Pula

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pula
Wopen
Wope vun der Stad Pula
Basisdaten
Staat Kroatien
Geographesch Lag Gnome-globe.svg44° 51’ 54’’ N
     13° 50’ 25’’ O
Awunner 58.594 (2001)
Postcode 52 100
Telefonsprefix (+385) 052
Auto-Kennzeechen PU
Stadgliederung 16 Stadbezierker
Website http://www.pula.hr/
Politik
Buergermeeschter Boris Miletić (IDS/DDI)
De Kolosseum vu Pula
Lag vu Pula op der Kaart
Pula aus der Loft

Pula ass eng kroatesch Uertschaft déi op der südlecher Spëtzt vun der Hallefinsel Istrien un d'Mëttelmier stéisst an op eng dräidausendjäreg Geschicht zréckblécke kann.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Mat 70 % stellen d'Kroaten déi grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung duer. Ongeféier 30 % machen déi ethnesch Minoritéiten aus, vun deene ronn 13 % Serben, an 11,5 % Italiener sinn. Dobäi kommen d'Slowenen, d'Bosnier, d'Albaner, d'Ungaren, déi Däitsch, d'Sintien an d'Romaen. Déi jiddesch Gemeng huet haut nëmme méi 30 bis 50 Memberen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Kaart (ëm 1888)

Ënner dem Keeser Augustus gouf den Amphitheater gebaut. Hien ass haut ee vun den Haaptunzéiungspunkte vun der Stad. Nieft dem Amphitheater gëtt et nach aus der Zäit vum Augustus de Roum-an-Augustus-Tempel, déi deelweis nach erhale Stadmauer mat hire Paarten an d'Iwwerreschter vun zwéin Theateren.

Beim Zerfall vum westréimesche Räich am 5. Joerhonnert hunn d'Ostgoten d'Herrschaft iwwer Pula iwwerholl. De Keeser Justinian huet Pula am 6. Joerhonnert fir d'Ostréimescht Räich eruewert; d'Stad gouf zum Flottestützpunkt vun de Byzantiner ausgebaut. An der zweeter Hallschent vum 6. Joerhonnert sinn d'Slawen no Istrien virgedrongen, awer d'Küstenstied vun Istrien, dorënner och Pula, konnte se net anhuelen. Während d'éisträischescht Hannerland zanter dem Enn vum 8. Joerhonnert en Deel vum Frankeräich a spéider vum Réimesch-Däitsche Räich war, huet Pula nominell zum byzantinische Räich gehéiert, war awer praktesch onofhängeg.

Nom Zerfall vun der byzantinescher Muecht huet Pula sech no neien Alliéierte missen ëmkucken. Venedeg (Republik Venedeg) huet d'Plaz vum byzantinesche Keeser um Enn vum 11. Joerhonnert iwwerholl, a Pula huet 1150 mat der Lagunestad en Traité ofgeschloss, durch dee sech d'Stad méi oder wéineger der Herrschaft vun de Venezianer ënnerworf huet. Vun do un huet Pula misse mathëllefen, d'Keess vu Venedeg ze fëllen an huet sech um Bau an un der Ausstafféierung vu Galéie fir déi venezianesch Flott misse bedeelegen. Pula war och gezwongen Truppe bereetzestellen, wann d'Markusrepublik Krich gefouert huet. Méi spéit koum zousätzlech en Adlege vu Venedeg un d'Spëtz vun der Stadverwaltung vu Pula.

Bis zum Enn vun der Republik Venedeg am Joer 1797 blouf Pula een Deel vun där politescher Konstellatioun. Duerno gouf et zum Keeserräich Ëisträich geschloen.

An der Zäit vun Éisträich-Ungarn war d'Stad de Marinenhafe vun der Monarchie. Ausser den U-Booter vun der Éisträichescher Marine waren och däitsch U-Booter do stationéiert.

No dem Éischte Weltkrich gouf Pula vun italieneschen Truppe besat a gouf duerch d'Friddensverträg, sou wéi ganz Istrien zu Italien geschloen.

Um Enn vum Zweete Weltkich gouf d'Stad am Mee 1945 vu jugoslaweschen Truppen besat, an zesumme mat Istrien an d'jugoslawesch Deelrepublik Kroatien incorporéiert, eng Situatioun, déi am Friddensvertrag vun 1947 confirméiert gouf. E groussen Deel vun der Populatioun déi Italienesch geschwat huet, huet dorop d'Stad a Richtung Italien verlooss. Zesumme mat ganz Kroatien war Pula bis 1991 en Deel vu Jugoslawien.

Wirtschaft a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Fotogallerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pula – Biller, Videoen oder Audiodateien