppau, Éisträichesch Schlesien a gestuerwen den 2. Mee 1925 zu Wien, war en éisträicheschen Astronom.

De Palisa war duerch d'Entdeckung vun 123 Asteroide bekannt, souwéi duerch d'Editioun vu Stärenatlanten. Hien huet 1872 als Leeder vum Marine-Observatoire zu Pola ëstlech vun Triest geschafft. Obwuel hien do nëmmen e 15 cm-Refrakter hat, konnt hien awer geschwë säin éischten Asteroid entdecken.

Sai gréisst Uleies war, d'Sécherung an eng verléisslech Bunnbestëmmung vun den neien Asteroiden, well anerwäerts duerch schlecht Koordinaten dacks Himmelskierper verluer goungen.

Am Joer 1880 wiesselt hien op den Universitéitsobservatoire Wien op eng Assistenteplaz, fir um deemools weltgréissten 68 cm-Refrakter miessen ze kënnen. Vun do aus reforméiert hien d'Bunnberechnunge vun den Asteroiden op internationaler Basis. De Palisa lokaliséiert d'Haaptasteroidenceinture (mean belt) – do wou déi meescht Asteroiden ëmlafen – bei 2,2 bis 3,6 Astronomesch Eenheeten a fënnt e puer Bunnen, déi bis zum Mars reechen.

Zesumme mam Max Wolf zu Heidelberg féiert hien nei Techniken an, ë. a. den éischte Stärenatlas fir d'Sich an d'Identifikatioun, awer och fir de Gebrauch an der Astrophysik. Spéider entstinn déi fotografesch Wolf-Palisa-Stärekaarten op 210 Blieder.

De Palisa bedreift och Mound- a Sonnefuerschung, z. B. bei der Expeditioun 1883 fir d'Sonnendäischtert op Tahiti, an d'Sich no dem hypothetesche sonnennoen Planéit Vulcanus. Hien editéiert zwéi Stärekataloge mat 4700 geneeë Stäreplazen – wichteg Grondlag fir d'Sécherung vun der Bunn, woufir hien 1906 de Präis vun der Paräisser Akademie krut.

Véier vu sengen Asteroide sinn nach haut Fuerschungsthemen. Den éischten „Amor-Planetoid“ (719) Albert (1911) ass zwar verluer gaangen, gouf awer 2000 um Spacewatch Teleskop, Arizona no néng Joer Sich erëmfonnt. Hien déngt fir d'nodréiglech Analyse vu Jupiter-Bunnstéierungen.

Zwou Entdeckunge vum Palisa goufe vu Raumsonde besicht:

  • (216) Kleopatra gouf mat Radar-Antenne vermooss. Dobäi huet sech gewisen, datt dësen Asteroid eng laanggestreckt Form huet, déi un eng Hondsschank erënnert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wikisource: Bericht über die während der totalen Sonnenfinsternis vom 6. Mai 1883 erhaltenen Beobachtungen – Quellentexter